M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Als Éischt e grousse Merci un de Rapporter Charel Margue fir deen exzellente mëndlechen a schrëft- leche Rapport. Et ass rar, datt ech zu Justizprojete schwätzen, et ass awer deem geschëllt, datt ech mech u sech op een eenzegen Artikel an deem heite Gesetz wollt konzentréieren, well fir eis Piraten ass kloer, datt d’Aféiere vum Referendaire eng ganz positiv Ver- ännerung vun der Justiz ass an et u sech hoffentlech dann och zu enger Acceleratioun vu verschiddene Prozesser bei der Justiz féiert. Dofir wäerte mer och grondsätzlech eis Zoustëmmung fir dësen Text ginn.
Mir begréisse ganz speziell den Artikel 35, deen de Recouvrement bis Enn 2025 verlängert, also den Acte de signature vum Recouvrement, well et sinn nach zirka 13.000 Leit, déi d’Demarchen entaméiert hunn, déi se awer nach net ofgeschloss hunn. Wann een dat eng Kéier op dräi Joer erofbrécht, sinn dat ronn zwie- lef Leit den Dag, déi am Bierger-Center vun der Stad Lëtzebuerg zousätzlech mussen ukommen, do dernie- went, datt se mussen hir Rees buchen, fir iwwerhaapt emol op Lëtzebuerg ze kommen. Dat ass bis Enn dëst Joer schwiereg maachbar gewiescht. Deementsprie- chend, mengen ech, ass et am Interêt vu jiddweren- gem, datt dat bis Enn 2025 wäert lafen, soudatt mat zwielef Leit den Dag och de Bierger-Center an der Stad Lëtzebuerg net iwwerfuerdert wäert sinn, an zousätzlech déi Leit, déi iwwerhaapt emol kënnen heihinnerkommen, well Covid an d’Inflatioun hunn et schwéier gemaach. An dofir begréisse mir ganz kloer dës Verlängerung.
Méi einfach wär et natierlech gewiescht, wann d’Cham- ber eis Proposition de loi gestëmmt hätt, déi gene- rell déi Delaie verlängert hätt. Dann hätt nämlech de Staatsrot net missen eng Kritik ubréngen, datt hei en Artikel an d’Gesetz geschmuggelt gouf vun de Referen- dairen, …
Une voix | O!
M. Sven Clement (Piraten) | … deen u sech näischt mat de Referendairen ze dinn hat. Dat ass eng Kritik, déi ech ëmmer erëm ubréngen. An ech kann, och
wann ech den Artikel hei ganz positiv fannen, et hei net si loossen, dann awer nach eng Kéier drop hinze- weisen, datt u sech deen Artikel näischt an deem heite Gesetz ze siche gehat hätt.
Mee dat gesot, gi mer awer eis Zoustëmmung, well souwuel d’Referendairë wéi och den Artikel 35 si posi- tiv Verännerungen. Merci.