KAFEN ënnerstëtzen

Inhalt

Een Eegenheem ass eng Sécherheet fir d’Zukunft !

Déi aktuell Regierung setzt drop, dass staatlech Wunnenge verlount ginn an net verkaf. An eisen Aen ass dat eng falsch Approche. Firwat kafe Leit sech eng Wunneng ? Ma ganz einfach: ass eng Wunneng ofbezuelt, dann huet eng Persoun déi Suen zwee Mol op der Säit: et spuert een op der enger Säit de Loyer a gläichzäiteg kann een d’Wunneng verkafen an huet an deem Fall d’Kapital, fir aner Liewenspläng ze verwierklechen, zum Beispill wann een an een Altersheem wëll oder senge Kanner een Ierwen hannerloosse wëll. Sou wéi mer fréi an eng Pensioun abezuelen, sollte mer de Leit fréi d’Méiglechkeet ginn, hier eege Wunneng ofzebezuelen.

Grad dofir wëlle mir Piraten:

  • Dass d’Leit hei am Land d’Méiglechkeet kréien, fir hir eege Wunneng ze kafen, ob um Privatmarché oder bei der ëffentlecher Hand.

Ëffentlech Wunnenge fir 10€/m2 mat Mietkauf!

Wann de Staat, d’Gemeng oder een ëffentleche Promoteur ouni Profit bauen, dann ass ee Loyer vun 10€ de Metercarré de Mount realistesch. D’Präisser beim Fonds du Logement oder der SNHBM weisen, dass et haut scho méiglech ass, fir Wunnengen ënnert 10€/m2 ouni Profitter ze verlounen an ze verkafen.

D’Piraten setzen sech dofir an:

  • Dass de Staat massiv Wunnenge baut an se fir 10€/m2 deene Leit zegutt komme léisst, déi um Privatmarché keng Wunneng fannen;
  • Dass d’Leit de Choix kréien tëschent kafen a lounen an dat duerch eis Formel vum Mietkauf.
  • Beim Mietkauf ass eis d’Iddi, dass beim Ënnerschreiwe vun engem Mietkontrakt de Wäert vun der Immobilie am Kontrakt festgehale gëtt. All Loyer, deen ee Locataire vun enger staatlecher Wunneng als Loyer bezilt, kritt en zum Deel gutt geschriwwen. Deen Dag, wou de Locataire d’Wunneng ofkafe wëll, kann hien dës Gutschrëft vum Akafspräis ofzéien.
  • Ee Beispill: eng Persoun lount eng staatlech Wunneng vun 100m2 a bezilt 1.000€ de Mount Loyer. De Wäert vun der Wunneng ass op 400.000€ festgehalen. 800 Euro ginn als Gutschrëft festgehalen.
  • No fënnef Joer hätt de Locataire 800€*12 Méint * 5 Joer = 48.000€ Loyer bezuelt.
  • De Locataire kéint an deem Fall entscheeden, dës Zomm ze benotzen, fir d’Wunneng ofzekafen. De Staat behält awer ëmmer Virkafsrecht um Haus an den Terrain gehéiert weiderhin dem Staat. Deen Dag wou d’Persoun d’Wunneng verkeeft, kritt hien d’Sue vum Staat erëm a kann sech eppes um Privatmarché kafen. D’ëffentlech Wunneng kann un déi nächst Persoun verlount ginn.
  • De Mietkauf ass de Wee, deen de Leit am meeschte Fräiheet gëtt. Et behält een zu all Moment de Choix: lounen oder kafen. Dës Form existéiert elo schonn an Däitschland a wär relativ einfach ëmzesetzen.

Mietkauf och um Privatmarché aféieren

D’Etüde vum Observatoire de l’Habitat weisen, dass ee klengen Deel un Eenzelpersounen a Firmen ee groussen Deel vun de Bauterrainen hei am Land besëtzt. Et ginn och Beispiller vu Persounen, déi méi wéi honnert Wunnengen hei am Land besëtzen. D’Piraten si kloer géint d’Enteegnung, well dat d’Investitiounen an de lokative Wunnengsmaart géif ausbremsen, wat fatal Konsequenze fir d’Bauaktivitéit hätt. Wien wéilt nach weider Locatiounswunnenge bauen, wann e weess, dass en se kéint wechgeholl kréien ?
D’Piraten hunn eng besser Léisung, fir d’Besëtzverhältnisser um Wunnengsmaart ze kippen.
Mir wëllen de Mietkauf och um Privatmarché aféieren an d’Proprietären, déi domadder Locatairen den Zougang zu hirer éischter Wunneng erméiglechen, steierlech entgéint kommen.
De Locataire soll een Exklusivrecht kréien, fir dem Proprietär d’Wunneng no e puer Joren zu engem raisonnabele Präis ofzekafen. D’Loyeren, déi de Locataire bezuelt huet, kënnen zum Deel vum Präis, deen am Mietkontrakt festgehalen ass, ofzéien. Am Géigenzuch dierf de Proprietär d’Wunneng verkafen a kann dofir Steiervirdeeler geltend maachen. Mat dëser Moossnam motivéiere mer méi Proprietären hir Wunneng ze verkafen. Gläichzäiteg motivéiere mer d’Investisseuren, fir an de Bau vu weidere Wunnengen z’investéieren. Abuse sollen duerch den Abau vu Schutzklausele fir d’Locatairë verhënnert ginn.

Staatsgarantie fir Immobiliëprêten erhéijen

Et geet net duer, dass de Staat nëmme selwer Wunnenge baut, mee et muss och gekuckt ginn, dass souvill Leit wéi méiglech selwer eppes um private Wunnmarché ze kafe kréien. Verschiddene Leit feelt et heiansdo dofir just um Eegekapital, wat awer schwéier zesummenzespueren ass, wann ee selwer och nach ee Loyer muss bezuelen. De Staat spréngt dofir haut schonn als Garant fir Immobiliëprête mat an, dëst awer just bis zu engem Montant vun 200.000€.
D’Piraten wëllen de Maximum vun der Staatsgarantie fir Immobiliëprête fir déi éischt Wunneng erhéijen.

Notaireskäschte bei der Éischtwunneng ganz ofschafen (Bëllegen Akt)

All Kéier, wann een eng Wunneng keeft, muss ee beim Notaire eng Taxe bezuelen, déi „Droits d’enregistrements“ heescht. Wann ee seng éischt Wunneng keeft, huet een ee Steierkredit vun 30.000€ pro Persoun zegutt (= bëllegen Akt). Mat dësem Steierkredit bezilt een da keng oder manner Steiere beim Notaire fir den Enregistrement.
De bëllegen Akt geet awer hautzedaags net méi duer, well d’Wunnengspräisser an d’Luucht gaange sinn a well d’Leit a verschiddene Liewenssituatioune plënnere mussen (Vergréisserung vun der Famill, Scheedung, Krankheet, etc.). Dat bremst och de Marché, well d’Leit aus Käschtegrënn net plënneren.

D’Piraten fuerderen:

  • Dass d’Droits d’enregistrement beim Kaf vun der éischter Wunneng, déi als Haaptwunnsëtz benotzt gëtt, einfach ganz sollen ewechfalen, wann de Keefer op mannst zwee Joer selwer dra wunne bleift. D’Zil vum vum bëllegen Akt muss et sinn, dass Leit méi einfach zu hirer éischter Wunneng kommen;
  • Dass d’Droits d’enregistrement a spezielle Situatiounen, déi een zum Plënneren zwéngen, wéi zum Beispill no enger Scheedung oder bei schwéiere Krankheeten, och ewechfalen.

Méi streng Reegelen géint d’Spekulatioun um Wunnmarché

D’Logementskris zu Lëtzebuerg kennt vill Verléierer. Si kennt awer och vill Gewënner. D’Zuele vum Observatoire de l’Habitat weisen, dass e puer grouss Promoteuren an Eenzelpersounen ee Groussdeel vun de Bauterrainen hei am Land besëtzen. Ee Bauterrain ass do fir drop ze bauen an et dierf net sinn, dass Eenzelpersounen a grouss Firme mam Leed vun anere spekuléieren. 

D’Piraten setzen sech fir méi streng Reegele géint d’Spekulatioun um Wunnmarché an:

  • Mir wëllen eng geziilte Steier op Bauterrainen, déi haut scho kënne bebaut ginn, mee wou nach keng Baugeneemegung vum Promoteur ugefrot gouf. D’Piraten haten dofir 2021 ee Gesetzesvirschlag an der Chamber ofginn, fir dës Bauterrainen endlech ze mobiliséieren.Fir kleng Proprietären a kleng Besëtzer net ze bestrofen net ze bestrofen, ass an eiser Formel eng gewëssen Unzuel u Bauland fir de perséinleche Bedarf virgesinn;
  • Mir ënnerstëtzen eng Steier op Wunnengen, déi eidel stoe bleiwen. An enger Wunnengskris ass all eidel Wunneng eng verluere Wunneng;
  • D’Piraten hunn an der Chamber ee Gesetzesvirschlag (n°7951) agereecht, déi d’Kommissioune vun den Immobilienagencen deckele soll. D’Iddi kéint een och op de Bau vu Wunnengen uwenden, andeems d’Plus-Valuë vun de private Promoteure méi an d’Zaang hëlt;
  • An der Schwäiz existéiert ee Gesetz, dass et auslänneschen Investisseure verbitt, fir um Wunnmarché aktiv ze ginn (Lex Koller). D’Piraten wëlle juristesch préiwen, wéi eng Lex Koller hei am Land, ënnert dem Anhale vum EU-Recht, kéint ëmgesat ginn.