M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Et ass e schwieregen Text, deen awer a sengen Deeler zum Schutz vun der Gesellschaft a virun allem och zu dem Schutz vun de Beamten am Asaz wäert bäidroen. Et ass en Text, wou mir als Piraten laang dermat ge- hadert hunn an nach ëmmer Bedenken hunn, well esou eng Duerchsichung awer eppes Desagreabe- les ass fir déi zwou Säiten, souwuel fir d’Beamten, mat deene mer geschwat hunn – well déi ginn oft vergiess bei där Thematik –, fir d’Beamten, déi esou intim Duerchsichunge musse maachen, wéi och fir d’Leit, déi eeben duerchsicht ginn. An do ass et un eis als Parlament an och herno als Staat, fir deene Leit, déi duerchsicht ginn, de méiglechst gréisste Schutz awer nach ze ginn.
Hei bei dësem Gesetz gouf an der Justizkommissioun vill driwwer diskutéiert. Hei ass eent vun deene Geset- zer, wou ee ka soen, et geet net esou eraus, wéi et erakomm ass. Et ware gutt Avise geschriwwe ginn. An hei huet sech och gewisen, dass déi eenzel Avisen och hire Feedback kruten an déi Iddien och iwwerholl gi sinn, wat op dëser Thematik immens wichteg ass, well den Input vu baussen hei immens wichteg war fir d’Kommissioun. A wann een esou vill Schutz opbaut, muss een herno och, wann ee sech dernieftbehëlt, sief dat de Beamten oder deen, deen duerchsicht gëtt, Méiglechkeete gi fir déi zwou Säiten, sech herno kën- nen auszedrécken, an dass dat dann eeben net méi virkënnt.
Mir hunn elo kloer Reegelen, déi eiser Meenung no awer mussen no engem Joer nach eng Kéier analy- séiert ginn. Mir musse kucken: Huet dëst Gesetz, esou wéi et geplangt ass, esou wéi elo d’Verbesserungen duerch d’Mënscherechtskommissioun komm sinn … Ass et duergaange mam Schutz? Ass et duergaan- gen, fir dass mer net awer heiansdo iwwert d’Sträng schloen?
Mir wäerten haut dësem Text mat ville Bedenken zoustëmmen. Et ass, mengen ech, fir keng Partei en einfache Sujet. Et ass och e Sujet, deen zum Deel ganz emotional ass. Et ass awer och esou, dass mer, wéi den OKaJu jo hei war, och schonn eng Diskussioun haten, déi elo net direkt dëst Gesetz betrëfft, mee mech immens beréiert huet. An dat ass, dass de Staat higaangen ass an en huet am ganz intime Beräich Miessunge virgeholl fir ze kucken, wéi al ee soll sinn. Dat sinn och esou Gesetzer, déi ech wëll uschwätzen, dass et … Bei de Flüchtlinge war dat, bei Leit, déi hei Schutz gesicht hunn. Dir kënnt et noliesen am Rap- port vum OKaJu. Dat hat mech immens schockéiert. An dat ass och e Gesetz, wou mer eng Kéier mussen nobesseren, fir dass déi Jonk, déi hei am Land Schutz sichen, eeben net sech mussen esou Praktiken ënner- zéien, fir dass se herno den Alter erausfannen.
Ech soen dem Charles Margue Merci fir deen ausféier- leche Rapport a virun allem och fir déi Oppenheet an der Kommissioun, dass mer déi Avisen alleguerte konn- ten duerchhuelen an deementspriechend och déi No- besserunge maachen, well d’Gesetz ass awer elo en Tickchen, soe mer souguer e groussen Tickche besser, wéi et am Ufank erakomm ass. Merci.