M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. D’Liewensmëttelsécherheet ass zimmlech wichteg. Bon, et ass elo kee Geheimnis: Och ech konsu- méiere gären déi Liewensmëttel. Mee et ass immens wichteg, dass d’Leit op gutt Liewensmëttel kënnen zréckgräifen, déi virun allem och gutt kontrolléiert sinn. Heiansdo huet een de Phenomeen, dass een zwar higeet an den deiersten Ueleg géif kafe fir a säin Auto, deen dausendmol kontrolléiert ass, mee awer niewendrun an den Discounter geet fir iergend- ee Stéck Fleesch, wou keng Kontrolle sinn. Dofir ass d’Liewensmëttelsécherheet immens wichteg.
Wou ech awer haut wollt d’Prioritéit drop setzen, dat ass den Déiereschutz, well dat ass nämlech och e ganz wichtege Projet an dësem Gesetz mat der Veterinärsinspektioun. Bon, et ass bekannt, dass d’Déiereschutzgesetz, wéi et am Moment do ass, fir mech nach ëmmer schlecht ass an net wäit genuch geet an d’Rechter vum Déier net wäit genuch enca- dréiert an dass do e vill bessert misst kommen. Mee op d’mannst kréie se elo d’Méiglechkeet, ganz koor- dinéiert Kontrollen ze maachen, wat den Déiereschutz ubelaangt, zumindest am Kader vun deem aktuelle Gesetz, wat – soe mer mol – besser ass wéi näischt, mee awer bei Wäitem net duergeet.
Well hëlt een zum Beispill d’Schluechthaiser hei am Land, do feelt et dann och nach u Kontrollen. Do sinn da Kontrollen, wou zwar de Veterinär ëmmer do ass … Ech hat do eng parlamentaresch Fro, virun zwee, dräi Joer war dat, wéi ganz skandaléis Videoe jo zirkuléiert si vun Déieren, déi nach hallef lieweg do auserneegeschnidde gi sinn. Do sinn dann zwar sporadesch Kontrollen, wann dann ee vun der Vete- rinärsinspektioun kucke geet, mee natierlech geet dat eis Piraten guer net duer.
Do misst eigentlech fir all eenzel Déieren nogekuckt ginn, ob déi richteg behandelt ginn, a virun allem
hannerfrot ginn, wéi déi Schluechthaiser iwwerhaapt
fonctionéieren. Dat ass nämlech nach e ganz anert Theema, wat zwar net zu dësem Gesetz passt, mee d’Schluechthaiser a sech missten och nach eng Kéier hannerfrot ginn, och mat den Aarbechtskonditiou- nen.
Et si ganz vill Baueren hei am Land, déi d’Déierewuel ganz seriö huelen. Dat mierken ech ëmmer erëm, wann ech bei de Baueren op Besuch sinn, fir mer dat ukucken ze goen. Et sinn awer och leider schwaarz Schof, déi derbäi sinn, déi hir Kéi nach ëmmer einfach un den enkste Ketten an ouni Waasser, ouni iergend- eppes do leien hunn an deenen d’Béischten dann deementspriechend ganz egal sinn.
An do ass et ganz wichteg – ech hat do och rezent nach eng Question parlamentaire derzou–, dass déi nei Verwaltung vill méi oft dohinnergeet, vill méi oft kontrolléiert an och ganz genau weess … An ech mengen, ech si jo och am Kontakt mat deene Leit, déi kontrolléiere ginn, déi wësse jo och e bëssen, wou hir Clientë sinn. A wat een eigentlech dann oft vun hin- nen ze héiere kritt, ass: „Jo, mir géife jo nach gäre méi kontrolléieren“, wat am Moment am Gesetz méiglech ass, „mee mir hunn eeben net esou vill Beamten an der Inspektioun.“ Dat ass ee vun de Problemer, dass zwar de Konsum an d’Luucht geet am Land, dass vill méi Déiere geschluecht ginn, vill méi Déiere gehale ginn – an alle Perspektiven, well dat geet jo vu kleng bis grouss –, an awer d’Personal net nokënnt.
Dofir ass meng Fro un de Minister, wann elo jo schonn déi nei Administratioun do ass, ob dann och d’Personal wäert massiv opgestockt ginn. Well et ass jo dat selwecht bei den Déierentransporter. Mir hate jo och do eng speziell Kommissioun derzou, wou mer jo och erausfonnt hunn, laut Thilly Metz, dass och zu Lëtzebuerg net alles esou gutt leeft, wéi et sollt lafen, an dass och do nach villes muss nogebessert ginn.
Ech mengen, Dir kennt alleguerten deen EU-Dos- sier. An dat heiten ass jo och eigentlech deen éischte Schrëtt, dee mer kéinte maachen, fir dass zu Lëtze- buerg méi Kontrolle sinn. Well zu Lëtzebuerg ass jo och erauskomm am EU-Dossier, dass d’Kontrollen net wierklech stattfonnt hunn a se ganz minimal waren, obwuel Lëtzebuerg duerch de bëllegen Diesel en Transitland ass, wou immens vill Déierentransporter duerchfueren.
Mir ass och bewosst, dass dat eng ganz kleng Zäit- fënster ass, wa se hei fueren, mee wa Lëtzebuerg géif konsequent kontrolléieren, hätte mir op d’mannst emol do alleguerten déi Déieren, déi a ganz, ganz schlechte Konditiounen transportéiert ginn … Bon, meng Meenung ass souwisou, et soll een d’Déieren net wäit transportéieren. 20, 30 Kilometer bis an d’nächst Schluechthaus, dat géif duergoen. Mee op d’mannst déi, déi awer hei duerchfueren, déi misste vill méi kontrolléiert ginn.
Dofir ass et wichteg, dass an dëser Administratioun d’Déiererechter vill méi kontrolléiert a vill méi res- pektéiert ginn. An ech weess, dass een dofir och méi Budget a méi Personal brauch. Mee fir eis Piraten ass et ganz kloer, dass, wa mir d’Déieren halen, fir dass se herno op eisem Teller an duerno am Bauch landen, da musse mer awer och alles maachen, dass hinnen déi Zäit virdru sou angeneem an agreabel wéi méig- lech ass an dass och dee Moment, wou se dann eebe geschluecht ginn, ënner enger ganz strenger Kontroll stattfënnt, dass do keng eng Schinn ass, wou een nach kann Abus dreiwen. Well et ass wierklech do, wou d’Déieren herno immens vill leiden: vum Trans- port bis zur Schluechtung.
An do setzen ech elo mäi Vertrauen an de Minister, dass an deenen nächste Joren hei an der Verwaltung
nach eng Kéier e Gang bäigeluecht gëtt an dass och d’Personal opgestockt gëtt, fir dass se eeben – wat ech ëmmer als Feedback vum Terrain kréien – méi Méiglechkeete kritt, méi Stonne kritt, fir déi Kontrol- len ze maachen. Dat gehéiert och zur Liewensmët- telsécherheet, well bekanntlech kann een e gutt Liewensmëttel just hierstellen, wann de Bauer och fir e gutt Liewe vum Béischt gesuergt huet.
Merci.