Ee Manktem u Beweegung gëtt an eiser Gesellschaft ëmmer méi zum Problem. Dofir gëtt et héisch Zäit fir do unzesetzen an d’Kanner direkt am Jonken Alter mam Sport an dem Veräinsliewe vertraut ze maachen. Dëst geet am einfachsten iwwert d’Schoul.
Dofir fuerderen d’Piraten:
Vill Gemeng hei am Land hunn net déi finanziell Moyene fir e Sportkoordinator anzestellen. Et ass awer wichteg, dass all Gemeng senge Bierger:innen ee villfältege Sport- a Beweegungsprogramm kann ubidden.
Dofir wëlle mir:
Beweegung a Sport si fir e gesonde Liewensstil vun immenser Wichtegkeet. Leider gëtt zu Lëtzebuerg bis elo nach net genuch Gewiicht op ee präventiven a therapeutesche Programm vu der Sport-Santé geluecht. Domat géifen d’Leit a Gesondheetsberuffer méi staark abezu ginn, eng méi grouss Offer ugebueden a wichteg Informatiounen u Patient verdeelt ginn, fir déi dës Programmer besonnesch wichteg sinn.
Dofir setze mir Piraten eis an:
Et ass mëttlerweil wäitreechend bekannt, dass Beweegung gutt fir de Kierper a fir d’Séil ass, dofir setzen d’Piraten sech fir eng méi staark Ënnerstëtzung vun de Sportveräiner, Federatiounen an dem Comité olympique et sportif an.
Dofir wëlle mir:
An de leschte Jore goufe vill nei Projete lancéiert fir d’Athlete beschtméiglech ze begleeden an ze encadréieren. Mir wëllen dës Efforte weider virundreiwen, fir dass d’Athleten net nëmmen zäitweis, mee iwwert hir ganz sportlech Karriär entspriechend encadréiert a begleet ginn. Dëst souwuel um gesondheetleche Plang, op physeschem Niveau, wéi och op psychologeschem Niveau an och um Enn vun hirer sportlecher Karriär, fir den Iwwergang an eng normal Karriär ze begleeden. Nëmme mat der richteger Ënnerstëtzung kann e Sportler oder eng Sportlerin säi volle Potential developpéieren an déi beschtméiglech Resultater erzilen.
Piraten wëllen, dass et enger Persoun an Zukunft soll méiglech sinn, fir Elittesportler:in ze sinn, ouni dofir mussen Deel vun der Section des Sports d’Elite de l’Armée ze sinn. Et soll een am Elittesport och innerhalb vun enger ziviller Karriär kënne säi Sport ausüben. Dëst kéint fir eis Piraten iwwert zwee Weeër méiglech gemaach ginn. E méigleche Wee wier iwwert de Statut vum Independant, wou si fir eng gewëss maximal Unzuel un Stonnen aus dem Sonderbudget géife bezuelt ginn. Eng zweet Méiglechkeet wier, dass d’Sportler:innen bei engem Employeur ënnert engem Kontrakt mat enger deelweiser Tâche agestallt ginn a wou déi betraffe Persounen dann och eng gewëss Unzuel u Stonnen iwwert de Sonderbudget kéinte bezuelt kréien. Op dës Aart a Weis entstinn engem Patron keng zousätzlech Aarbechten. A béide Fäll missten d’Sportler:innen Ziedele mat hire Stonnen eraginn a géifen dorop baséierend remuneréiert ginn.
Dofir géife mir Piraten:
D’Piraten setzen sech fir eng offiziell Unerkennung vum eSport als Sportaart an. De Besoin fir ze trainéieren, séier Reflexer ze hunn an de Besoin vun enger gudder Aen- an Hand-Koordinatioun beweisen, dass eSport eng richteg Sportaart ass an dowéinst och als sou eng sollt unerkannt ginn.
Benevoller sinn ëmmer méi schwéier ze fannen, och am Sport. Dowéinst ass et wichteg, dës méi staark ze ënnerstëtzen. Aus dësem Grond setze mir eis fir d’Aféiere vun enger Sport-Kaart an, déi de Benevoller aus Sportveräiner ze gutt kënnt an hinne Remisen a Virdeeler erméiglecht, zum Beispill d’Gratis Entrée an ëffentlech Muséeën a Kulturariichtungen. Op dësem Wee kann déi wichteg Aarbecht vun de Benevollen indirekt belount a valoriséiert ginn. Änlech Kaarte kéinte fir all Secteure mat Benevollen agefouert a jee no Besoin gestalt ginn.
Um Ufank vun all Saison sti vill Veräiner ëmmer nees virun dem Problem, dass se hir nei jonk Sportler:innen net séier genuch duerch de Medico-Sportif kréien an esou eventuell riskéieren, aus Mangel u lizenzéierte Spiller:inne keng Ekippe fir Competitiounen umellen ze kënnen. D‘Piraten fuerderen, dass hei eng Ausnam fir Jonker ënnert 12 Joer kéint gemaach ginn. Déi Jonk bräichte fir hir éischt Lizenz da just en Attest vum Hausdokter fir lizenzéiert kënnen ze ginn, dëst ënnert der Konditioun, de Medico am Laf vun der Saison ze maachen.
Lëtzebuerg brauch dréngend eng Struktur fir eng gutt Behandlung an Integritéit am Sport opzebauen (Safeguarding in Sports). D’Missioun vun dëser Struktur ass et, fir Mëssbrauch a kierperlech a moralesch Belästegung ze verhënnere souwéi d’Affer dovun ze ënnerstëtzen. Lëtzebuerg läit an deem Beräich hannert den internationale Standarden zréck. Dës Struktur kann d’Berodung an d’Zesummenaarbecht mat den ëffentlechen Autoritéiten a privaten Acteuren organiséieren an aner Beräicher wéi d’Bekämpfung vum Dopping, d’Verdeedegung an d’Promotioun vun der Ethik am Sport, de Kampf géint d’Manipulatioun am Sport, etc. promouvéieren.
De Sport muss propper a fräi vun Dopping bleiwen. Fir e proppere Sport muss d‘Lutte géint den Dopping och am Amateur-Beräich verstäerkt ginn. Fir dëst ze erméigleche wëllen d‘Piraten d‘ALAD finanziell a personell stäerken, fir esou och am Amateur- a Jugendberäich méi Doppingkontrollen z‘erméiglechen.
Hei zu Lëtzebuerg ass et de Moment dacks esou, dass et vill kleng Sitte fir verschidde Sportaarte gëtt, déi iwwert dat ganzt Land verspreet sinn. Verschidden Infrastrukture sinn dann och net fir méi Sportaarten ausgeluecht, mee just fir eng spezifesch Sportaart a si ginn dofir weder effizient genotzt nach dierfen se dacks vu méi Acteure genotzt ginn. Esou geet net nëmme wichteg Plaz verluer, mee et ginn och wichteg Ressource verbëtzt. Méi zilféierend wier et, wann e gréisser Sportcampussen erschaaft, wann an Zukunft nei Projete geplangt ginn. Doduerch géife méi modern an effizient Sitte fir vill Sportveräiner a Sportaarten entstoen an et géifen och wichteg Ressourcen agespuert respektiv méi geziilt agesat ginn.
D’Formatioun ass en zentrale Bestanddeel fir d’Qualitéit vum Enseignement an den Encadrement am Sport ze garantéieren. Dowéinst muss d’Ausbildung vun den Traineren, vun der Administratioun, wéi och vum Schoul- a Bildungspersonal weider gestäerkt ginn. Fir dës Formatioune weider ze verbesseren, ass et wichteg eng entspriechend Formatioun op universitärem Niveau unzebidden an d’wëssenschaftlech Fuerschung an de Beräicher vum Sport a kierperlecher Aktivitéit op der Uni Lëtzebuerg ze fërderen. Dëst Universitéitsdepartement kéint och besonnesch fir déi verschidde Sportberäicher, d‘Sportwëssenschaften a d‘Sportmedizin fërderlech sinn. Den existéierende Know-How zu Lëtzebuerg géif an dëse Beräicher op dës Aart a Weis wesentlech gestäerkt ginn. Souwuel d’Federatioune wéi och déi ëffentlech Institutiounen an d‘Ausbildungsinstituter kéinte vun esou engem Universitéitsdepartement profitéieren. Doduerch kéint d’Sammele vun Donnéeën erliichtert ginn, déi néideg sinn, fir eng effektiv Iwwerwaachung vun der kierperlecher Aktivitéit an den Aktiounen, déi um Terrain ëmgesat ginn.
1a, rue de Luxembourg
L-8184 Kopstal (Koplescht)
[email protected]
Telefon: (+352) 20 33 37
22, rue de l’Eau
L-1449 Luxembourg
[email protected]
Telefon: (+352) 20 60 66