Projet de loi 7955 iwwert de Congé sportif

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, merci och un d’Rappor- trice fir de gudde mëndlechen a schrëftleche Rap- port. De Congé sportif ass net nei. Et gouf virdru schonn den Artikel 15 am Sportsgesetz an et wäert an Zukunft net méi een Artikel 15 ginn, mee et wäerten d’Artikele 15–1bis ginn. Et gouf a gëtt en also schonn zënter enger Zäitchen, an dat ass am Prinzipp och eng ganz gutt Saach.

Et ass net evident, säi Beruffsliewen an de Sport op engem gewëssenen Niveau ënner een Hutt ze kréien. Mam Congé sportif gouf dowéinst e wichtege Moyen geschafen, fir de Leit hei ënnert d’Äerm ze gräifen.

Problematesch ass beim aktuelle Modell vum Congé sportif awer, datt de legale Kader net iwwerall kloer gereegelt war. Dacks war den Accord fir de Congé sportif op eng – soe mer et awer – gutt Relatioun mat sengem Patron ugewisen, well soss konnt et deen net ginn. Dës Onkloerheete sollen also elo mat dësem Gesetz aus der Welt geschaf ginn an de Congé sportif e festen an och detailléierte gesetzleche Kader kréien. A mir kënnen deem nëmmen zoustëmmen.

Mir mussen de Sport hei am Land esou gutt ënner- stëtzen, wéi et nëmme geet, an dat vun alle Säiten, och oder eebe grad vu politescher Säit aus. Well nëm- me wa mer de concernéierte Persounen, sief et de

Sportlerinnen a Sportler selwer oder de Persounen, déi se encadréieren, de beschtméigleche Kader ginn, kënnen dës och hir voll Leeschtung, jo, hiert vollt Potenzial ausschëpfen. An dat kënnt net nëmmen der Lëtzebuerger Sportswelt zegutt, mee et ass och op dem internationalen Niveau ganz wichteg.

Déi Nott – vläicht kuerz awer, fir anzegoen op dat, wat och d’Motioun vun der CSV thematiséiert – ass jo, datt et elo bei de Gemengen a Syndikater, jo, beim ganze Secteur public – an ech hunn d’Definitioun vum Sec- teur public aus dem Gesetz gekuckt, déi ass nach na- well ganz large – eebe kee Remboursement méi gëtt.

Si mer nach bei de Gemengen a Syndikater ganz kloer am Secteur public, wat ech och verstinn, sou fänke mer dann un, wa mer och nach d’Spuerkeess oder d’Post drënnerfale loossen, awer e bëssen an enger schizo- phreener Haltung vun der Regierung …, well mer, wa mer Question-parlementairen zu deene stellen, ëmmer erëm gesot kréien, dat wären awer Établissement- public-autonommen, déi hei awer elo gesot kréien, datt se de Congé sportif, wa se deen da musse ginn, net méi rembourséiert kréien.

Ech fannen et prinzipiell gutt, datt mer et aschränken. Ech denken awer, datt mer och net ëmhikommen, wéi d’CSV dat an der Motioun fuerdert, an engem Joer oder an zwee eng kloer Evaluatioun ze maachen, wat dat an de Budgete vun deene jeeweilegen Etablisse- menter, Syndikater, Gemengen an anere Strukturen, déi parastaatlech kënne sinn an ënnert d’Definitioun vum Secteur public vum neie Gesetz elo falen, aus- mécht. Ech wäert herno nach kuerz méi am Detail zur Motioun schwätzen.

Da wëll ech awer nach kuerz op dat agoen, wat d’Ma- damm Lorsché gesot huet zum Medico. Dat ass keng nei Fuerderung. Dat ass keng nei Fuerderung, datt et grad Kanner bei hirer éischter Lizenz méi einfach gemaach muss ginn oder méi einfach gemaach soll ginn, fir dee Médico sportif ze kréien. Mir wëssen alle- guerten, datt am véierten Trimester vum Joer d’Medi- coen am meeschte gefrot ginn.

Dat läit natierlech och dorunner, datt eise Sportler … Ech hunn och emol schonn derzougehéiert, datt ech ëmmer eréischt um Enn vum Joer dru geduecht hunn, datt awer elo, wann ech net virum 1. Januar mäi Me- dico géif maachen, datt da meng Lizenz géif verfalen, soudatt am leschten Trimester forcement ëmmer eng méi héich Demande ass. Dat coincidéiert awer blöderweis ganz heefeg domadder, wann déi nei Kanner an de Sportsveräiner hir éischt Lizenz froen. Well, dat ass numol dem Schouljoer gescholt, de 15. September geet d’Schoul erëm un an da gi se eng, zwou Wochen op den Training an dann ass et schonn Oktober an da wëlle se eng Lizenz kréien, fir dann och kënne mat op de Match ze goen. A jo, do sinn d’Medicoen dann iwwerlaf mat all deenen eeleren – manner jonken, soe mer et mol esou – Sportlerinnen a Sportler, déi, wéi ech, et heiansdo schleefe gelooss hunn, fir am Januar oder am Februar scho bei de Me- dico ze goen. Dat féiert dann dozou, dass et zu engem Engouement kënnt an ech mengen, et wär wierklech gutt, wa mer hei endlech géifen eng Léisung fannen. Datt dat net an deem heite Gesetz gemaach gouf, kann ech novollzéien, et sollt een et awer net op Sankt Nimmerlein verschiben.

Dat gesot, ginn ech den Accord vun de Piraten fir dëse Projet. Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an