Projet de loi 7901 iwwert den Detachement vun de Camionschauffeuren

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Et gouf scho ganz vill gesot, virun allem mam exzellente mëndlechen a schrëftleche Rapport, dofir e grousse Merci.

Dat heiten huet eng gewëss Urgence. Mir sinn näm- lech, gradwéi mam rezente Projet vum Konkurrenz- rot, hannendran. An dat hu mer hei an der Chamber och schonn thematiséiert, datt mer u sech bei deene Projeten, wou mer Direktive mussen ëmsetzen, dat och zäitno sollte maachen.

An et ass jo net esou, wéi wann d’Chamber aleng schold wär un deem Retard – well mir sinn elo zéng Méint iwwert der Deadline –, et ass awer esou, datt d’Chamber, wéi de Projet deposéiert gouf am Oktober 2021, just nach sechs Méint hat, fir en ze transposéie- ren. Do kommen dann nach déi üblech Delaien – mat Waarden op de Staatsrot, mat Amendementer et ce- tera pp. – derbäi, soudatt et sécherlech schonn enk gehäkelt war an, ech mengen, kee wierklech domat gerechent hat, datt dee Projet géif matzäiten evakuéi- ert ginn.

Et ass e Projet, dee jo Feeler behieft, och dat gouf haut scho gesot. Et si Feeler, déi deemools an der Di- rektiv 2014/67 gemaach goufen, also enger Direktiv, déi elo aacht Joer u sech schonn um Bockel huet, an datt een do mat der Zäit Feeler fënnt, ass jo ganz nor- mal. Et ass also virun allem och eng Direktiv, déi mer elo transposéiere fir ze vereinfachen, an och dofir si mer u sech der Meenung, datt mer dat heite séier sollten evakuéieren.

A mir hätten eis gewënscht, mir hätten et e bësse méi séier kënne maachen, mee mir ginn eis Zoustëm- mung.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene