Projet de loi 7876, eng Ofännerung vun de Gesetzer iwwert de Stroum- a Gasmarché souwéi d’Upassung vun enger Bannemaartdirektiv

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Mir Piraten begréissen, dass de Projet haut net nëm- men derfir suergt, dass eis Systemer a Fournisseure prett si fir d’Energië vu muer, mee dass och Sécher- heete géint d’Energieknappheet am Wanter geholl gi sinn an dass déi erneierbar Energië sollen ausgebaut ginn, virun allem och d’Tatsaach, dass d’Leit, déi man- ner wéi 800 Watt produzéieren, sech net méi mussen un de Reseau uschléissen. Ausserdeem responsabili- séiert een d’Leit doduerch, dass et hire Stroum ass a si dann och direkt dervunner profitéiere kënnen. Et ass wichteg, dass opgehale gëtt, d’Leit ze bremsen, wa se erneierbar Energië wëlle selwer produzéieren.

Esou Projete mussen an Zukunft weider ënnerstëtzt ginn, well si sinn et, déi e wichtege Bestanddeel vun der Ofsécherung vum Stroumnetz sinn a vum Klima- schutz. Am Moment géif eist Stroumnetz et net packen, wann op eemol bei all Haus eng Born géif stoen. Wann awer all Haus eng Solaranlag hätt an doduerch seng Born op d’mannst zum Deel selwer mat Stroum be- liwwere kéint, géif dat den Drock vun de Leitungen an de Stroosse reduzéieren. A well ech esou eng doheem hunn, kann ech Iech soen, dass dat super fonctionéi- ert, dass, wann d’Sonn schéngt, Ären eegenen Elektro- auto kann opgeluede ginn. An de flotten Nieweneffekt ass: Dir fuert och nach mat Gratisstroum!

Et ass och gutt, dass Plaz gemaach gëtt fir innovativ Projeten, wat d’Notzung an d’Verdeelung vum Stroum ugeet. Mir Piraten sinn eng Partei, déi Léisunge sicht, an do muss een ëmmer oppe si fir nei Weeër. Jo, Solar- balcone sinn ee vun de Weeër, wann ee bedenkt, wi- vill Residenze mir hunn. Mee en anere Wee – an deen hat ech och an enger Question parlementaire schonn eng Kéier ugeschwat –, dat sinn déi Solarfelder iwwer Autobunnen, déi schonn zoubetonéiert sinn, an déi géife ganz vill Energie liwweren.

Här President, mir Piraten sinn als Digitalpartei natier- lech och drop opmierksam ginn, wat den Dateschutz ugeet. Hei deele mir d’Bedenke vun der CNPD an der Chambre des Salariés, déi si geäussert hunn zu der neier Plattform. Déi soll gläichzäiteg en Zentralregister an en Outil sinn, fir anzeschätzen, wat de Stroumver- brauch ass, an eng Austauschplattform vun Donnéeën zur Notzung vum Reseau.

Och wa mir Piraten ëmmer begréissen, wann eppes digitaliséiert gëtt, esou schéngt eis déi Plattform awer virun allem e Risendatestaubsauger ze sinn. Well am Gesetz nach ëmmer keng fest Krittäre festgehale sinn, wéi déi verschidden Acteuren an d’Plattform sollen era- kommen, besteet hei de Risiko vun Datelücken oder vläicht souguer vu Mëssbrauch. Mir Piraten sinn do- fir, gradewéi och d’CNPD, dass hei muss e Logsystem, also Logfiles, agefouert ginn, fir kloer nozevollzéien, wie wéini op wéi eng Daten zougegraff huet. Och dass keng Späicherzäite festgehale ginn, fanne mir natier- lech net gutt.

Dës Plattform schéngt also bis elo nach e grousst schwaarzt Lach ze sinn, wou d’Gestioun an den Not- zen nach net 100 % kloer sinn. Wa se dann den 1. Juli online geet, musse verschidde Saache gekläert sinn.

An da wëlle mir Piraten, dass hei gutt opgepasst gëtt

an an Zukunft och nach eng Kéier nogebessert gëtt, wat déi zentral Plattform ugeet, an dat esou schnell wéi méiglech. Well eng Digitalisatioun dierf net be- deiten, dass den Dateschutz net méi respektéiert gëtt!

Wéi Dir gesitt, si mir Piraten trotzdeem positiv age- stallt géintiwwer deene ville gudde Saachen an dë- sem Text. A mir wäerten den Text och matstëmmen, fir esou méi Energie ze produzéieren hei am Land.

Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an