M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Den A400M ass en erfollegräichen europäesche Pro- jet. A mir kënnen och frou sinn, dass dee Fliger do war, fir zum Beispill an Afghanistan schnell agesat kënnen ze ginn an d’Leit do ze retten.
Mir Piraten hu sécherlech eng ganz kritesch Positioun zur anerer Flott vun den MRTTen. Beim A400M war et awer esou, dass mer vun Ufank un déi Néidegkeet unerkannt hunn an dofir och wäerten dës Koopera- tioun matstëmmen, well mer gesinn, dass hei de Wee gaange ginn ass vun enger europäescher Léisung. Eng europäesch Léisung, déi mir eigentlech a ganz ville militäreschen Dossiere gären hätten, well – si mer rea- listesch – Lëtzebuerg eleng esou grouss Projeten, virun allem an der Gestioun herno, net stemme kann a mir eis dofir an Zukunft och sollte weiderhin, och méi wäit wéi d’Belsch oder Frankräich, europäesch Partner an der Europäescher Unioun sichen, fir esou Projeten ze realiséieren.
Am Kader vun der NATO – eng NATO, wou mir Piraten nach ëmmer kloer derzou stoungen an och an Zu- kunft wäerte kloer derzou stoen – ass dat heiten ee vun eise Projeten, wou Lëtzebuerg Verantwortung iwwerhëlt, wat mer och weiderhin als Land sollte maachen.
Grad an den haitegen Zäite weist et sech, dass mer och op eng NATO ugewise sinn an dass mer eis net einfach sollten ewechducken a soen: „Mir droen net eisen Deel dozou bäi.“ Ech weess, mir hunn heiban- nen ëfters Diskussioune mat der Regierung, dass mir eng aner Opfaassung hu vun deem Deel, wou mer der NATO sollten eisen Deel bäidroen, mee hei ass ee vun de Projeten, dee mer an där Form och weiderhin ënnerstëtze kënnen.
Dofir merci un d’Stéphanie Empain fir dee gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport, a mir wäerten dat haut matstëmmen.
Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!