M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëse Gesetzestext gouf schonn am Mäerz 2021 hei an der Chamber deposéi- ert. Dat ass méi wéi e Joer hier, et ass méi wéi zwee Joer hier, an elo stëmme mer dann doriwwer of. D’EU- Direktiv, op där dësen Text baséiert, déi ass vun 2017. D’Negociatioune fir déi Direktiv, déi hu laang virdrun ugefaangen. Alles an allem, zwëschent dem Ufank vun den Negociatioune bis mir haut hei ofstëmmen, huet et also néng Joer gedauert, fir op dëse Punkt vum Vott hei zu Lëtzebuerg ze kommen.
Ech mengen, dëse Projet weist ganz kloer, wéi laang et kann daueren, fir a puncto Liwwerkette kleng Schrëtt no vir ze maachen. An et weist och ganz kloer, firwat mir Piraten zesumme mat de Kolleeginne vun déi Lénk hei hu missen eng eege Proposition de loi areeche fir en nationaalt Gesetz. Well eng EU-Direktiv, déi vläicht an zwee Méint kënnt, vläicht an zwee Joer, vläicht och iergendwa méi spéit, vill ze laang op sech géif waarde loossen. Wa se da bis gestëmmt wier, kann et nach, wéi an deem heite Fall, schonn nees Joren daueren, bis se an nationaalt Gesetz ëmgesat
gëtt. Fir eis Piraten ass de Schutz vun de Mënsche- rechter eng Prioritéit an dofir wëlle mer och, dass de Schutz vun de Mënscherechter esou séier wéi méig- lech hei zu Lëtzebuerg ausgebaut gëtt.
D’EU-Direktiv, déi mer haut hoffentlech wäerten hei ëmsetzen, betrëfft nëmme véier Konfliktmineralien. Et geet och net wäit genuch a Saachen Transparenz, well net kloer ass, wien hei zu Lëtzebuerg da wierk- lech vum Gesetz wäert betraff sinn. An dat alles geet eis am Fong net duer. Et ass eng Drëps op de glid- dege Steen.
Ech kann Iech awer elo scho soen: Mir wäerten den Text trotzdeem matstëmmen, well et alt wéinstens e klitzeklenge Schrëtt an déi richteg Richtung ass. Mee fir eis ass ganz kloer, dass en nationaalt Gesetz muss kommen, dat op all de Secteure ka gräifen. Esou eng Propositioun läit der Chamber vir an ech freeë mech, datt mer se schonn dës Woch kënnen an der Kommis- sioun presentéieren.
Eisen Text gesäit nämlech vir, datt, wann eng Entre- prise méi wéi 250 Mataarbechter huet a méi wéi 43 Milliounen Euro am Joer um Bilan mécht, se hir Liw- werkette muss iwwerpréiwen an, wa Mëssbrauch festgestallt gëtt, muss intervenéieren. Och an der Belsch an an Holland leien esou Gesetzesproposi- tioune vir, Gesetzesproposen, déi do mat de Majori- téitsparteien ausgeschafft gi sinn. Mir sollten eis als e Land, dat seng Entwécklungsziler seriö hëlt, an, jo, och eent vun deene wéinegen oder dat Eenzegt ass, dat säin 1 % vum RNB un Entwécklungshëllef erreecht, och hei weisen, datt mir als Lëtzebuerg Vir- reider wëlle sinn.
An et ass awer och ganz kloer, dass esou e Gesetz net nëmmen dorop ofziilt, als Lëtzebuerg eng Funktioun als Virbild ze hunn. Et geet och drëm, eisen Image no baussen, jo, am Ausland, ze verbesseren. Vill ze oft heescht et bei engem Skandal nach ëmmer, datt, ech zitéieren: „eng Firma mat Sëtz zu Lëtzebuerg“, Zitatenn, d’Mënscherechter net respektéiert hätt. Eng Handvoll schwaarz Schof loossen eis alleguerten, eis ganz Plaz schlecht ausgesinn. Ee Beispill ass d’NSO, déi de Pegasus-Programm verkaf huet, wou bewisen ass, datt Oppositioneller a Journalisten a Spuenien, zu Athen a Griicheland an an enger ganzer Rëtsch vill méi autokratesche Staaten nach ofgelauschtert gou- fen. Iwwerall an Europa ass Lëtzebuerg dee Moment mat deene Verbriechen – jo, ech soen, dat si Verbrie- chen, an et geet net nëmmen duer, e béise Bréif ze schreiwen, och wa mer am Moment net méi Moyenen hunn! – vun der NSO a Verbindung bruecht ginn. An domat muss fir eis Piraten Schluss sinn!
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, an der Hoffnung, datt mer esou séier wéi méiglech mat der nächster Regierung kënnen zu enger Ofstëmmung iwwert en nationaalt Gesetz kommen, ginn ech hei awer den Accord fir dee klitzeklenge Schrëtt, dee mer haut wäerte maachen.
Ech soen Iech Merci.