M. Sven Clement (Piraten) | Ech soen der Madamm Beissel Merci, datt se eis elo grad „nobel“ genannt huet; ech huelen dat Kompliment gären un.
Mir gi mat dësem Gesetzesprojet eisen Accord fir d’Nairobi-Konventioun. D’Madamm Beissel, mee och d’Rapportrice, d’Madamm Mutsch, huet dat virdrun exzellent souwuel am mëndleche wéi am schrëftleche Rapport schonn duergeluecht.
Mir wëllen awer nach eng Kéier drop opmierksam maachen, datt mer net ganz averstane si mat der ge- nereller Politick vu bëlleg Flaggen a vun de Pavillons de complaisance. Iwwer 200 Schëffer fueren ënner lëtzebuergeschem Fändel dobaussen op de Weltmie- rer. Mir sinn als Staat fir dës Schëffer – an dat gesäit jo och dëse Gesetzesprojet vir – responsabel. An de Rapport vun 2018 vum Commissariat aux affaires maritimes huet kloer gewisen, datt et Problemer gëtt, wann et ëm d’Aarbechtsbedéngungen op deene Schëffer geet. Et geet net nëmmen ëm de Recyclage vun den Epaven herno, mee et geet och drëm, wéi déi Leit, déi op deene Schëffer schaffen, schaffen. An ech mengen, mir hate virdrun eng Heure d’actualité, wou et ëm Aarbechtsbedéngunge gaangen ass, ëm Aarbechtszäiten, ëm Aarbechtsmodalitéiten, ma mir missten eis u sech och nach eng Kéier d’Aarbechts- bedéngungen op de Schëffer ënnert dem lëtzebuer- gesche Pavillon maritime zu Gemitt féieren.
An dofir mengen ech … Jo, mir hunn dat d’lescht Joer gemaach, an no dem Rapport … Mir waarden elo op de Rapport, ob dat dann och gegraff huet. An ech hoffen, datt et gegraff huet, mee ech fäerte ganz, datt mer nach eng Kéier mussen noleeën.
An dofir nach eng Kéier en Appell un d’Regierung,fir do nach eng Kéier eng Schëpp bäizeleeën. Wann et e Kuelendampfer wär, géif ee soen: Gitt nach e bësse méi Drock op de Kessel, fir datt dat weidergeet.
Ech soen Iech Merci.