LOUNEN méi erschwénglech maachen

Inhalt

Ëffentlech Wunnengen no klore Krittäre verlounen a verkafen

Mir hunn ee Mangel u Wunnengen an et ass kloer, dass op kuerz Zäit net genuch Wunnenge kënne gebaut ginn, fir déi aktuell Nofro ze bedéngen. Ëffentlech Wunnenge sinn ee seelent Gutt an dofir musse bei der Vergab vun ëffentleche Wunnenge Prioritéiten opgestallt ginn. 

D’Piraten:

  • Begréissen d’Aféiere vun engem nationale Register fir ëffentlech Wunnengen (RENLA);
  • Wäerten een transparente Punktesystem opstellen, bei deem d’Leit jee no hirer Liewenssituatioun eng Prioritéit fir eng ëffentlech Wunneng wäerte kréien.

Mietkauf och um Privatmarché aféieren

D’Etüde vum Observatoire de l’Habitat weisen, dass ee klengen Deel un Eenzelpersounen a Firmen ee groussen Deel vun de Bauterrainen hei am Land besëtzt. Et ginn och Beispiller vu Persounen, déi méi wéi honnert Wunnengen hei am Land besëtzen. D’Piraten si kloer géint d’Enteegnung, well dat d’Investitiounen an de lokative Wunnmaart géif ausbremsen, wat fatal Konsequenze fir d’Bauaktivitéit hätt. Wien wéilt nach weider Locatiounswunnenge bauen, wann e weess, dass en se kéint wechgeholl kréien ?
D’Piraten hunn eng besser Léisung, fir d’Besëtzverhältnisser um Wunnengsmaart ze kippen. Mir wëllen de Mietkauf och um Privatmarché aféieren an d’Proprietären, déi domadder Locatairen den Zougang zu hirer éischter Wunneng erméiglechen, steierlech entgéint kommen.
De Locataire soll een Exklusivrecht kréien, fir dem Proprietär d’Wunneng no e puer Joren zu engem raisonnabele Präis ofzekafen. D’Loyeren, déi de Locataire bezuelt huet, kënnen zum Deel vum Präis, deen am Mietkontrakt festgehalen ass, ofzéien. Am Géigenzuch dierf de Proprietär d’Wunneng verkafen a kann dofir Steiervirdeeler geltend maachen. Mat dëser Moossnam motivéiere mer méi Proprietären hir Wunneng ze verkafen. Gläichzäiteg motivéiere mer d’Investisseuren, fir an de Bau vu weidere Wunnengen z’investéieren. Abusë sollen duerch den Abau vu Schutzklausele fir d’Locatairë verhënnert ginn.

Fair Loyeren ënnerstëtzen

Aktuell gëtt de Staat Milliounen Euro d’Joer fir Logementsbäihëllefen aus. Dës Sue kritt de Locataire vun enger Wunneng, wann d’Käschte fir de Loyer ze vill Sue vu sengem Akommes verschléngen.
Ekonomesch gekuckt mécht déi Hëllef eleng gesinn net vill Sënn, well de Proprietär vun enger Wunneng tëschent ville Leit auswiele kann, déi d’Hëllef kréien an deemno de Präis vu sengem Loyer erhéije kann. D’Hëllef dreift also d’Präisser am ënneschte Präissegment an d’Luucht, well niddreg Salairen sech géigesäiteg Konkurrenz maachen, wärend d’Proprietäre keen Usporn hunn, fir mam Präis erofzegoen.

Mir Piraten fannen:

  • Dass een de System vun de Loyershëllefen ausbaue soll a Proprietären, déi hir Wunneng zu engem soziale Präis verlounen, beloune soll. D’Proprietären, déi ënnert dem Duerchschnëttsloyer an enger Uertschaft verlounen, sollen dës Differenz vun hire Steieren ofsetze kënnen;
  • Dass ee Mietpräisspiegel soll opgestallt ginn, fir d’Duerchschnëttspräisser an enger Uertschaft z’ermëttelen (opgedeelt no Kategorie vun enger Wunneng).

Ausbau vun der Gestion Locative Sociale

An deene leschte Joren huet «Gestion Locative Sociale» dozou bäigedroen, dass Bierger:innen mat nidderegem Akommes eng Wunneng kruten an eidel Wunnenge verlount ginn.

D’Piraten fannen dee Modell gutt a wëllen:

  • D’Gestion Locative Sociale weider ausbauen a méi Mëttelen a Steiervirdeeler zur Verfügung stellen, fir méi Wunnengsbesëtzer ze motivéieren, fir hir Wunneng zu faire Präisser ze verlounen.

De Loyer vu senge Steieren ofsetzen

Wien lount, dee kritt nëmme schwéier d’Suen zesummen, fir sech iergendwann am Liewen eng eege Wunneng kënnen ze kafen. Proprietäre kënnen op der anerer Säit awer d’Zënse vun hirem Wunnengsprêt ofsetzen.

Mir Piraten wëllen:

  • Dass ee säi Loyer vu senge Steiere kann ofsetzen.

De Loyer méi am Index gewiichten

De Loyer mécht aktuell nëmmen 0,5% vum Index-Wuerekuerf aus. Dat ass net realistesch: De Loyer mécht bei ville Leit hei am Land iwwer 40% vun den Liewenskäschten aus.

  • D’Gewiichtung vum Loyer muss am Index-Wuerekuerf no uewen ugepasst ginn.

Kommissioune solle vun deem bezuelt ginn, deen d’Agence bestellt

Fir eis Piraten ass et onverständlech, firwat ëmmer de Locataire muss fir d’Kommissioun vun den Immobilienhändler opkommen.

Mir setzen eis dofir an:

  • Dass d’Kommissioun vum Immobilienagent zu 100% vun där Persoun muss bezuelt ginn, déi den Immobilienhändler beoptraagt huet;
  • Dass de Beruff vum professionellen Immobilienhändler ee gesetzleche Statut kritt, mat méi strenge Qualifikatiounen an enger Deontologiecharta, un déi sech all Immobilienagent ze halen hunn. D’Zil vun der Mesure ass et, fir deloyal Aktivitéiten tëschent den Agencen ze verhënneren an de Beruff vum Immobilienagent besser z’encadréieren, änlech wéi bei den Architekten (Ordre des Professionnels du Secteur immobilier).

Méi Flexibilitéit bei der Dauer vu Mietverträg

Dat aktuellt Mietgesetz gesäit vir, dass ee Mietkontrakt sech automatesch ëm ee Joer verlängert, wann en net dräi Méint virum Schluss vum Locataire gekënnegt gëtt. Dës Reegel (prorogation tacite) mécht et ville Locataire schwéier, fir aus hirer aller Wunneng erauszeplënneren, well se fir ee präzisen Datum eng Wunneng fanne mussen. An Däitschland ass de legale Kader do méi flexibel: Ee Mietkontrakt ass meeschtens ouni fest Dauer an de Locataire kann zu all Moment mat dräi Méint Kënnegungsfrist erausplënneren.

D’Piraten hunn ee Gesetz an der Chamber proposéiert, wat virgesäit:

  • Dass d’Mietverträg am Prinzip sollen à durée indéterminée sinn. Ee Mietvertrag, deen à durée à déterminée ass, soll sech automatesch an een CDI verwandelen an de Locataire soll zu deem Moment mat dräi Méint Kënnegungsfrist kënne plënneren.

Sozialwunnengen

Sozialwunnengen hëllefe Persounen, déi a schwierege Liewenssituatiounen eng Ënnerstëtzung brauchen. Dës Wunnenge sinn am Besëtz vum Staat oder ASBLen, fir keen op der Strooss zeréckzeloossen.

Fir d’Piraten musse Sozialwunnenge verlount an net verkaf ginn, well eng Sozialwunneng, déi verkaaft gëtt, ass keng Sozialwunneng méi:

  • Muss bei all gréisserem Bauprojet eng Mindestzuel u Wunnenge fir sozial Zwecker virgesi gëtt. Dës Wunneng muss un de Staat goen a soll dann den ASBLen genotzt ginn, fir deenen ze hëllefen, déi Hëllef brauchen;
  • Dierfen d’Präisser vu Sozialwunnengen net erhéicht ginn, och net duerch eng Indexéierung. (Dozou hunn d’Piraten och ee Gesetz an der Chamber proposéiert).

Schafe vun enger permanenter nationaler Loyerskommissioun mat Decisiounsgewalt

D’Loyerskommissiounen op kommunalem Plang funktionéieren a ville Fäll net effikass oder feele ganz. Et kann net sinn, dass ofhängeg a wéi enger Gemeng ee wunnt, dass een do besser oder méi schlecht behandelt gëtt.

D’Piraten setzen sech aus deem Grond dofir an:

  • Dass eng permanent zesummegestallte Loyerskommissioun op nationalem Niveau, ënnert dem Hutt vum Logementsministère, opgestallt gëtt. Dës Kommissioun sollt aus Juristen, Leit aus dem soziale Beräich, dem Konsumenteschutz souwéi Entspären aus der Baubranche bestoen an och eng Decisiounsgewalt hunn, fir géint all Zort vu Mëssbrauch um Wunnengsmaart virzegoen. Decisioune vun dëser Loyerskommissioun solle vum Friddensgeriicht behandelt ginn.

Wunngemeinschaften & Co-Locatioune fërderen

Am Ausland ass et Usus, dass d’Leit sech zesummendinn, fir a Wunngemeinschaften zesummenzewunnen. D’Reegelen fir Wunngemeinschaften hei am Land maachen et ville Proprietären awer schwéier, sech mat deem Modell unzefrënnen. Als Besëtzer huet een am léifsten eng direkt Uspriechpersoun am Fall vu Problemer a Garantien. Wat vill Leit dovunner ofhänkt eng Wunngemeinschaft ze maachen, ass och d’Definitioun vun der « communauté domestique », déi zum Beispill fir d’Berechne vum REVIS benotzt gëtt. Grad Flüchtlingen, déi temporär bei Famillje wunnen, hunn et soumadder schwéier, een Urecht op de REVIS ze kréien.

D’Piraten wëllen, dass et méi einfach gëtt fir Wunngemeinschaften ze maachen a wëllen:

  • D’Reegele fir d’Wunngemeinschaften op de Leescht huelen;
  • Dass an enger Wunneng och méi wéi eng ‘communauté domestique’ däerf liewen;
  • Kloer Reegele festleeën, déi engem REVIS-Empfänger et erlaben, als eege Communauté domestique unerkannt ze ginn, ouni d’Interventioun vun enger agreéierter Associatioun.