Projet de loi 7909 iwwert de Platzverweis

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. D’Gesetz ronderëm de sougenannte Platzverweis war fir eis Piraten keng einfach Entscheedung. Mir hu vill missen ofweien. Op där enger Säit verstinn ech déi Leit, déi heemkommen an hir Entrée ass blockéiert. Si hunn doheem Problemer, si kommen net eran. Och wann ech mer dat bei mir elo einfach virstellen, wann ech da mat de Kanner géif heemkommen …, et ass elo net dat, wat ech mer all Owend géif wënschen.

Dofir verstinn ech, dass dee Platzverweis muss kom- men an dass et Situatioune gëtt, wou eeben eng Police déi Méiglechkeet muss kréien, well eeben d’Fräiheet vun engem aneren a Gefor ass, well een en anere blockéiert an deementspriechend esou eppes muss sinn.

Op där anerer Säit hu mer awer esou vill sozial Pro- blemer am Land an esou vill Fäll, déi vläicht keng aner Alternativ hunn, wéi en Agang ze blockéieren. Huele mer elo den déiwe Wanter: vill Leit, déi op der Strooss sinn. A kuckt een eng Kéier zum Beispill d’Aarbecht vun de Street Angels – et gëtt der ëmmer méi. Dëse Wanter waren d’Zuelen erëm explodéiert vu Leit, déi keen Daach iwwert dem Kapp haten, déi eppes gesicht hunn. Da schléit op där enger Säit bei der Entscheedung vum Platzverweis awer d’Häerz och fir … Ech weess, dass et desagreabel ass, wann een een an der Entrée leien huet, mee, bei minus 10 Grad dobaussen, wann dat deem awer op där anerer Säit vläicht d’Liewe rett! Dat ass eeben dee Problem, dee mer hei hu mat deem Platzverweis: op där enger Säit esou, op där anerer Säit esou.

Dofir sinn ech och haut der Meenung, dass et esou, wéi et geschriwwen ass, fir mat där softer Versioun – well dat ware jo länger Diskussiounen an der Kommis- sioun – elo emol unzefänken, eigentlech eng gutt Etapp ass, dass mer net direkt op déi vill méi streng Mesurë ginn, well et eebe Leit sinn, déi a schwéiere Fäll sinn. Et däerf ee jo net soen, dass jiddereen, dee mat Drogen a Kontakt ass, e Kriminelle wär, wann deen an der Entrée läit oder iergendzwousch ass. Déi si jo selwer gesond- heetlech ugeschloen. Déi hu selwer hir Problemer ze droen. Dofir muss een do wierklech awer herno och mat Verstand an Häerz, och als Police, virgoen.

Dofir ass et gutt, dass am Text elo emol eng soft Variant kënnt, wou ee sécherlech an een, zwee Joer eng Kéier muss kucken, wou se higefouert huet. Ware Problemer do? Gouf vläicht ze oft een ewechgeholl, deem seng lescht Méiglechkeet dat awer war fir ze iwwerliewen? Well et ass einfach gesot: „Jo, déi kën- nen an eng Wanteraktioun.“ Ech weess awer ganz genau, dass déi voll war am Wanter! Déi Leit kënnen dann néierens hin. Dat sinn einfach Problemer, déi opstinn.

An zu där Fro virdrun, déi ech dem Här Benoy wollt stellen: Jo, Streetworker, ech si vollkommen averstane mat Iech! Ech sinn och averstane mat der gesell- schaftlecher Politik, déi Der hei virgestallt hutt. Mee Dir hutt gesot: „Méi Streetworker“. Jo! Mee déi kom- men awer net!

Zum Beispill, mir als Gemeng – an d’Gesetz hei ass jo fir d’ganzt Land dann, mir schwätzen déi ganzen Zäit iwwert d’Stad Lëtzebuerg, mee et wäert fir all d’Ge- menge sinn –, mir als Gemeng hunn e Streetworker ugefrot beim Ministère. Mir hunn e Refus kritt! An dunn hu mer gesot kritt, dat wär an anere Gemengen dee selwechte Fall. Dat heescht: Dir kommt heihin- ner, Dir werft deenen anere Populismus an alles vir, mee Dir selwer als Regierungsparteie refuséiert awer dann de Gemengen, déi eppes wëlle maachen, de Streetworker!

M. François Benoy (déi gréng) | Ech sinn net zou- stänneg fir déi dote …

M. Marc Goergen (Piraten) | Dofir sidd Dir dann net zoustänneg, ok! Et ass notéiert, ok.

(Brouhaha et interruptions)

D’Regierung ass net dofir zoustänneg, ok.

Ech ka just soen: Dat sinn all déi Elementer, déi mussen an dee Plang materageholl ginn. Well mir maachen haut vläicht déi e bësse méi repressiv Moossnamen. Mir mussen awer op där anerer Säit och dat anert alles ausbauen. Mir brauchen eng aner Drogepolitik. Mir mussen déi Jonk upaken. Mir musse kucken, dass mer mam Logement weiderkommen. Well et kann ee jo net mengen, an dat ass e bëssen dat, wat mech an den Diskussiounen heiansdo stéiert … Et gëtt vläicht een, zwee Modellen, mee et ginn der net vill, déi fräiwëlleg eng Dier blockéieren oder fräiwëlleg do leien. Déi Leit sinn an enger Situatioun, wou et dat erfuerdert huet.

An do muss de Staat upaken: fir deene Leit eng aner Hëllef ze ginn. Da muss d’Police emol net geruff ginn, da muss d’Police net kommen. Well ech weess och, dass et desagreabel ass fir d’Policebeamten. Et huet ee jo och als Politiker vill Kontakt mat de Policebeam- ten. A wann déi mussen ee bei enger Dier ewechhue- len, dat ass och net elo dat Schéinst, wat se sech am ganzen Dag kënne virstellen.

Dofir, dat heite Gesetz wäerte mir haut matstëmmen, mee mir froen awer och ganz kloer op där anerer Säit vill méi sozial Mesuren, fir de Leit ze hëllefen. A mir wären och frou gewiescht, dat hat ech an der Kommissioun jo ugeschwat, wann den Term – wat de Staatsrot, wann ech mech richteg erënneren, jo och kritiséiert hat – vum „bâtiment“ … Dat ass einfach schlecht gewielt. Dat ass keng propper Aarbecht am Text. Ech froe mech an ech weess och net, firwat de Minister net dorop reagéiert huet. De Staatsrot huet et kritiséiert. Dunn hu mer et nach eng Kéier an der Kommissioun opgegraff. Et wollt awer keen drop agoe vun der Regierung. An et ass awer en Term, deen herno um Terrain de Beamte sécherlech nach wäert Kappzerbrieches maachen, wat dann elo „bâti- ment“ ass a wat eppes … Dat hätt ee kënne vill méi propper léisen.

Dat selwecht ass et mat dem – dat hat ech jo och gefrot an der Kommissioun – Problem mat de Re- sidenzen. Dat wäert virun allem an der Stad e Pro- blem sinn: déi éischt an déi zweet Dier an enger Residenz. Et ass een nach net um Privatterrain, bei engem an der Wunneng, mee wéi oft gëtt eng Schell opgedréckt? Dat wäert elo e Phenomeen sinn, dee geschitt, dat heescht, mir hunn herno e Platzverweis hei, wou bei der éischter Dier de Mann do ewechge- holl gëtt – déi kréien dat jo dann och schnell spatz –, da geet e bei déi zweet leien, déi awer erëm fir jidder- een ass, wat dann eng Aart Servitude ass, wou dann erëm de Problem entsteet.

Dat sinn eeben alles Saachen, wou een an engem oder zwee Joer ganz kloer nach eng Kéier muss kucken, wéi dat sech iwwerhaapt entwéckelt huet. Well ech hunn ëmmer e bësse Matleed mat de Beamten, déi et herno mussen ausféieren. Wann hei am Text Terme wéi „bâtiment“ oder esou net kloer sinn, sinn et herno d’Beamten um Terrain, déi mussen d’Entscheedungen huelen. An herno, wann

iergendeppes schifleeft, wësse mer jo, dass si herno eng an d’Akaul kréien, an dat ass …

Ech hätt mer gewënscht, dass do dem Staatsrot noge- lauschtert gi wär an dass een do déi Verbesserunge matagebaut hätt. Mir stëmmen dem Gesetz haut mat Bauchwéi zou, mee mir verstinn awer déi Leit, déi an enger Situatioun sinn, dass se e Platzverweis brauchen.

Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a