Projet de loi 7975, d’Ëmsetze vun enger Direktiv iwwer Fuerderungen a puncto Accessibilitéit fir d’Produkter an d’Servicer

M. Marc Goergen (Piraten) | Här President, fir d’éischt soen ech dem Max Hahn Merci fir säi gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport.

Et gëtt vill verschidden Zorte vun enger Beanträchte- gung, engem Handicap. En Handicap ka mental oder

kierperlech sinn. E kann no baussen hi siichtbar sinn oder och net. Wann een da liest, dass méi wéi 80 Mil- lioune Leit, also ongeféier een op sechs, hei an der Europäescher Unioun ënner iergendenger Form vun engem Handicap leiden, dann ass et e groussen Un- deel vun der europäescher Populatioun. Mee egal, ëm wéi eng Aart vun Handicap et geet, déi betraffe Persounen hunn et dacks schwéier am Liewen.

Firwat? Ma well eis Gesellschaft d’Leit mat engem Handicap dacks ongewollt vergiess huet. Dat ass na- tierlech net béis gemengt, mee deem muss een trotz- deem Rechnung droen, a vu politescher Säit ass et eeben eisen Deel, deen derzou muss bäigedroe ginn.

Persoune mat engem Handicap si genausou gutt en Deel vun der Gesellschaft wéi Leit ouni Handicap a mir mussen dowéinst och derfir suergen, dass si och trotz hirer Aschränkung un eiser Gesellschaft an um alldeegleche Liewe kënnen onageschränkt deelhue- len, ouni dauernd op iergendwelch Hürden ze treffen.

Mat deem heite Projet de loi setze mir eng EU-Di- rektiv ëm, déi fir méi eng grouss Accessibilitéit vu Produiten a Servicer fir Leit mat engem Handicap soll suergen. An dat ass och noutwenneg, well och Persoune mat engem Handicap hunn e Recht op en onofhängegt a selbstbestëmmt Liewen!

Ginn duerch d’Ëmsetze vun dëser Direktiv alleguerten d’Problemer direkt geléist? D’Äntwert ass Nee. Ech hat nach am November an enger Question parlemen- taire, der Nummer 7246, drop opmierksam gemaach, dass et zum Beispill hei am Land, wann een am Roll- stull sëtzt, quasi onméiglech ass, mat engem Elektro- auto ze fueren. An do huet den Här Turmes mer drop geäntwert: „Aktuell ginn et keng spezifesch Virgaben, fir Luedstatioune fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit accessibel ze gestalten“, souwuel fir d’Parkplaze sel- wer wéi och den Display oder d’Utilisatioun vu sou Bornen. Et ass ee Beispill, wou vläicht nach keen dru geduecht hat virdrun, fir déi och accessibel ze maa- chen. Mee zum Beispill Leit mat engem Handicap kënnen den Elektroauto net benotzen, well vu staat- lecher Säit net virginn ass, dass déi Borne mussen deementspriechend ausgerüst sinn an déi Plaz hunn an déi Displayen.

Dat ass ee klenge Punkt, wou sécherlech kee béise Wëlle war, mee wou een awer am Alldag drop stéisst a wou een op esou Punkte muss nobesseren. Ech hoffen och, d’Regierung hëlt eng aner Positioun a wéi nëmmen, dass et aktuell keng Virgabe géif ginn. Mee ech hoffen, dass d’Elektromobilitéit sech herno u jidderee ka riichten.

Mir maachen trotzdeem a ville Beräicher e ganz grousse Schrëtt no vir, e Schrëtt fir eng gläichbe- rechtegt Gesellschaft. Dat Eenzegt, wat mir Piraten bedaueren, ass, dass dëst Gesetz eréischt a méi wéi zwee Joer, also 2025, wäert a Kraaft trieden an dass et dann eng Période transitoire bis 2030 gëtt.

Mee ech soen Iech awer scho mol Merci, mir wäerten dësen Accord och haut matstëmmen. A mir freeën eis op d’Gesetz, an dass dann och déi kleng Feeler, déi nach an der Gesellschaft bestinn, zum Beispill zur Mo- bilitéit, och behuewe ginn. Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an