Project de loi portant modification de: 1° la loi modifiée du 17 décembre 2010 concernant les organismes de placement collectif; 2° la loi modifiée du 17 avril 2018 relative aux document d’informations clés relatifs aux produits d’investissement packagés de détail et fondés sur l’ssurance.

M. Sven Clement (Piraten)

Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, merci als Éischt och un de Rapporter, den André Bauler, deen e gewinnt pedagogesche Rapport hei presentéiert huet, woumat u sech schonn de Gros zu deem Projet gesot ass, wat den Inhalt ugeet. Mir schafen also déi legal Basis, fir europäesch Pensiounsproduiten och zu Lëtzebuerg unzebidden. D’Zil vun dëse PEPPen – Peppen – ass jo, fir en europäesche Bannemaart fir Renteproduiten ze schafen, wou d’Leit duerch eng europäesch Konkurrenzsituatioun solle kënne vu bessere Präisser profitéieren. Mir alleguerte kennen dat: Et ass elo erëm d’Saison vun de Steiererklärungen, jiddweree vun eis hat e Bréif an der Boîte, an ee vun de Produiten, deen ee jo ofsetze kann, sinn déi ominéis Zousazpensiounen. An hei gëtt elo also e weidere Produit erméiglecht, dee de Leit genau dat erlaabt, also eng Virsuerg ze hunn. An dat gëtt och staatlech subventionéiert. Virun allem solle mer awer mat deem heite Projet de Leit et erspueren, wa se vun engem Land an dat anert plënneren, onnéidege Pabeierkrom mussen ze maachen, well déi Produiten eeben tatsächlech iwwert d’Grenz kënne matgeholl ginn. Et kann een, egal wou een an der EU wunnt, herno an déi Produite cotiséieren a se ginn dann och an alle Länner offréiert. An, ben – dat wëll ech dann awer och net vergiessen -, et kann een et och mat Net-EU-Staate maachen, wann da bis Accorde géife bestoen. Do bleift ofzewaarden, wéi séier dat geet. Dat si jo dann och europäesch Kompetenzen. Do wëll ech elo guer net virgräifen, wéi séier dat geet. Dat kann heiansdo ganz séier goen. Heiansdo kann dat awer och ganz, ganz laang daueren, soudatt verschidde Leit haut ufänke mat investéieren a warscheinlech bis zu hirer Pensioun nach keen Accord mat deem engen oder aneren Net-EU-Land wäert stoen. Mir Piraten fannen et an deem Kontext gutt, datt Basisproduite geschaaft ginn, wou d’Sue vun de Leit ofgeséchert sinn. Och dat war eis wichteg. An datt d’Leit duerch eng Berodung ganz kloer solle gesot kréien, ob d’PEPP-Produiten eppes fir se sinn oder eeben net. Well och esou e Produit ass net fir jiddwereen eppes. Fir ganz vill Leit geet u sech déi ëffentlech staatlech Renteversécherung duer. An och dat ass wichteg ze soen. Dat heite soll wierklech just als Zousaz déngen do, wou et Sënn mécht, an all Mënsch muss och an Dignitéit kënnen am Alter liewen, wann e keng
Zousazpensioun ofgeschloss huet. Also et ass wichteg: Et geet hei ëm en Zousaz. A mir wëllen domadder op kee Fall de staatleche Rentesystem a Fro stellen. Ech hat och net d’Gefill, datt dat an der Kommissioun gemaach gi wier. Et war éischter souguer e ganz staarke Wëllen do fir ze soen: Mir prioriséieren déi ëffentlech Pensiounskeess. An dat heiten ass wierklech en Zousaz fir do, wou et Sënn mécht, virun allem, wann een eebe grenziwwerschreidend aktiv ass. Et ass also fir eis hei e schéine Plus, mee kee Fräifaartschäin, fir elo op anere Plazen d’Rechter vun de Konsument/innen an Europa verwässeren ze goen.


Här President, ech kann eisen Accord elo schonn dozou ginn, net ouni awer vläicht op deen nämmlechte Bemoll wëllen hinzeweisen, wéi de François Benoy dat elo grad gemaach huet, an dat ass natierlech de Volet vun: A wat investéieren déi Produiten dann? An hei, mengen ech, ass et wichteg, duerch déi Entscheedung, déi d’Europäesch Kommissioun elo geholl huet, wat d’Taxonomie ugeet, datt ee wierklech op Transparenz setzt, datt déi Produiten, déi zu Lëtzebuerg herno kommerzialiséiert ginn, transparent maachen, a wat se hannendrun investéieren. An zwar net nëmmen no de Kategorië vun der Taxonomie, mee vläicht doriwwer eraus. Se kënne jo fräiwëlleg méi wäit goen an hiren Informatiounsdokumenter, fir et esou de Konsumentinnen a Konsumenten ze erméiglechen, eebe grad déi Saache wéi Atomenergie, wéi Gas net an hirem Portefeuille ze hunn. Ech mengen, datt dat sënnvoll wär. An ech maachen hei e ganz fermen Appell un déi Assurancëfirmen, déi dat dann iergendwann eng Kéier wëlle kommerzialiséieren, un déi Banken, déi
dat wëlle kommerzialiséieren: Sidd transparent! Limitéiert Iech net op de Minimum! An erméiglecht et de Konsumentinnen a Konsumenten, wierklech hei e Choix ze treffen en connaissance de cause, ouni eeben herno eppes kaaft ze hunn, wat se u sech guer net kafe wollten.
Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

D’Piraten hu sech iwwert déi lescht Joren fir den TICE staark gemaach mam Ziil, den Erhalt vum ëffentleche Bussyndikat ze garantéieren an eng Privatiséierung
D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier