Projet de loi 7986 iwwert déi gratis Hausaufgabenhëllef an de Maison-relaisen

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och vu mir als Éischt e grousse Merci un de Rapporter fir säi mëndlechen a schrëftleche Rapport.

Mir musse just virun d’Dier vun der Chamber kucken an da gesi mer dat, wat all Joer de Fall ass, nämlech datt fir vill Kanner am Land elo déi lescht Schoulwoch ugebrach ass, virun enger laang erseenter Summer- vakanz, op déi mer eis, mengen ech, alleguerte freeën. An domadder kreesen d’Gedanken elo mol als Éischt ëm Fräizäit a Spaass mat de Kolleegen.

Mee déi nächst Rentrée kënnt bestëmmt a se wëllt virbereet sinn, an dat net nëmmen am Beräich vun der formaler, mee eeben och am Beräich vun der nonformaler Bildung.

Dofir freeë mer eis haut, dësen Text ze stëmmen, deen hoffentlech ville Familljen am Schoulalldag zeguttkomme wäert. E käschtefräien Zougang zur nonformaler Bildung an och e gratis waarmt Mët- tegiesse kënne fir vill Famillje mat klenge Revenuen duerchaus eng grouss Entlaaschtung sinn. An dofir ënnerstëtze mer de virleiende Projet, och wa mer der Meenung sinn, datt et hei trotzdeem nach weider Ef- forten ze maache gëtt.

Kucke mer nämlech op de Volet vun der Chancë- gläichheet, op deen am Exposé des motifs jo awer sou gäre verwise gëtt, dann erkenne mer eigentlech séier, datt hei awer nach laang net all Kand déi selwecht Chancen huet. Kanner, déi a Gemenge wunnen, an deenen d’Betreiungsstrukture chronesch iwwerlaascht sinn an d’Waardelëschte laang voll sinn, hu keen Zou- gang zu der Offer, déi mam virleienden Text geschaf gëtt, an Elteren, déi Schichte schaffen, kënne mat dë- ser Offer och vill manner ufänke wéi Elteren, déi e klas- sesche Bürosjob maachen.

Dat ass besonnesch problematesch, wann ee be- denkt, datt d’Zil vum Projet sollt sinn, d’Kanner aus Famillje mat klenge Revenuen ze erreechen. Well zum Beispill grad am Botzsecteur oder och am Horeca, wou tendenziell méi niddreg Paie bezuelt ginn, ginn oft Aarbechtszäite gefrot, déi kengem typeschen Néng-halwer-sechs-Dag entspriechen. Hei muss

ee sech also d’Fro stellen, ob déi Leit, déi am drén-

gendste vun der Gratuitéit vun den offréierte Servicer profitéiere sollten, och tatsächlech en Accès dozou kréien. An déi Fro kann ee just beäntweren, wann een Zuele sammelt.

Ech denken dofir, datt et wichteg wier, no enger kuerzer Agewinnungsphas eng detailléiert Analys doriwwer ze maachen, wéi eng Kanner aus wéi enge Famillje vu wéi enge Betreiungsoffere profitéieren, fir esou ze gesinn, wéi d’Zuelen hei par rapport zum Akommes an der Beruffsspart vun den Eltere variéie- ren. Esoulaang sech hei frappant Ënnerscheeder sollte feststelle loossen, wäert een net vu Chancë- gläichheet schwätze kënnen.

An dat kann een och net, wann ee sech d’Wielméig- lechkeete vun de Familljen ukuckt, wat d’Betreiungs- modeller ugeet. De Bildungsministère betount zwar gären, datt et sech bei der nonformaler Bildung ëm eng Offer handelt, vun där ee profitéiere kann, mee net muss. Mee grad akommesschwaache Famill- je feelt dach ganz einfach oft de Choix. Si kënne sech net eraussichen, hir Kanner selwer doheem ze versuergen, well all déi staatlech Leeschtunge Saachleeschtunge sinn, déi ronderëm déi staatlech Betreiungsstrukturen dréien.

Wie seng Kanner selwer doheem wëllt versuergen, muss ouni staatlech Aiden auskommen oder mat ganz wéineg. An dat ass grad mat niddregen, mee och schonns oft mat mëttleren Akommessen – déi ominéis Mëttelschicht – onméiglech.

Hei maache mir Piraten eis säit Laangem staark fir e bore Chèque-service accueil, deen deene Famillje sollt ausbezuelt ginn, déi net vun der staatlecher Betreiung profitéiere wëllen, fir si net am Stach ze loossen. An ech mengen, wa mer an deene leschte Méint eng Kéier gekuckt hunn, wat op d’Question- parlementairë geäntwert gouf, wat eng Plaz an enger Crèche, wat de Chèque-service accueil deelweis pro Kand kascht, dann ass dat nawell substanziell.

Nee, et däerfen net just déi, déi sech et leeschte kën- nen, e Choix hunn, mee jidderee muss de Choix kën- nen hunn. Leider enthält dësen Text keng esou eng Dispositioun, mee ëmmerhi verbessert en d’Situa- tioun vun deene Familljen, déi sech fir eng Betreiung an enger Maison relais entscheet hunn an d’Chance haten, eng Plaz ze kréien.

Dat ass ëmmerhin en Ufank. Et ass awer sécherlech net d’Enn vum Wee, mee trotzdeem wäerte mir Pira- ten dofir dëse Projet de loi matstëmmen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a