M. Sven Clement (Piraten)
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, datt d’Piraten kee grousse Frënd si vun der Späicherung vu biomeetreschen Daten, ass, mengen ech, keng Iwwerraschung. Mir hätten et duerfir och léiwer gesinn, datt deemools bei der Aféierung vun der biomeetrescher Carte d’identité decidéiert gi wier, de Biergerinnen a Bierger de Choix ze loossen, ob se eng nei elektronesch oder léiwer eng traditionell Kaart wéilten, mat allen Aschränkungen, déi domadder eventuell verbonne gewiescht wieren, wann een de Choix vun enger net elektronescher Kaart geholl hätt. Fir d’internationaalt Reese gëtt et jo um Niveau
driwwer nach de Pass, wann een deen da gebraucht hätt, wann een dat hätt wéilte maachen. Duerfir bedauere mer e bëssen déi prinzipiell Astellung ze soen: „D’Carte d’identité gëtt par défaut biomeetresch.“ Bref, elo hu mer se, se ass do, et ass Gesetz, et gëtt eng europäesch Direktiv, déi seet: „Et muss méi drop gespäichert ginn.“ An dat setze mer ëm. Dat maache mer dann, well dee Choix gouf de Biergerinnen a Bierger leider net gelooss, wéi dat agefouert gouf, soudatt mer also elo musse kucken, wéi een dat am beschten ëmsetzt. An do begréissen ech ganz ausdrécklech, an dat wëll ech awer och hei soen, de Choix vu Lëtzebuerg, fir déi Donnéeën, déi op der Carte d’identité herno gespräichert sinn, nëmmen zwee Méint ze halen. Et ginn aner Länner, déi do däitlech méi wäit gaange sinn an déi d’Fotoen, d’Ënnerschrëft an och d’Fangerofdréck däitlech méi laang op staatleche Serveren hale wéi Lëtzebuerg. Dat heescht, mir maachen do schonn eng datespuersam Approche. Wa mer se zwar och erhiewen, esou läsche mer se wéinstens relativ zackeg. Mir begréissen, an dat wëll ech och soen, bei deem heite Projet ganz, ganz kloer, datt mer 25 % Neiemissioune vu Carte-d’identitéen aspueren, andeems mer déi Commune de délivrance sträichen. Dat ass e Artefakt warscheinlech nach aus Zäiten, wou ee mat Postkutsch a Päerd zwëschent de Gemengen hin- an hiergeridden ass a wou et wichteg war ze wëssen, wéi eng Gemeng dann déi Kaart emettéiert huet. Well u sech ass et jo wierklech just nach d’Commune de délivrance an net méi d’Commune émettrice. Et ass jo esou, datt de Staat d’Carte d’identité emettéiert an u sech d’Gemenge se just nach delivréieren. Dat huet historesch eppes mam Wunnsëtz ze dinn. Dat bréngt awer grad bei enger mobiller Populatioun net méi vill. Duerfir ass dat definitiv ze begréissen. Mir ënnerstëtzen och d’Entscheedung, datt d’Späichere vun de Fangerofdréck fir Kanner ënner zwielef Joer fakultativ soll sinn. Ech denken, datt et sécherlech méiglech ass, wéi och an der Kommissioun diskutéiert, datt ee Kanner derzou kritt, hir Fangerofdréck ze ginn, datt déi dat warscheinlech och nach interessant fannen. Et ass awer sécherlech net esou, datt ee muss do méi streng si wéi de Minimum, deen an der Direktiv virgesinn ass. Dofir och hei de Feu vert vun eis. Och déi nei Formuléierung, déi all Form vun informateschem Dispositif, deen d’Identitéit vun enger Persoun an d’Authentizitéit vun enger Demande garantéiere kann, aschléisst, onofhängeg vu senger konkreeter Form, dee fënnt eis Zoustëmmung. Ech weess, dat kléngt elo alles ganz komplizéiert. Konkreet bedeit dat, datt ee säi PIN nëmmen eemol muss aginn, wann een eng Demande beim RNPP mécht, an net zweemol. Dat ass eng kleng Simplification administrative fir de Bierger an et erméiglecht och, datt de MyGuichet kompatibel gëtt potenziell mat internationalen Identitéitskaarte wéi zum Beispill enger belscher, eng portugisescher, enger franséischer, eppes, wat iwwregens ënnert dem europäeschen eIDAS-Standard souwisou scho virgesinn ass. Aus genau deene genannte Grënn wäerte mir Piraten deem virleiende Projet hei zoustëmmen, och wa mer, wéi gesot, der Späicherung vu biomeetreschen Date generell kritesch géintiwwerstinn, well mer awer denken, datt deen hei gewielte Wee een ass, deen et engem erlaabt, d’Virgabe vun der EU ëmzesetzen, soudatt keng Date méi laang gespäichert sinn, wéi se néideg sinn. Dat ass fir eis den ausschlaggeebende Punkt an duerfir wäerte mer haut mat Jo stëmmen, dat net, ouni nach dem Rapporter Merci ze soe fir säin detailléierte mëndlechen, awer och schrëftleche Rapport.
Ech soen Iech Merci.