Projet de loi 7945, d’Upassung vun enger europäescher Direktiv iwwert de Schutz vun de Whistleblower

M. Marc Goergen (Piraten) | Här President, dat heite Gesetz, dat haut soll gestëmmt ginn, ass enk verbonne mat Lëtzebuerg an och enk mat deem, fir wat mir Piraten stinn. Et ass e Gesetz, dat de klenge Bierger an de klengen Employé virun der Muecht vu grousse Firmen an Organisatioune schützt. Dofir wäerte mir och haut dëst Gesetz matstëmmen.

Et geet beim Schutz vu Whistleblower drëms, dass iwwerhaapt keng Mëssstänn verstoppt kënne blei- wen. Huele mer zum Beispill eng Firma, déi systema- tesch géif d’Ëmwelt verschmotzen an dat da géif verstoppen. Ma de klenge Mataarbechter um Terrain weess doriwwer Bescheed, traut sech awer oft net, eppes ze soen, well en da seng Aarbechtsplaz an do- madder säi finanziellt Iwwerliewe ka verléieren. Duerch dëst Gesetz hei ginn d’Leit an esou Fäll elo ge- schützt. An doduerjer, dass een eppes gesot huet, kann de Mëssstand iwwerhaapt eréischt reparéiert ginn. Dat kënnt der ganzer Gesellschaft zegutt.

Ech hat an deem Hibléck virun zwee Joer och eng parlamentaresch Fro gestallt, an där ech dorobber agaange war a mech gefrot hat, wéi de Whistle- blowing beim Staat géif gehandhaabt ginn. Well Whistleblowing ass wichteg, fir dass kee Betrib sech ka verstoppe bei Mëssstänn. Et gëtt dozou am Mana- gement vill Etüden, déi weisen, dass Organisatiou- nen, déi sech kritesch hannerfroen, eng besser Performance weise wéi Organisatiounen, déi do- robber aus sinn, bei schlechten Nouvellen den Iwwer- brénger vun der Noriicht zum Schweigen ze bréngen. Et muss beim Whistleblowing ëm d’Saach goen. Et soll een d’Fakten, wéi se sinn, akzeptéieren a ver- besseren an et soll een net den Iwwerbrénger vun der Noriicht un de Pranger stellen.

Wichteg ze verstoen ass, dass et bei dësem Gesetz net dorëms geet, d’Verpetzen ze fërderen. Nee, et soll net dorëms goen, dass elo kleng Feeler an Zukunft och kënne gemellt ginn. Hei sinn an der Direktiv Limitten agebaut, déi gutt sinn, well natierlech soss de Risiko besteet, dass verschidde Leit op d’Iddi kommen, wéinst all klenger Affär direkt wëllen e Skandal ze maachen.

Dat ass net de Wee. Als Éischt soll een d’Problemer a sengem Betrib uschwätzen, nom Prinzipp, dass een e Problem als Éischt emol ënnereneen uschwätzt a ver- sicht, et ze reegelen. Dat ass wichteg fir de Mateneen

am Betrib, well oft ass et och esou, dass déi verschid- den Direktiounen a Betriber emol net vum Problem wëssen, well et keng oppen Ulafstelle gëtt, fir d’Pro- blemer unzeschwätzen. Dat Gesetz hei kann also elo derzou bäidroen, dass den Dialog an der Hierarchie verbessert gëtt an dass sech d’Leit méi op Aenhéicht begéinen, fir Problemer unzeschwätzen, déi hinnen um Häerz leien.

Vu dass d’Piraten dat Gesetz op europäeschen Niveau mat ausgeschafft hunn, maache mir jo och keng Iwwerraschung doraus, dass mir et haut wäerte mat- stëmmen. Mir stäerken domat eis Salariéen, mir stäerken domadder och d’Gestioun vun de Betriber a mir stäerken d’Eethik an eiser Wirtschaft am grousse Ganzen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a