Deprecated: Use of "self" in callables is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/a2-optimized-wp/core/A2_Optimized_CacheEngine.php on line 119
Projet de loi 8003 iwwert d’Gemengefusioun vu Groussbus a Wal – PIRATEN
Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Projet de loi 8003 iwwert d’Gemengefusioun vu Groussbus a Wal

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem Carlo Weber fir dee gudde schrëftlechen an erfrëschende Rapport. Ech huelen direkt déi zwou Gemenge beieneen, Groussbus-Wal a Bus-Waldbrie- demes, och merci de Gemengeréit an all de Vertrie- der, déi haut heihinner komm si fir dee fir si ganz wichtege Moment, wou vill Viraarbecht geleescht ginn ass an elo awer d’Aarbecht a sech richteg ufänkt, wou ee ka richteg upaken.

Mir Piraten begréissen a sech all Fusioun, déi d’Ge- menge kënne maachen. Mir hunn d’Meenung, dass mer bei 75 Gemengen op laang Siicht sollten am Land lande bei iwwer 5.000 Awunner, well mer ge- sinn, dass d’Erausfuerderunge fir d’Gemengen im- mens komplex ginn an dass een esou de Bierger en optimale Service ka bidden.

Ech verstinn awer och déi eenzel Bierger, déi hei- ansdo Bedenken hunn, wann eng Fusioun stattfënnt. Do muss een awer och ganz kloer soen, wann d’Ver- waltung fusionéiert, heescht dat net onbedéngt, dass ee seng Identitéit an deem Duerfkär, wou ee bis do- hinner gelieft huet, verléiert. Dofir ass eng Fusioun eng Risechance an dat dierf een op kee Fall negativ gesinn!

Mir Piraten sinn och der Meenung, dass, wann d’Fu- sioune kommen, se just iwwert e Referendum dierfe stattfannen, soudass mer d’Bierger matabannen. Well wat bréngt et, herno fusionéiert ze sinn, wann d’Bierger do net géife matzéien? Deementsprie- chend soll et d’Entscheedung vun de Bierger blei- wen. Et kann een awer op nationaler Eebene, ob dat elo d’Chamber oder d’Regierung ass, heiansdo den Ustouss ginn, fir dass de Ball richteg an d’Rulle kënnt, an e bëssen e Plang virginn, dass een eeben eist Zil, 75 Gemengen am Land, déi nächst Joren eng Kéier wäert erreechen.

A wat mech och gefreet huet: Et ass aus dem Carlo Weber senger Interventioun ervirgaangen, dass d’Musek fusionéiert. Als Musekspresident hunn ech selwer eng Kéier esou en Exercice matgemaach, wéi Rodange a Rolleng fusionéiert hunn, an ech weess, wéi schwiereg dat deemools war, an ech weess awer, wéi schéin et ass, wann herno d’Téin op de Concerten erauskommen. An dat ass eigentlech e symbolescht Bild fir d’Fusioun vun der Gemeng, well zwou Museke spillen zwar e bësse méi kleng Stécker, mee et kann een herno als fusionéiert Musek vill méi schéi Stécker spillen an et komme vill méi schéin Nouten eraus!

Merci.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll