M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Als Éischt och e grousse Merci un d’Rapportrice fir
den ausgezeechente schrëftlechen a mëndleche Rap- port. Si ass, mengen ech, op d’Fakten agaangen. Den Accord ass 2018 ënnerschriwwe ginn. An et ass haut dann un der Chamber, fir och dat Ganzt a Musek ëm- zesetzen.
An domadder kënnen dann, wa mer dat da gestëmmt hunn an de Staatsrot d’Dispens ginn huet an alles publizéiert ass, d’Monegassen hir wichteg vertraulech Dokumenter zu Biisse stockéieren. Dës Dokumen- ter dierfen net perquisitionéiert oder saiséiert ginn. An et ass awer wichteg ze soen: Dëse Schutz gëllt fir d’Donnéeën, fir d’Software an d’Hardware, awer net fir eventuell Persounen, déi do schaffen. Dat ass vläicht och e bëssen ënnerschiddlech zu traditionel- len Ambassaden, woufir et dann och eng E-Ambas- sade ass.
Mir Piraten sti fir en dezentralen Dateschutz a mir verstinn, firwat Länner wéi Monaco an Estland op dëse Wee ginn. Et misst ee sech och eng Kéier d’Fro stellen, ob Lëtzebuerg am Kader vu sengem Disas- ter-Recovery-and-Resilience-Plang net och misst De- marchen ënnerhuelen, fir déi wichtegst Donnéeën am Ausland an net nëmmen innerhalb vum Land ze stockéieren.
Mir schützen nämlech heimat d’Datenzwillinge vun eise Partnerlänner. Estland fäert virun allem Attacke vu Russland. An datt d’Ukrain haut handlungsfäeg ass, ass u sech enger, kann ee soen, cleverer Planung oder dem glécklechen Zoufall ze verdanken, datt zwee Deeg virun der russescher Invasioun d’Migratioun vun hirer IT an d’Cloud fäerdeg war. Wann dat net gewiescht wär, wäre ganz vill Administratiounen an der Ukrain ab dem Dag vun der Invasioun vu Russland net hand- lungsfäeg gewiescht. Datt d’Ukrain haut nach ëmmer Päss, Fürerschäiner, Studiebescheinegungen et cetera pp. kann ausstellen, läit dorunner, datt se hiren Daten- zwilling am Ausland stockéiert hat.
A Monaco, jo, déi fäerten, mengen ech, elo keng In- vasioun, déi fäerten awer d’Naturgewalten. An och Lëtzebuerg leeft ëmmer méi Gefor, wat d’Naturkata- strophen ugeet. Eis Archive goufe mëttlerweil jo dann och nogerüst, mee honnertprozenteg Garantië gëtt et am Fall vun Naturkatastrophen ni.
Ech hunn awer ee klenge Bemoll nach, deen net Deel vum Text ass, mee wou ech awer e bëssen e Geschmäckle fannen. Mir autoriséieren hei eng E- Ambassade, déi schlussendlech vun enger gréisse- rer amerikanescher Firma, laut Presseberichter vun enger gréisserer amerikanescher Firma mat Siège hei zu Lëtzebuerg soll exploitéiert ginn. Eng Firma, déi soss keng Datenzenteren hei zu Lëtzebuerg exploitéi- ert bis elo. Do muss ee sech dann och d’Fro stellen, wéi deen Deal zustane koum, a virun allem, wéi dat praktesch herno och fonctionéiert an inwiefern mir deenen an och d’Monegassen hinne vertrauen. Bref, fir hir E-Ambassade ass dat hir Verantwortung. A wa si hinnen trauen, da kënne mir do och net vill der- géint maachen.
Mir sinn der Meenung, datt et en interessante Projet ass an datt hei Partnerschaften entstinn, déi och fir Lëtzebuerg laangfristeg kënne vun Notze sinn. An do- fir wäerte mir dëse Projet matdroen.
Ech soen Iech Merci.