Steierpolitik & Staatsfinanzen

Inhalt

Steierpolitik & Staatsfinanzen

Eng fair Steierpolitik suergt fir eng gutt funktionéierend Wirtschaft an ee gudde sozialen Zesummenhalt. Een einfacht a gerecht Steierrecht suergt dofir, dass jiddereen eng Chance an eiser Gesellschaft huet. Mir Piraten wënschen eis ee moderne Steiersystem deen net nom Statut kuckt an dee sozial gerecht ass. Et gëtt héisch Zäit aus dem lëtzebuergesch Steiermodell ee Modell ze maachen, deen an d’21echst Joerhonnert passt.

Méi netto vum Brutto um Salaire (Akommessteier)

Den aktuelle System vun der Akommessteier (Impôt sur le revenu des personnes physiques oder IRPP) ass oniwwersiichtlech, ineffikass an ongerecht. Vill Leit wëssen net wéi eng Steiererklärung geet a jee nodeems, wéi eng Zort Akommes een huet, gëtt een aneschters besteiert (Suen op engem Salaire ginn aneschters besteiert wéi Dividenden, Zënsen oder ee Loyer). Doriwwer eraus bezillt ee méi Steieren, wann ee Single ass, wéi wann ee sech bestuet. Dat ass net gerecht.
D’Piraten wëllen eng Vereinfachung vum Steierrecht. Eng Besteierung no eisem System géif bewierken, dass mer vill Ressourcë bei der Steierverwaltung fräi maachen an een transparente System kënnen opbauen, dee vun de Leit verstanen a selwer gerechent ka ginn.
D’Piraten wëllen als éischt d’Steierklassen ofschafen. Fir eis Piraten ass et net akzeptabel, dass eise Steiersystem nach ëmmer ee Liewensmodell belount an een anere bestrooft. D’Zil ass eng komplett Individualbesteierung, bei där all Persoun gläich behandelt gëtt, onofhängeg vum Bezéiungsstatus. Laangfristeg wëlle mir eng komplett Individualbesteierung, andeems mir eng negativ Akommessteier aféieren. Eng negativ Akommessteier heescht, dass een eréischt ab engem méi héijem Akommes ufänkt Stéieren ze bezuelen. All Persoun ënnert deem Montant kritt Geld vum Staat zeréck, all Persoun driwwer fänkt un ze bezuelen.

Elengerzéiend an d’Steierklass 2 setzen

Als eng vun den éischte Steiermoossname géifen d’Piraten direkt d’elengerzéiend Familljen an d’Steierklass 2 sëtzen, well dës Persoune gehéieren aktuell mat engem Aarmutsrisiko vu 40% zu de vulnerabelste Persounen hei am Land.

Witwesteier ofschafen

Zu Lëtzebuerg ass et esou, dass eng Persoun, nom Doud vu sengem Liewenspartner, no enger Transitiounsphas vun dräi Joer aus der Steierklass 2 erausfält. Dëst bedeit, dass Persounen dräi Joer nom Doud vun hirem Partner vill méi Steiere musse bezuelen. Dës Persounen, déi schonn duerch den Doud vun engem léiwe Mënsch ee Schicksalsschlag erliewen, ginn duerno wéinst hirer néier Liewenssituatioun nach finanziell vum Staat bestrooft. D’Piraten Wäerten sech dofir asetzen, dass d’Witwesteier ofgeschaaft gëtt an déi betraffe Leit net méi an d’Steierklass 1a zréck falen, mee an der Steierklass 2 bleiwen.

Steieren un d‘Inflatioun upassen

Mat all Indextranche kritt een 2,5% um Bruttoloun bäi. Netto bleiwen awer keng 2,5% iwwreg, well een mat méi Bruttoloun och méi Steieren muss bezuelen. All Indextranche kënnt deemno mat enger Steiererhéijung an doduerch geet d’Kafkraaft vun de Leit erof. All Index kascht ee Mindestlounempfänger ronn 10€ pro Mount vu senger Kafkraaft an de Staat hëlt sech iwwert eng verstoppte Steier méi Suen eran.
Fir déi Situatioun z’änneren, muss de Steierbarème mat indexéiert ginn. D’Piraten wäerten sech fir eng järlech Indexéierung vum Steierbarème asetzen. Dat awer enger Deckelung op den héchsten Tranche vum Barème. Richteg gesi kascht dës Moossnam de Staat näischt, well bei de Steierrecetten alles esou bleift, wéi et der aktueller Realitéit entsprécht an d‘Leit behalen d’Indextranche vun 2,5% an der Täsch. Domadder gëtt d’Kafkraaft vun de Leit gestäerkt.

Steierfräie Mindestloun

Ee Mindestlouhn ass, wéi den Numm et seet, de Minimum, deen ee fir ze liewen hei am Land brauch. Dofir wäert de Mindestlouhn mat de Piraten steierfräi sinn an et och bleiwen.

Steierkreditter automatesch ausbezuelen

Steierkreditter mussen automatesch deene Leit zegutt kommen, déi se betreffen. Ënnert dem aktuelle System froe vill Leit hier Steierkreditter net un, well se net dovunner wëssen oder net wëssen, wéi dat geet (Beispill: de Crédit d’impôt monoparental).
De Staat dierf net drop spekuléieren, dass Haushälter duerch Onwëssenheet oder bürokratesch Hürden hir Hëllefen net ausbezuelt kréien, déi hinnen zoustinn. Generell mussen d’Prozedure vereinfacht an automatiséiert ginn a Steierkreditter direkt ausbezuelt ginn. Dofir sollen dës och indexéiert ginn, fir esou ee Wäertverloscht ze verhënneren.

Actionnariat salarié ausbauen

D’Piraten wëllen, dass d’Mataarbechter:innen méi um Erfolleg vun hire Firme kënne bedeelegt a finanziell belount ginn. Eng Form fir dat ze maachen ass iwwert den Actionnariat salarié, wou Mataarbechter:innen Undeeler vun hirer Firma a Form vu Mataarbechter:innenaktien ausgestallt kréien, déi se un de Gewënner vun der Firma bedeelegen an hinne gewëss Matsproocherechter sécheren. Dat stäerkt d‘Matbestëmmung vun de Salariéeën an den Entreprisen a valoriséiert hir Aarbecht. D’Piraten wëllen dofir den Actionnariat salarié virun allem a klengen a mëttelgroussen Entreprisen steierlech ënnerstëtzen, a souwuel d’Firmen, wéi och d’Salariéen, steierlech entlaaschten, wa si dee Wee wëlle goen.

Fitforinvest

All Euro, dee vun de Privatleit an d’Wirtschaft investéiert gëtt, hëlleft, fir d’Wirtschaft um dréinen ze halen a schaaft Méiglechkeete fir Erneierung an och Aarbechtsplazen. Fir d’Leit ze motivéieren, hir Suen z‘investéieren, wëlle mir kleng Actionnairen een Ureiz ginn, fir selwer op de Finanzmäert aktiv ze ginn. D’Piraten setzen sech fir een Abattement vun 5.000€ bis 10.000€ op Investitiounsbénéficer an, ënnert der Konditioun, dass d’Wäertpabeieren op mannst sechs Méint laang gehale ginn.

Steierfräie Bonus

Fir eis all klenge Bonus eng Unerkennung fir engem Salarié seng gutt Aarbecht a sollt dofir, ënnert gewëssene Limitten, net weider besteiert ginn.

  • Gratifikatiounen a Bonussen, déi net Deel vun der Rémunération périodique sinn, sollen dofir bis 5.000€ steierfräi gemaach ginn.
  • D’Piraten wëllen doriwwer eraus och ee steierfräien 13te Mount.

Eng eenzeg Firmesteier: ICC an IRC fusionéieren

An engem Pabeier vun 2021 iwwert schreift de Conseil économique et social, dass et gudd wier, wann een den ICC an den IRC géif an eng Gewerbesteier géif zesummesetzen. D’Piraten schléissen sech där Meenung un: een Zesummeleeën zu enger eenzeger Firmesteier féiert zu enger besserer Iwwersiicht fir d’Firmen a suergt dofir, dass Firme gläich besteiert, ginn, egal a wéi enger Gemeng dass si sinn. Dës Mesure kann och zu enger Dezentraliséierung vun der Aarbecht bäidroen, well d’Betriber fräi am Land kënne verdeelen.

Automatiséiert TVA Deklaratiounen

Aktuell ass et esou, Dass Firmen ënnertenee mussen d’TVA bezuelen, dat verbuchen an duerno mam Staat verrechne mussen. Mat deem System kënnt et mol vir, dass Firme wéinst Verspéidunge bei den TVA-Ofrechnungen a finanziell Problemer kommen, grad bei klenge Firmen. D’Piraten wëllen an Zukunft ee modernen digitale System opbauen, fir TVA-Declaratioun ze maachen. D’Firme solle keng TVA méi ënnertenee verrechne mussen, mee um Enn vum Joer eng Quittung vum System ausgestallt kréien, fir ze wëssen, wéi vill TVA si un de Staat iwwerweise mussen.

Erof mat der TVA

D’Piraten wëllen, dass op verschiddene Produite keng TVA berechent gëtt oder, wou dat net méiglech ass, dee niddregsten TVA-Taux vun 3% geholl gëtt. Mat dëser Moossnam stäerke mir de lëtzebuergeschen Handel an der Groussregioun a versichen, dass nohalteg Produkter an Aktivitéite méi bëlleg ginn. Dorënner fale Liewensmëttel aus biologeschem Ubau, d’Reparature vu Géigestänn, d’Renovatioun vu Gebaier, de Kaf vu klengen Elektroautoen, d’Coupe beim Coiffeur oder och de Kaf vu Kleedung bis zu engem gewëssene Präis.

Lëtzebuerg fir Crypto aktiv maachen

D’Piraten ënnerstëtzen den Ausbau vu Cryptowärungen. Mir gesinn an dësen digitale Wärungen eng Chance fir d’Mënschen op der ganzer Welt, fir hiert Geld genee an déi Projeten an déi Wueren z’investéieren, an déi si wëllen investéieren. Mir schwätzen eis fir een attraktivë steierleche Kader aus.

Keng bëlleg Taxe d’abonnement fir Gas an Atom

D’EU-Taxonomie huet et fäerdeg bruecht, dass Gas an Atomenergie als nohalteg Energiequellen ugesi ginn. Dat ass an eisen Aen ee Feeler. Mir si géint ee grénge Label fir Gas an Atom. Dat ass Greenwashing. Nëmmen erneierbar Energië maachen eis prett fir Zukunft a sécheren eis geopolitesch Onofhängegkeet viru autokratesche Länner, wéi Russland oder dem Katar. Mir Piraten vertrieden d’Positioun, dass d’Fongen, déi an Atomkraaft a fossil Energien investéieren, keng Reduktioun bei der Taxe d’abonnement zu Lëtzebuerg dierfe kréien.

Finanztransaktiounssteier

D’Piraten stëmmen der Iddi vun enger Finanztransaktiounssteier op OCDE-Niveau zou.

Verstoppten Ierfschaftssteier ofschafen

Offiziell gëtt et zu Lëtzebuerg keng Ierfschaftssteier. Trotzdeem gi vill Leit, déi eppes ierwen, bei d’Lisette gelooss, well de Staat sech d’Suen iwwert d’Besteierung vun der Plus-Value op Immobilien erëm zeréckhëllt. Wann een eng Wunneng vun den Elteren ierft an déi verkeeft, fir zum Beispill de Prêt vu sengem Eegenheem ofzebezuelen, da muss een op d’Sue vum Verkaf Akommessteier bezuelen. Deemno bezuelen d’Leit also indirekt eng Ierfschaftssteier, och wann dës net esou heescht. Dës verstoppten Ierfschaftssteier trëfft virun allem kleng Ierfschaften, wat net gerecht ass. D’Piraten proposéieren dofir eng Verbesserung fir kleng Ierfschaften: d’Eischtresidenz vun den Elteren soll komplett vun der Steier op Plus-Value‘en befreit ginn, wann d’Wunneng bannent zwee Jore verkaf gëtt. Verméige bis fënnef Milliounen Euro sollen net besteiert ginn. Eréischt ab fënnef Milliounen soll all weideren Euro ënnert d’Schenkungssteier (ronn 1,8%) falen.

Steierrecht am ganze Land selwecht uwenden

Aktuell hunn déi eenzel Steierbüroen ze vill Interpretatiounsspillraum beim Ausleeë vun de Steiergesetzer. Dës féiert a verschiddene Situatiounen dozou, dass eng Persoun, jee no Steierbüro, aneschters besteiert gëtt a méi oder manner bezuele muss. All Persoun soll am Land gläich virun de Gesetzer behandelt ginn an dofir muss deen Interpretatiounsspillraum vun de Steierbüroen ofgeschaaft ginn.

D’Piraten wëllen:

  • Kloer a koherent Instruktioune fir d’Steierbüroen, dass all Dossier gläich ze behandele sinn. Interpretatiounsdivergenzen tëscht Steierbüroe mussen ëmmer am Interêt vun de Steierzueler:innen geléist ginn;
  • Eng gratis Appelinstanz bei der Steierverwaltung aféieren, wou d’Leit sech géint eng onfair Besteierung wiere kënnen;
  • Ee Code fiscal aféieren, wou all d’Steiergesetzer an hirer aktuellster Versioun an engem Dokument festgehale sinn.

D’Steierbüroen musse méi Kulanz vis-à-vis vun de Steierzueler:inne weisen

Reegelméisseg héiere mir vu Fäll vu Firmen a Persounen, déi op ee Schlag Riesenzommen u Geld un d’Steierverwaltung mussen zeréckbezuelen. D’Iwwerraschung kënnt heiansdo eréischt Jore méi spéit, well d’Steierverwaltung ze lues ass, fir d’Dossieren opzeschaffen.

D’Piraten setzen sech géint dës Ongerechtegkeeten an:

  • A Fäll vun Réckzuelunge vun grousse Montante mussen Accorde tëscht Verwaltung a Steierzueler:inne fonnt ginn, déi op kloer definéierte Critère berouen, déi fir all Steierbüro d’selwecht sinn;
  • De Service de Recouvrement vun der Steierverwaltung muss d’Steierzueler:in beim Ausschaffe vun engem Finanzéierungsplang hëllefen, deen e.a. d’Héicht vun de Réckzuelungen, d’perséinlech Situatioun vun de Betraffen an d’Retarde vun der Beaarbechtung vun de Steiererklärunge vum Steierbüro berécksiichtegt;
  • Zënsen op de Steierscholde sollen dofir eréischt ab deem Moment verrechent kënne ginn, wéi d’Steierverwaltung un Zäit gebraucht huet fir Steierdossier ze traitéieren.

Automatiséiert an digitaliséiert Steiererklärung

Säit 2022 kënne verschidde Privatpersounen deelweis hier Steiererklärung iwwer MyGuichet digital ausfëllen. D’Piraten wëllen de System esou opstellen, dass iwwerall do, wou et méiglech ass, d‘Donnéeeën am Viraus ausgefëllt sinn, fir esou dem Benotzer d‘Ausfëllen esou einfach wéi méiglech ze maachen.
Informatiounen, déi dem Staat schonn op anere Verwaltunge virleien, sollen direkt kënne genotzt ginn. D’Automatiséierung vu Steiervirdeeler kann d(e) Steierzueler:in an och d’Steierverwaltung bei der Steiererklärung enorm entlaaschten, well dës zu manner Feeler féiert. D’Steierzueler:inne sollen zu all Moment iwwer MyGuichet de Status vun hirer Steiererklärung kënnen agesinn an eventuell Demanden iwwer de System traitéieren.

Reform vun der Grondsteier

Aktuell leit eng Propose vun der Regierung um Dësch, fir eng nei Grondsteier opzestellen. D’Grondsteier gëtt nach no engem Gesetz vun 1936 gereegelt a muss dofir iwwert de Leescht geholl ginn. D’Piraten ginn de Wee vun der Moderniséierung mat, mee wëllen, dass d’Steier previsibel an transparent opgestallt an op dat Néidegst beschränkt gëtt. Dat ass aktuell net de Fall, well d’Formel, déi fir d’Berechnung vun der Grondsteier geholl gëtt, matrechent, ob een eng Schwemm, eng Bäckerei oder ee Busarrêt viru senger Dier huet. D’Iddi vun der Regierung mécht och een Ënnerscheed tëschent Eenzelpersounen a Koppelen an dat ass eppes, wat fir eis guer net geet. Fir d’Piraten bedeit eng Grondsteier, dass eleng den Terrain an dat, wat drop steet besteiert, gëtt.

Steiervirdeeler fir gerecht Loyeren

Aus der Rubrik wunnen iwwerhuelen.

Wunnkäschten als Spezialausgab bei der Steiererklärung abauen

Aus der Rubrik wunnen iwwerhuelen.

Géigefinanzéierung

D’Piraten maache keng eidel Versprieche mat Steiergelder. Eng Steierreform soll dofir suergen, dass et dem Groussdeel vun de Mënschen hei am Land besser geet.
Kaddoe fir Millionäre wäert et mat eis hei am Land net ginn. Mir roden zu enger Erhéijung vum aktuelle Spëtzesteiersaz vun aktuell 42% op 47%. Dës Erhéijung sollt iwwert d‘Aféierung vu weidere Besteierungstranchë bis 600.000€ pro Persoun Joresakommes geschéien. Dat bedeit, dass eng Persoun fir all Euro, dee se bei méi wéi 200.000€ Joresakommes verdéngt, op dësen Euro 44% aplaz 43% Stéier bezilt, an op all Euro no 400.000€ Akommes dann 45% Stéieren op deen Euro, an esou wieder.
Dës Moossnam kéint de Berechnunge vun der Steierverwaltung no iwwer 300 Milliounen zousätzlech an d’Staatskeese bréngen, déi fir d‘Steierreform genotzt solle ginn.

Staatsschold am A behalen

Och de Staat huet net onendlech Sue fir auszeginn an d’Ausgabe vum Staat mussen uerdentlech gefouert ginn, fir d’Staatsschold net wieder uwuessen ze loossen. D’Scholde vun haut sinn d’Steiererhéijunge vu muer an déi bezuele mir alleguerten. D’Piraten wëllen, virun allem an deene gudde Joren, Suen op d’Säit leeën, fir d’Staatsschold, déi aktuell bei 20 Milliarden Euro leit, lues a lues ofzebauen. Mir wëllen, dass bei engem Excédent budgétaire automatesch een Deel vun de Sue muss genotzt ginn, fir d’Scholden ofzebauen.
D’Finanze vum Staat musse responsabel gefouert ginn a grad op der Säit vun den Ausgabe mussen Ustrengunge gemaach ginn, fir dass Lëtzebuerg sech net weider verschold. Et muss eriwwer si mat deiere Prestige-Projeten, déi net bei de Leit ukommen. Ee Pavillon zu Dubai fir 32 Milliounen, de Bau vun enger Vëlosbréck um Belval fir 47 Milliounen oder de Kaf vun engem Militärsatellit fir iwwer 300 Millioune sinn nëmmen e puer Beispiller, déi weisen, dass et genuch Plaze ginn, wou Sue kënne gespuert ginn oder wou mer op Projete verzichte sollen.

Iwwerflësseg Steieren ofschafen

D’Piratepartei wëll fir all Steier an Taxe, déi am Moment am Gesetz existéiert, kontrolléieren, ob se méi abréngt, wéi se u Käschte verursaacht. Sollt dës Bilanz negativ ausfalen, ka Geld agespuert ginn andeems déi betreffend Steieren ofgeschaaft ginn. Steieren, déi enorm opwendeg bei der Deklaratioun sinn an nëmme wéineg abréngen, sollen entweder vereinfacht ginn oder awer ofgeschaaft ginn.