Ouni Sécherheet gëtt et an enger Gesellschaft keng Fräiheet. Dofir ass et ee Muss, dass de Staat, duerch seng Police a Justiz, alles mécht, fir d’Sécherheet esou héich wéi méiglech ze halen, dass d’Leit hir Grondfräiheeten kënnen ausliewen. De Staat muss dofir suergen, dass d’Leit sech sécher spieren, andeems se sou gutt wéi méiglech viru Mënschen mat béisenOfsiichten a Gewalt geschützt sinn. D’Bierger:inne musse bei der Sécherheet am Mëttelpunkt stoen: hier Fräiheeten an hiert Wuelergoen musse geschützt ginn. D’Piraten sti fir eng Sécherheetspolitik, déi pragmatesch a proportional zum Zilsoll sinn. Mir schaffen op Léisungen, déi noweislech d’Sécherheet vun de Leit solle verbesseren.
Kee sollt an Angscht musse liewen an a kriddelege Situatiounen op sech eleng gestallt sinn. An eisen Aen ass déi beschte Léisung, fir d’Sécherheetsgefill hei am Land z’erhéijen, méi physesch Policepresenz op eise Stroossen an ëffentleche Plazen. D’Police muss net iwwerall an zur selwechter Zäit sinn: et geet duer, dass mer genuch Polizisten hunn, déi fir een do sinn, wa se gebrauch ginn.
D’Pirate wäerten:
Et geet net nëmmen duer, dass mer méi Polizist(inn)en astellen, mee mir mussen och dofir suergen, dass d’Polizist:inne méi Zäit hunn, fir och tatsächlech um Terrain ze schaffen. Aktuell ass dat awer net de Fall: d’Polizist:inne verléiere vill Zäit beim Schreiwe vu Protokoller an Dokumenter a këmmeren sech ëm Aufgaben, déi net fir méi Sécherheet suergen. Wann d’Police méi Zäit hunn, kënnen si sech méi ëm richteg Policeaufgaben, wéi d’Feststelle vu Strofdoten an d’Ermëttlung (Enquête) këmmeren.
D’Pirate wäerten d’Police entlaaschten, andeems:
D’ëffentlech Sécherheet an de Rechtsstaat garantéieren, dat sinn d’Käraufgabe vun engem Staat an dofir brauch de Staat gutt Polizist:innen. Dat ass eng grouss Verantwortung fir all eenzelne Polizist.
De Beruff ass aus deem Grond keen einfachen: oft ass een den Überbringer vu schlechten Noriichten, et muss een a ville kriddelege Situatiounen d’Rou behalen an dobäi kommen dann nach onreegelméisseg Schaffzäiten a Beruffsrisiken.
Dobäi kënnt, dass zënter der Police-Reform intern Streidereie lassgaange sinn, well den aktuelle Karriäresystem fir Diskussioune suergt an net fair opgestallt ass.
D’Pirate wëllen a punkto Attraktivitéit vun der Police:
D’Polizist:inne schützen eise Rechtsstaat, andeems si dofir suergen, dass jidderee sech un d’Reegelen hält. Dofir vertraue mir der Police de Gewaltmonopol un, wat eng ganz grouss Verantwortung fir all eenzel Polizist:in ass.
D’Piraten:
D’Pirate mengen net, dass d’Aféierung vun enger sougenannter „Kommunalpolice“ de richtege Wee ass, dee fir méi Sécherheet an eise Gemenge suergt. D’Gendarmerie gouf viru Joerzéngten ofgeschaaft – firwat also erëm ee Waasserkapp un neie Verwaltunge schafen? Dës Weidere stellt sech d’Fro, wou déi Leit fir eng Kommunalpolice sollen hierkommen a bezuelt ginn, wa scho bei der Police d’Personal feelt.
Säit Jore gëtt d’Videoiwwerwaachung a verschiddene Gemengen hei am Land ausgebaut, obwuel Etüden an d’Erfarungen um Terrain kloer weisen, Dass et kee Sécherheetsgewënn duerch eng generell Videoiwwerwaachung gëtt.
D’Pirate setzen sech dofir an:
1a, rue de Luxembourg
L-8184 Kopstal (Koplescht)
[email protected]
Telefon: (+352) 20 33 37
22, rue de l’Eau
L-1449 Luxembourg
[email protected]
Telefon: (+352) 20 60 66