Projet de loi 6054 iwwert d’Refonte vum Droit centenaire vun den Associatiounen a Fondatiounen

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem Rapporter … Da geet et erëm e bësse méi roueg zou. Merci dem Rapporter fir dee gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport an och fir déi gutt Fläissaarbecht an der Kommissioun, wou mer alle- guerten a sech déi Froen, déi elo opgeworf gi sinn, schonn eng Kéier beäntwert haten.

Plusieurs voix | Genau!

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci och alleguer- ten de Leit, déi an enger ASBL täteg sinn, sief et am Kommitee oder Member, well et ass wichteg fir eis Gesellschaft, dass d’Veräiner um Liewe sinn an dass vill Veräiner, déi e sozialen Zweck erfëllen, hiren Déngscht kënne maachen. Dofir musse se attraktiv bleiwen. A mat dësem Gesetz schaaft een e Kader, dee sécherlech e bësse méi limitéiert ass – do kom- men ech herno nach drop zréck –, deen awer richteg ass, fir eis Veräiner an d’ASBLen ze moderniséieren.

Well och do muss ee soen, dass een net méi ka schaffe wéi virun 30, 40 Joer, an hautzudaags duerch d’Digitaliséierung och sécherlech aner Weeër erfuer- derlech gi sinn, grad wat och de Blanchiment an d’Geldwäsch ugeet. Déi Leit, déi de Moie scho fläis- seg zum Beispill de Reporter.lu gelies hunn, déi hu matkritt, dass et do esou e Fall zum Beispill ginn ass, wou iwwer eng ASBL mat zwee russeschen Oligarche mat Memberskaarte vu 7.500 Euro an esou weider alles – kommt, mir soen et emol – optiméiert ginn ass. Ech soen dat elo ënnert der Reserv vun deem, wat ech do gelies hunn: „optiméiert ginn ass“. An et ass genau dat heite Gesetz, wat esou eppes net méi wäert erméiglechen.

Dat heescht, déi Abusen ass et ginn. Natierlech ass et 0,1 %, wou déi Abuse waren, mee et sinn awer déi Abusen, déi ee muss verhënneren. Et sinn déi

Abusen, wou ee muss virgesinn, dass dat net méi ge- schitt. Et ass sécherlech net de klenge Spuerveräin, deen erwäänt ginn ass, oder d’Musek, déi op esou Abuse setzt oder wou iergend e Problem war. Nee, et sinn eeben nun emol déi aner ASBLen, déi herno net als Stëftung/Fondatioun – an, ech mengen, dat steet och am Artikel; gerechterweis soen ech dat och – unerkannt gi sinn, well eeben och do gutt drop opgepasst ginn ass, dass déi ASBLe keng Magouillen dreiwen.

Jo, mir hunn och an der Kommissioun länger disku- téiert iwwert d’Montanten, iwwer „wéi vill Personal?“. Ech war och President vun enger Musek, wou mir elo iwwert déi 50.000 an déi 100.000 kommen. Déi Mu- sek gëtt et elo iwwer 100 Joer. Dann huet een eppes Gewëssenes ugespuert, hëlt een d’Instrumenter der- bäi, jo …

Op där anerer Säit muss ech awer och soen, aus dem Gemengeliewen – an déi Fro hunn ech mer scho méi oft gestallt –, wann ee ganz realistesch kuckt, ass och keng wierklech Kontroll do. Et geet een owes op eng Generalversammlung. Do kritt een dann de Rapport vu wivill Thüringer verkaaft gi sinn an alles schnell ge- wisen. Am Endeffekt ass awer net wierklech eng Kon- troll do. Wann déi Veräiner wierklech méi wéi 50.000 Ëmsaz hunn oder déi 100.000 Avoiren – dat war bis elo net wierklech schnell do –, dann ass geklappt ginn an da war et fäerdeg.

Wann do iergend eng schwaarz Keess oder eppes war, da war net ëmmer wierklech d’Kontroll do. An dofir ass dëst Gesetz awer elo de richtege Wee, dass mer soen: Ab engem gewëssenen Ëmsaz, wou et inte- ressant géif ginn, dass een do awer och duebel Kon- trollen aféiert. Et ass net, fir dass déi Veräiner solle klenggehale ginn, mee am Contraire: Et ass och do fir d’Transparenz, fir dass d’Membere kënnen do déi Transparenz kucken.

Ech sinn och frou, dass dee Punkt vun de Members- lëschte verbessert ginn ass. Mir hate jo och do e Ge- setzestext eraginn. Deen ass elo hei mat eragefloss. Mee bekanntlech wéinst dem Dateschutz hate mir Piraten scho gesot, dass d’Memberslëschten net méi solle public sinn. Well mir gesinn net an, dass engem seng Daten, wann een an enger Musek spillt oder wann een an engem Fussball ass, dass déi iergend- zwousch sollte public consultabel sinn.

Dofir hu mer scho méi fréi gesot: Déi Memberslëschte musse mam Dateschutz konform opbewaart ginn – an dat ass an dësem Gesetz erëmzefannen –, andeems se just dierfen um Siège vun der ASBL consultéiert ginn. A se dierfen och net erausgoen! Dat ass ee vun de wich- tege Punkten. Well et ka jo net sinn – Dir hutt Veräiner, déi hu 5.000, 6.000 Memberen, dat ass e Risendate- satz –, dass dee public iwwerall ënnerwee ass.

Déi aner Fro, déi mer nach opwerfen, dat ass awer eng Fro, déi scho länger am Raum steet. Dat ass de Statutt vun de Parteien. Et gëtt gewësse Parteien, déi ënnert den ASBLe fonctionéieren, anerer fonctio- néieren an esou engem e bësse loftleere Raum. Dat ass och en Theema, deem mer eis eng Kéier mussen unhuelen, wa mer iwwert d’ASBLe schwätzen: wéi mer an Zukunft mat de Parteien ëmginn.

(Interruptions)

Well eenzel Parteien, déi eng ASBL sinn, déi sinn och elo betraff hei vun deem Gesetz. Dat heescht, fir déi huet dat och gewëssen Auswierkungen. Do musse mer eng Kéier kucken, wéi e Statutt mer de Parteie ginn. Well wann déi eng eng ASBL sinn, déi aner sinn esou e bëssen e loftleere Raum, wou iergendwéi sech eppes …

(Interruption par M. Charles Margue)

Jo, Dir wësst, wat ech mengen. Dat ass e bëssen: Se sinn do, aus Traditioun se si se do, mee sinn awer net ganz kloer gereegelt.

Op där anerer Säit dann d’ASBLen. Do musse mer eis och eng Kéier an der Justizkommissioun vläicht zesummesetzen, wéi een dat kloer reegelt. Well, wéi ech elo grad gesot hunn: Verschiddener si betraff hei vun deenen neien ASBLs-Reglementer, anerer net.

Dann, wéi an den Avise geschriwwen: Jo, et gëtt ASBLen, déi … ech erkennen dat och un. Huele mer bei eis an der Gemeng de CIGL. Dee mécht eng won- nerbar Aarbecht, mee a sech mécht en awer och als ASBL eng Aart a Weis Commerce, wou de Gäertner am Duerf da vläicht manner Clientë kritt.

Dat ass an den Avisen ugeklongen. Dat ass och en Theema, dat ee politesch eng Kéier muss opwerfen, well déi kënnen aner Tariffer, aner Präisser maachen, aner Konditiounen. An dann huele se, obwuel se eng ganz nobel Cause hunn, awer den Handwierksbetri- ber am Duerf e puer Clienten ewech. An dat ass ee- ben … Si mer do schonn am Commerce? Si mer do nach am …? Et ass déi Vermëschung, déi herno im- mens schwiereg ass.

Dann zum leschte Punkt. Wa mer iwwert d’ASBLe schwätzen, muss een och eng Kéier – dat ass zwar elo éischter fir d’Finanzministesch – driwwer schwätzen, wéini dass déi Donen ofsetzbar sinn. Well mir Piraten denken, dass den aktuelle System och net wierklech, soe mer, transparent a gerecht ass.

Huele mer elo einfach de Fall: Ech wëll menger Musek e Stéck stëften. Stëften ech menger Musek zu Rolleng dat Stéck, setzen ech et net steierlech of. Loossen ech et iwwert d’UGDA lafen, dann ass et steierlech ofsetz- bar. Dat ass einfach e Fall, dee mer haut an enger mo- derner Legislatur missten anescht reegelen.

Ech weess, et ass fir d’Finanzministesch, mee et ge- héiert awer fir mech och zu den ASBLen, well d’ASBLe liewen nun emol och vun Donen. An dass een do en anere Wee ka fannen. Well et ka jo net sinn, dass een iwwer ee muss uewe fueren, deen natierlech den Agrement kritt huet – an ech ginn Iech do Recht, dass dat muss streng kontrolléiert sinn –, deen en dann awer weidergëtt, dat heescht, am Endeffekt awer dee selwechte Wee géif huelen, wéi wann ech direkt menger Musek am Duerf et géif spenden. An deem- entspriechend, dass een och eng Kéier iwwert dat Theema diskutéiert.

Mir wäerten haut eisen Accord ginn, well dëst Gesetz d’ASBLe moderniséiert an och de Veräiner méi Trans- parenz schaaft. An et ass eeben dat dee Punkt, wou mir Piraten Wäert drop leeën, dass mer géint Geld- wäsch sinn an dass mer fir méi Transparenz sinn an, wann do Problemer sinn, dass déi och kloer wäerten opgedeckt ginn. A mir freeën eis natierlech, dass d’Memberslëschten elo dateschutzkonform sinn.

Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an