M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President, och vu mir e grousse Merci fir de mëndlechen a schrëftleche Rapport un d’Rapportrice Djuna Bernard.
Dat heiten ass e Projet, deen erëm eng Kéier weist, wéi trist d’Welt ka sinn, wann et keng Konscht gëtt, wann d’Kultur iergendwou relegéiert gëtt a wa mer just nach op eidel a plakeg Mauere géife kucken. An ech mengen, dat ass näischt, wat mer wëllen.
Mir hunn als Deputéiert d’Chance, hei ëmmer an engem Gebai ze sëtzen, dat eng historesch Dimen- sioun huet, mee all Gebai, dat haut nei gebaut gëtt, kritt iergendwann eng Kéier eng historesch Dimen- sioun a sollt dann de préférence net aus eidele Bëtons- mauere bestoen, mee sollt tatsächlech e bëssen och Konscht an domadder och kulturell wäertvoll ginn.
Ech mengen, dofir ass et nëmmen ze begréissen, datt mer hei dee klore gesetzleche Kader schafen, fir dat an Zukunft nach weider ze erméiglechen.