Projet de loi 7954 iwwert d’Definitioun vum „éloignement“ am Kader vun der Immigratioun

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir et virewech ze soen: Mir Piraten stinn dësem Projet och kritesch géint- iwwer. Ausweisungen a Réckféierunge sinn oft mat perséinlechen Tragedië verbonnen.

Mir Piraten sinn d’accord, datt et Leit gëtt, déi net dierfen zu Lëtzebuerg bleiwen, dat ass kloer. Mir den- ken awer, datt Réckféierungen nëmmen an engem ganz, ganz restriktive Kader dierfe geschéien. Donieft dierfe Persounen nëmmen an absolutten Ausname- fäll an zouene Strukturen ënnerbruecht ginn, wou se op d’Ausweisung waarden.

Systematesch Aspärunge vu Leit si fir eis net ze akzep- téieren. Mir sinn och net d’accord, datt heimat d’Du- blin-Accorden an d’nationaalt Recht kommen. Lëtze- buerg hat et nämlech richteg gemaach an eisen Aen, andeems mer deemools bei der Transpositioun vun der Direktiv 2008/115 genau dës Ausnam gemaach hunn.

D’Länner um Mëttelmier kämpfen nach ëmmer mat enger grousser Unzuel u Persounen, déi iwwert d’Mier riskéieren an d’EU ze kommen. Déi, déi de Wee iwwert d’Waasser iwwerliewen an net duerch illegal Pushbacks erëm zréckgedriwwe ginn, ginn a Lagere wéi Moria ënnerbruecht, déi kengem Mënsche- rechtsstandard gerecht ginn.

Lëtzebuerg dierf keng Leit zréck an Italien oder Griicheland schécken, wann hire Sort net mënsche- rechtskonform assuréiert ass. Déi Länner ächzen haut schonn ënnert deenen DPIen, déi se musse betreien. Et wier also net nëmme mënscherechtswiddreg, et wier och nach onsolidaresch mat eisen europäesche Partner. D’Dublin-Accorde maachen an eisen Aen zan- ter aacht Joer kee Sënn méi a sollten dofir elo net eng nei Plaz an eisen nationale Gesetzer fannen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Pira- ten begréissen awer an dësem Projet, datt d’Leit, déi sech ouni Statut hei am Land ophalen, kënnen e Sta- tut kréien, well se scho laang hei sinn a well se sech hei e Liewen opgebaut hunn. Dat ass ganz wichteg, och am Fall vu Persounen, déi zu Lëtzebuerg toleréi- ert ginn, awer deenen hir Demande op Asyl refuséiert ginn ass. Ville Leit aus Afghanistan geet a goung et jo esou mat hiren Demanden.

Datt de Minister hei kann an exzeptionelle Fäll hël- lefen, ass gutt, mee awer och immens arbiträr. Hei kënnt et jo virun allem drop un, ob de Minister vun engem Fall gewuer gëtt oder eeben net, well e ka kenger Persoun an enger exzeptioneller Situatioun hëllefen, wann en net weess, datt et déi Persoun an deem Fall gëtt.

Hei hätte mir eis, geneesou wéi de Staatsrot dat och geschriwwen huet, Krittäre gewënscht, wou Leit an Affekote sech kéinten drop baséieren an erausfan- nen, ob si dann esou en exzeptionelle Fall sinn oder net. Well eppes huet mech de Moie gepräägt: Mir haten eng Petitiounskommissioun an do gouf eppes gesot iwwert de Gesondheetssystem, datt mer keng Zwouklassemedezinn däerfen hunn, wou déi eng Leit eeben ee kennen, fir méi séier drun ze kommen,

mercredi 8 mars 2023 12 | 64 an déi aner eebe kee kennen. An ech hunn e bëssen

d’Gefill, datt mer hei en Zweeklassenasylrecht maa- chen. Déi eng Leit wëssen eeben, wéi se hiren exzep- tionelle Fall kënnen argumentéieren an déi aner eeben net.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir eis Piraten geet et bei dem Asyl net drëms ze kucken, ob déi Persoun e Méiwäert fir eis Ekonomie duerstellt. Mir Piraten sinn eis bewosst, datt et och Leit gëtt, déi duerch Mënschenhandel gezwonge ginn, Verbriechen ze begoen. Dës Leit sinn dee Moment selwer och Affer, kënne sech awer wéinst hirer irregulärer Situatioun net wieren. An ech verweisen op Presseartikele vun de leschte Méint.

Mir fannen et och net richteg, datt hei d’Mënsche- rechtskommissioun net ëm en Avis gefrot ginn ass. Dofir, Här President, deposéiere mir haut eng Reso- lutioun, an där mer da fuerderen, datt an Zukunft all staatlech subventionéiert Organisatiounen dierfen direkt Avisen un d’Chamber schécken, wann e Projet se tangéiert, déi dann och publizéiert ginn, an net mussen eng Erlabnis vun hirem Ministère de tutelle kréien.

Résolution 1

D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:

– Den Artikel 62 aus dem Chambersreglement gesäit vir: „Art. 62.­ La proposition de loi est immédiatement transmise au Gouvernement, et, par ce dernier, dans les meilleurs délais pour avis aux chambres professionnelles concernées. Elle est également immédiatement transmise pour avis au Conseil d’État.“

– D’Chambersreglement gesäit keng Prozedur vir, wéi Avise vun Organisatiounen oder lnstitutiounen traitéiert solle ginn, a wéini si mussen ëm Avise gebiede ginn.

Aus dëse Grënn decidéiert d’Chamber vun den Deputéier- ten:

1. dass all vum Staat subventionéiert Organisatioun, déi wëllt een Avis zu engem Gesetzesprojet bei der Chamber deposéieren, dëst och dierf maachen, ouni dofir mussen iwwer hiren zoustännege Ministère ze fueren an d’Regle- ment deementspriechend unzepassen.

(s.) Sven Clement.

M. Fernand Etgen, Président | Merci.

M. Sven Clement (Piraten) | Mir gesinn net an, fir- wat eng Organisatioun extra eng Erlabnis muss hunn, fir kënnen en Avis un d’Chamber ze schécken.

Dir kënnt Iech et warscheinlech elo schonn denken no mengen Erklärungen, mee mir wäerten dësen Text haut och net matstëmmen. Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an