Projet 8131 ëm d’Finanzéie- rung vun de Sécherheetsservicer vun den Heemer a vun den administrative Gebaier vum Office national de l’accueil

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech profitéieren dann och, wat ech virdrun net gemaach hat aus Mangel un Zäit, fir dem Här Yves Cruchten fir all déi vill Rap- porten, souwuel mëndlech wéi schrëftlech, Merci ze soen. Iergendwéi léise sech jo ëmmer déi nämmlecht Riednerinnen a Riedner e bëssen of, wann et ëm déi nämmlecht Theeme geet. Dat heescht, ech weess, dass et net nëmmen d’Riedeschreiwen ass, mee et ass och d’Rapporteschreiwen, wat nach e bësse méi Aarbecht ass, dofir wierklech e grousse Merci op dë- ser Plaz ausgedréckt.

Mat dëser Loi spéciale – an dat ass et jo – soll sécher- gestallt ginn, datt den ONA den Artikel 99 vun der Verfassung respektéiert, wat d’Käschte fir de Service de gardiennage ugeet. Mir decken heimat engersäits d’Period bis 2023 of, gesinn awer och bis 2027 118 Millioune fir Sécherheetspersonal vir. Wéi vill Leit bis 2027 iwwert dëse Wee awer agestallt wäerte ginn, dat geet net esou ganz kloer aus deem Text ervir. An enger Fro vu mir aus dem Mäerz vun dësem Joer krut ech nämlech gesot, an ech zitéieren: „Dëst wäert vun den Ouverturen a Fermeturë vun de Sitten an den nächste Joren ofhänken“, Zitat Enn.

Fir dëst Gesetz hunn awer missen iergendwellech Estimatioune gemaach ginn, soss géif d’Regierung d’Chamber jo net froen, fir 118 Milliounen Euro fir déi nächst véier Joer bereetzestellen. Wéi genau déi ausgesinn, dat schéngt kee wëlle sou genau ze soen. Esou geet Transparenz awer net, léif Kolleeginnen a Kolleegen, an och Här Minister! Transparenz brauch kloer Donnéeën. A mir Piraten verstinn och, datt den ONA weidert Personal brauch. Mir wëlle schliisslech, datt all déi Leit, déi eng Demande de protection maa- chen an déi de Statutt dann och kréien, hei gutt opge- huewe sinn. Et geet also guer net ëm d’Fro: Brauche mer dat Personal?

Mir sinn awer och der Meenung, datt verschidden Aufgaben, déi haut dem Sécherheetsbeamten ënner- leien, sollten a kéinte vun anerem Personal gemaach ginn. Ech denken un d’Gestioun vu Stocken, d’Bestel- lung vu Stock, d’Iwwerwaachung vun engem Botz- plang – alles Aufgaben, déi laut Äntwert op meng Fro vun dëse Sécherheetsbeamten iwwerholl ginn. Dat schénge fir eis awer net wierklech Aufgabe fir Sécher- heetspersonal ze sinn. Et handelt sech heibäi entwee- der ëm administrativ Tâchen, an déi sollten dann och vun enger Persoun mat deementspriechendem Pos- ten iwwerholl ginn, oder et handelt sech ëm eng Po- sitioun, déi méi Mediateur wéi Sécherheetsbeamten ass. Wann zum Beispill Leit d’Material net respektéie- ren, de Botzplang net respektéieren, brauch et direkt e Sécherheetsbeamten, fir dat ze maachen, oder géif do net e Médiateur interculturel méi Sënn maachen?

A mir kruten, wéi mir de Bâtiment T kucke waren, na- tierlech gesot, datt et Problemer mam Rekrutement vum néidege Personal gëtt. Mee datt mer dann déi Lächer mat Sécherheetsbeamte wëllen opfëllen, ass vläicht net déi eenzeg Léisung. Mir Piraten sinn dofir

der Meenung, datt d’Tâchen, déi dës Sécherheets- beamten haut iwwerhuelen, sollten op de Leescht ge- holl ginn a wann néideg un anert Personal weidergi ginn. An deem Fall bräichte mer da vläicht manner Gardienen an deenen nächste véier Joer, mee dofir méi Leit mat anere Posten.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech wëll awer nach ganz kuerz op den Ausruff vum Yves Cruchten agoen, dee gesot huet, dat wär net esou. Ech erënnere mech ganz gutt, datt, wéi mir am Bâti- ment T waren, mer gesot kruten, datt owes, iwwert d’Nuecht keng Mediateuren do wären an datt wärend där Zäit d’Sécherheetsbeamte géife mediéieren. Ko- mescherweis ass dat awer grad dee Moment, wou laut eegenen Aussoe vum ONA déi meescht zwë- schemënschlech Konflikter entstinn. Dat heescht, mir hunn eng kokass Situatioun, datt dee Moment, wou déi meescht Konflikter entstinn, déi mannst speziell geschoult Leit do sinn, fir déi Konflikter ze léisen, mee dofir d’Sécherheetsbeamten.

Elo kënnt Dir soen: „Hir Aufgabe ginn net vum Sé- cherheetspersonal iwwerholl, zumindest net de jure“, mee de facto ass et awer esou, dass dann d’Sécher- heetspersonal muss derzwëschent goen, wa kee Mediateur disponibel ass. An da kommen ech och dozou, firwat mir eis haut wäerten enthalen: Eis ass heimadder ze vill onkloer an et gëtt ze vill Froen, déi opbleiwen, kee konkreete Plang, wéi mer hei an Zu- kunft méi Personal rekrutéieren, dat déi Tâchë mécht, déi haut un d’Sécherheetsbeamte geoutsourcet ginn, an dat fanne mir net de richtege Wee.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a