Präventioun an Opklärung

Inhalt

Sécherheet & Uerdnung: Präventioun an Opklärung

Präventioun ass de wichtegste Punkt bei all Kriminalitéitsbekämpfung, well d’Police kann net iwwerall zur selwechter Zäit sinn. Wann d’Leit besser opgekläert sinn, kënne si selwer vill Situatiounen schonn am Viraus entschäerfen a sech géint kriminell Aktivitéiten a Gewalt wieren. Jidderee kann a sengem Alldag fir ee klengt Stéck Sécherheet suergen.

Méi Street Worker

Et dierf een d’Mënschen, déi op der Strooss liewen, net all an een Dëppe geheien. Et muss ee kloer een Ënnerscheed maachen tëschent Mënsche mat béisen oder kriminellen Absichten a Mënschen, déi aus de verschiddenste Grënn op der Strooss liewen. Sans-abrien gehéieren zënter Joerdausenden zum Stadbild dozou a mir fannen et net richteg, dës Mënsche wéinst hirer finanzieller a sozialer Situatioun ze stigmatiséieren a mat Kriminelle gläichzesetzen. Eng Gesellschaft ass nëmmen esou staark wéi säi schwächste Glidd. 

D’Pirate wëllen:

  • De Leit, déi op der Strooss liewen, Perspektive bidden a se wëssen doen, dass de Staat fir si do ass, wann si e brauchen;
  • Den Asaz vun Hëllefsorganisatiounen a Street Worker hei am Land weider ausbauen;
  • A grousse Gemenge méi Streetworker vum Staat finanzéieren.

Eng Ulafstell fir Affer vu Gewalt aféieren

Och mat der beschter Police an der beschter Justiz kann et ëmmer erëm virkommen, dass een Affer vu Gewalt a Kriminalitéit ka ginn. Grad esou wichteg wéi d’Präventioun ass dofir och d’Behandlung an de Suivi vu Leit, déi Affer vu Gewalt gi sinn. 

D’Piraten setzen sech an:

  • Fir d’Aféierung vun engem All-in-One-Service fir Affer vu Gewalt. Dës zentraliséiert Ulafstelle sollen an de Spideeler hei am Land opgebaut ginn an den Afferen d’Méiglechkeet ginn, fir ee medezineschen, psychologeschen a juristesche Suivi mat Spezialisten ze maachen, wa si Affer vu Gewalt gi sinn. D’Anonymitéit vun den Affer steet heibäi am Vierdergrond.

Méi Informatioun iwwert d’Sécherheetslag

Et muss een eng Ënnerscheedung maachen tëschent der Sécherheet an dem Sécherheetsgefill, dat een dobaussen huet. Esou ginn et Plazen, wou ee sech sécher spiert, mee wou een trotzdeem mol Affer vu Gewalt ka ginn. Grad esou ginn et Plazen, wou een sech zwar villäicht net sécher spiert, mee wou awer éischter seele bis ni eppes geschitt. 

Fir d’Sécherheetsgefill ze verbesseren:

  • Muss de Staat Spekulatiounen a Gerüchter betreffend d’Kriminalitéit duerch eng proaktiv an neutral Informatiounspolitik a Statistiken entschäerfen;
  • Mussen d’Bierger:inne reegelméisseg neutral Informatioune vun der Police, hire Gemengen an dem Staat kréien;
  • Mussen d’Leit op enger Biergerversammlung d’Méiglechkeet kréien, op mannst ee Mol am Joer an hirer Gemeng een oppenen Austausch mat der Police an der Politik iwwert d’Thema Sécherheet ze hunn.

Präventioun fërdert Sécherheet

D’Police kann net iwwerall zur selwechter Zäit sinn an a ville Situatiounen ass een als Bierger:in oft op sech eleng gestallt. Jidderee kann a sengem Alldag fir ee klengt Stéck Sécherheet suergen, andeems en op verschidde Situatioune preparéiert ass. 

D’Pirate wëllen:

  • Dass d’Police, zesumme mat aneren Acteuren aus der Justiz, Konsumenteschutz-, Bildungs- an Informatiounscampagnen organiséiert, fir de Leit Verhalensweisen an Tricker bäizebréngen, wéi ee sech viru Bedruch a Kriminalitéit op der Strooss ka schützen;
  • Am Beräich vun der Online-Kriminalitéit Kanner an Erwuessener iwwert d’Methode vun de Cyberkriminalitéit opklären an hinnen Informatiounsplattforme bidden;
  • Op nationalem Niveau d’Offer vu Selbstverdeedegungscoursen ausbauen. D’Prioritéit leit op der Deseskalatioun: d’Leit solle méi selbstsécher ginn, hire Kierper besser kenneléieren a richteg op Situatioune reagéieren.

Baulech Moossnahmen fir ee bessert Sécherheetsgefill

D’Gemengen an de Staat kënnen op Plazen, déi onheemlech wierke, iwwert d’Gestaltung vun der Ëmgéigend fir ee bessert Sécherheetsgefill suergen. Heiansdo hëlleft déi richteg Beliichtung, heiansdo ass et d’Vergréisserung vum Trottoir oder d’Opmaache vun engem klenge Commerce an eidelen Zonen, dee fir eng Verbesserung suergt. Hei sollen déi Verantwortlech zesumme mat de Bierger:innen déi Plazen identifizéieren, déi baulech kënne verbessert ginn.

Kampf géint erzwonge Prostitutioun a Mënschenhandel

Nëmme mat kloer Reegele kann haart géint Proxénitisme a Mënschenhandel virgaange ginn. Dofir mussen d’Sexworker aus der legaler Grozone erausgeholl ginn a legal Prostitutioun als Aarbecht unerkannt ginn. Dëst huet, zesumme mat klore Reegelen ënner wéi enge Konditioune Prostitutioun zu Lëtzebuerg legal praktizéiert dierf ginn, zur Folleg, dass méi kloer géint illegal Prostitutioun a Mënschenhandel ka geschafft ginn. 

D’Piratepartei fuerdert:

  • Méi kloer Reegelen, wat d’Prostitutioun zu Lëtzebuerg ugeet;
  • D’Prioritéit muss dorops leien d’Sexworker aus der Illegalitéit ewech ze halen an all Ënnerstëtzung fir regelméisseg Gesondheetschecks ze erméiglechen;
  • Mir wëllen och eng Ulafstell schafen, wou déi betraffe Persounen sech kënne mellen, wann si aus dem Prostitutiounsmilieu wëllen erauskommen.

Gesetzer an Uerteeler méi accessibel maachen op legilux.lu

Gesetzer mussen esou kloer wéi méiglech formuléiert ginn an esou einfach wéi méiglech vun de Bierger:inne kënne fonnt ginn. Dëst ëmfaasst e schnellen an einfachen Zougang zu relevanten Informatiounen. 

Dofir fuerderen d’Piraten:

  • Dass all d’Gesetzer ëmmer an enger konsolidéierter Versioun online um Legilux publizéiert ginn. Och sollen et Themeniwwersiichte ginn a sou oft wéi méiglech musse Gesetzestexter aus engem Domaine an engem Code geuerdent ginn;
  • Dass och d’Geriichtsuerteeler (Jurisprudenz) zentraliséiert um Legilux publizéiert ginn.