Projet de loi 7885 iwwert d’Aféie- rung vun engem Filtermechanismus vun direkten auslänneschen Investitiounen

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat heiten ass en zweeschneidegt Schwäert, an dat gouf och well ge- sot. Engersäits ass et fir eng oppen Ekonomie wéi Lëtzebuerg gradewéi fir Europa wichteg, eis Betriber an hire Knowhow viru Spionage aus dem Ausland ze schützen. Gläichzäiteg wëlle mer jo awer och Investi- tiounen ulackelen.

Bon, mir wëssen awer och, dass et Acteuren op dëser Welt gëtt, a China ass nëmmen ee fir ze nennen, déi dofir bekannt sinn, datt se et mat deene Welthandels- organisatiounsreegelen, och ronderëm d’Propriété intellectuelle, net esou genau, net ganz esou genau huelen, wéi mir eis dat u sech géife wënschen. An et gëllt gläichzäiteg ze verhënneren, datt auslännesch Acteure kéinten d’Kontroll iwwer strateegesch wich- teg Betriber huelen.

Elo muss ech soen, datt mer awer an der Vergaangen- heet reegelméisseg hei zu Lëtzebuerg gesinn hunn,

datt mer och fräihänneg strateegesch wichteg Entrepri- sen un auslännesch Investisseure ginn hunn. D’Encevo gouf genannt. Ech mengen, dat ass strateegesch wich- teg, eise Stroumreseau. D’Cargolux kéint een nennen, wou iwwregens nach ëmmer Landerechter fir en aus- länneschen Investor hei zu Lëtzebuerg existéieren, déi e krut, well en deemools an den Deal mat eragaangen ass. En huet seng Parte mëttlerweil verkaf, d’Lande- rechter awer gehalen, also de Filet gehalen. Da bei de Banke musse mer guer net driwwer schwätzen. Do ware mer ganz frou, datt mer se gerett krute virun aus- länneschen Investisseuren. Gläichzäiteg huet dat na- tierlech e ganze Rateschwanz mat sech bruecht.

Dat heescht, mir wëssen, mir sinn e Land, dat Foreign Direct Investment, wéi dat esou schéin heescht, den FDI, brauch, unzitt, jo heiansdo souguer bewosst siche geet. A gläichzäiteg brauche mer awer Moyen- en och an der Politick, fir eis viru feindlechen In- terventiounen ze schützen. A wa mer wëssen, datt Direktinvestissementer aleng 2021 ëm 39 % gewuess si weltwäit, da wësse mer, datt et definitiv eppes ass, wou ee muss en An drop halen.

FDIe sinn och gläichzäiteg enk mam Fongesecteur verbonnen, dofir kéint deen dovunner betraff sinn. Et ass awer esou, datt de Risiko an eisen Ae relativ kleng ass, vu datt d’Portefeuillesinvestitiounen erausgeholl sinn.

An dann awer eng lescht Nott vläicht: Mir mussen eis bewosst sinn, datt dat heite vill Manpower wäert brauchen. Dat heiten ass näischt, wou mer einfach nëmmen e puer Checkboxen hunn a wäerte soen: „Dat doten ass gutt.“ Mir hu gesinn, wéi komplizéi- ert et ass, fir hannert méi komplexe Firmestrukturen ëmmer déi wierklech Investisseuren ze fannen. An et ass weltwäit mëttlerweil e Sécherheetsrisiko, datt grad a Startuppen „direkt indirekt“ investéiert gëtt. Wat mengen ech domadder? Ma datt den direkten Investisseur nach aus engem Land kënnt, wou mer soen: „Majo, dat ass guer kee Problem, deen dote soll bei eis investéieren“ – ech denken u London, ech denken un d’USA –, an datt um drëtten, véierten Niveau hannendrun den UBO (ndlr: Ultimate Bene- ficial Owner), also de Bénéficiaire effectif, op eemol awer e chineesesche Fong, eng chineesesch Entre- prise ass, meeschtens eng Staatsentreprise, déi dat nëmme mécht, fir eeben un d’Propriété intellectuelle ze kommen, a guer net un där Firma, um Succès vun där Firma interesséiert ass. An dat ze iwwerpréiwen, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat wäert e groussen Effort ginn.

Ech gesinn awer, datt dat heiten e sënnvollen Chal- lenge ass fir unzegoen, an dofir wäerte mir Piraten dat och matdroen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a