Projet de loi 7514, eng Rei Ofännerungen am Kader vun der aktueller administrativer Iwwerwaachung vun de Gemengen duerch de Staat

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci der Madamm Simone Asselborn-Bintz fir dee gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport, soudass ech net méi op all déi eenzel Punkte muss agoen.

Et ass elo déi éischt Etapp, an et ass och elo véier, fënnef Méint hier, dass mer jo hei driwwer geschwat hate mat all de Proposen. An do hat ech der jo ganz vill ubruecht, soudass ech op déi nächst zwou, dräi Etappen nach hoffen, dat déi eenzel Punkte mat kën- nen ëmgesat ze ginn, ouni elo nach eng Kéier ze wid- derhuelen, wat ech deemools scho gesot hat – mir hunn de Moien nach e volle Programm!

Dat mat der Procuratioun, dat begréisse mir Piraten natierlech, well dat ass net nëmmen eppes Klenges, esou gesinn, wat ka geschéien, et ass nämlech a sech an der politescher Landschaft d’Méiglechkeet, dass an Zukunft och Koalitiounen zustane kommen, déi op nëmmen ee méi ziele mussen. Soss war et ëm- mer esou, dass een e bësse méi wackeleg war oder e bësse gefaart huet, wann nëmmen eng Stëmm Ma- joritéit war. D’Procuratioun erméiglecht do elo awer a sech eng aner politesch Landschaft duerch dëst Gesetz.

Dass d’Interessekonflikter elo kloer gereegelt ginn, begréisse mer, an dass natierlech den elektroneschen Transfert elo kënnt, dat kënne mer als Piraten just be- gréissen.

Ech hunn haut eng Motioun matbruecht fir nach méi Transparenz an de Gemengeréit. Et ass nämlech e Sujet, dee jo och opkënnt. Mir hu virdrun iwwert d’Videokonferenze geschwat, mee d’Motioun hunn ech haut matbruecht, fir dass mer en obligatoresche Livestream géifen aféieren. Do ass d’Iddi derhan- nert: Et si verschidde Gemengen, déi hu schonn e Livestream, wou d’Bierger kënnen nokucken, ouni sech an de Gemengerot ze deplacéieren, wou se och kënnen eppes nokucken, no der Aarbecht oder week- ends, wat am Gemengerot geschitt ass. Dat ass fir eis einfach e ganz groussen Deel vun der Biergerbedee- legung an och vun der Transparenz.

Dofir, well dat heiten elo haut déi éischt Etapp ass, hunn ech d’Motioun matbruecht, fir dass mer kënnen driwwer diskutéieren an driwwer ofstëmmen, datt mer sollen an Zukunft dohinnergoen, dass mer de Bierger vill méi Méiglechkeete ginn, wat d’Transpa- renz an och wat d’Nosiche vun de politeschen Dossie- ren ugeet.

Motion 1

D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:

– Gemengerotssitzunge sinn nom Prinzipp vum Artikel 21 vum Gemengegesetz alle Biergerinnen a Bierger ëffent- lech zougänglech;

– d’Ëffentlechkeet an d’Transparenz stäerken d’Demokra– tie an d’Unerkennung vun den demokrateschen a rechts- staatlechen lnstitutiounen, well d’Bierger d’Decisioune vun hire Volleksvertrieder novollzéien an och a Fro stelle kënnen;

– Ëffentlechkeet an Transparenz stäerken d’Vertraue vun de Bierger an d’politesch Decisiounen an hëllefe géint d’Verbreede vun Desinformatioun;

– d’Ëffentlechkeet an d’Transparenz vu Gemengerots- sitzunge si verbesserungswierdeg, well d’Sitzungen oft wärend de regulären Aarbechtszäite vu ville Biergerinnen a Bierger stattfannen, d’Bierger sech zu där Zait physesch an d’Gemeng deplacéiere mussen an dofir Congé missten huelen an och, well d’Plazen am Sall vum Gemengerot li– mitéiert sinn;

– den Internet ass e Mëttel, dat als Bréck tëschent de Bierger an der Politik ka genotzt ginn, a verschidde Ge- menge bidden op där Basis eng Live-lwwerdroung vun hire Gemengerotssitzungen am Videoformat un, déi nom Ofschloss vun der Sitzung integral um lnternetsite vun der Gemeng ze fannen ass.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéier- ten d’Regierung:

1. eng Dispositioun anzeféieren, déi d’Live-lwwerdroung vu Gemengerotssitzunge souwéi d’Publikatioun vun de Sitzungen um lnternetsite vun der Gemeng am Toun- oder Videoformat obligatoresch mécht.

(s.) Marc Goergen.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a