Projet 8050, de Projet de loi iwwert d’Finanzéierung vum Fënnefjoresplang fir d’Entwécklung vun den touristeschen Infrastrukturen

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Madamm Presi- dentin. Merci dem Carole Hartmann fir dee gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport. Ech kéint elo nach e Best-of vu menge Rieden iwwert den Touris- mus aus de leschte fënnef Joer bréngen, mee ech

erspueren Iech dat. Mir kucke jo elo op déi nächst fënnef Joer viraus.

Ech wollt awer op ee Punkt agoen. Dat ass och deen, deen ech an der Kommissioun ugeschwat hunn a wou Der och bereet waart, dat am Text ze verbesseren. Do stoung nämlech am Ufank mat de Jugendherbergen, dass just de Kriterium wär, dass ee moderat Präisser misst ubidden an eng Memberskaart. Da wären awer och vill kommerziell Zwecker méiglech gewiescht, well „modéré“ ass e ganze Lastik gewiescht. An ech wollt awer do der Kommissioun an der Madamm Presidentin och Merci soen, dass dat nach eng Kéier nogebessert ginn ass an dass een elo muss bei der Youth Hostel Association unerkannt sinn, soudass mer och sécher sinn, dass et net kommerziell Jugend- herberge sinn, déi duerch dës Hëllefen Ënnerstëtzung fannen.

Mir wäerten och d’Zoustëmmung zu dësem Projet ginn. Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a