M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, eis Zuelen, wat d’men- tal Gesondheet ugeet, si generell net erfreelech a missten eis alleguerten zur Aktioun opruffen. No der Covidpandemie hu 37 % vun den Erwuessene bis 44 Joer uginn, datt hir mental Gesondheet wärend dëser Zäit gelidden hätt. En Aspekt vun der mentaler Ge- sondheet ass ganz kloer d’Aarbechtsëmfeld. Hei spillt de Mobbing ënner Aarbechtskolleeg/innen, mee och tëscht dem Chef oder der Cheffin an den Aarbechter/ innen eng grouss Roll.
Mobbing ass och hei am Land e Problem. Eleng bei der Mobbing ASBL hu sech d’lescht Joer 657 Leit ge- mellt, fir Hëllef ze kréien. An dat sinn déi, déi sech ge- traut hunn, sech ze mellen, déi d’Reserven haten, déi d’Energie haten, sech ze mellen.
Mobbing presentéiert sech a ganz villen, jo, diverse Formen. Et kënnen direkt Ugrëff sinn, wou een an d’Gesiicht gesot kritt, datt een net erwënscht ass. Et kënnen och indirekt Ugrëff sinn, an deem Sënn, datt een isoléiert gëtt, all seng Tâchen ofgeholl kritt. Och dat ass Mobbing, wann een einfach wéi Loft behan- delt gëtt.
A Mobbing ass och keng Privataffär, déi eis als Poli- tick oder als Staat näischt ugeet. Well dee Moment, wou een Affer vu Mobbing ass, gëtt ee krank. Et gëtt ee krank gemaach. An déi Krankheet, déi kascht eis Ekonomie an déi kascht eis als Allgemengheet, ein- fach nëmmen, well een op der Aarbecht mengt, et misst ee säi Géintiwwer fäerdegmaachen. Dofir geet et eis alleguerten eppes un an dofir ass dat Gesetz u sech och wichteg: net well et um Terrain elo wäert d’Revolutioun bréngen, mee well mer heimat als Le- gislateur e klore Message schécken, e klore Message géint Mobbing!
Mir Piraten begréissen dofir, datt e Kader ausge- schafft ginn ass. D’Tatsaach, datt hei kee vun de
Sozialpartner involvéiert war an d’Chambre des Salariés wéi d’Chambres de Commerce an des Métiers dëse Projet ofleenen, weist awer, datt hei u sech kom- plett laanscht den Terrain geschafft gouf, wat natier- lech net ze akzeptéieren ass. Ëmmerhi sinn d’Patronat an d’Personalvertrieder déi, déi mam Phenomeen um Terrain ze kämpfen hunn. Dofir musse se méi age- bonne ginn!
Dofir begréisse mer d’Iddi vun der Salariatskummer, datt Experte géifen engagéiert ginn, wann de Patron domat d’accord wier, fir dem Mobbing op der Aar- bechtsplaz méi geziilt a virun allem neutral ze begéi- nen. Mir wieren och der Meenung, datt Vertrieder vun der Gewerkschaft bei de Gespréicher mat der betraffener Persoun dobäi sollte sinn, wann dat ge- wënscht ass. Mir denken, datt dat allemol besser ass, wéi wann d’Leit géifen direkt Affekote matbréngen, well soss hu mer nëmmen eppes mat deem Gesetz gemaach, eng Profession libérale gestäipt an net d’Leit, déi vum Mobbing betraff sinn.
Dofir géife mer eis wënschen, datt déi nächst Regie- rung sech hei mat de Leit vum Terrain nach eng Kéier un en Dësch géif setzen an dat Gesetz hei nach eng Kéier géif iwwerschaffen.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat hei- ten ass fir eis Piraten virun allem en Intentiounsge- setz, dat mer trotz eiser Kritick vun der Netabannung vun de Gewerkschaften an dem Patronat matstëm- men, net well mer iwwerzeegt sinn, datt dat heiten e brillant Gesetz ass, mee well de Message dohannert esou wichteg ass: Mobbing ass illegal. Mobbing ass ni ze akzeptéieren oder och ze justifiéieren!
Ech soen Iech Merci.