Sécherheet & Uerdnung: Justiz

Inhalt

Sécherheet & Uerdnung: Justiz

Zu Lëtzebuerg gëtt et, sou wéi et an Demokratien üblech ass, eng Gewaltentrennung. D’Chamber mécht d’Gesetzer, d’Regierung féiert d’Gesetzer aus mat sengem Staatsapparat an d’Justiz kontrolléiert d’Gesetzer a suergt dofir, dass jiddereen se anhält.
D’Justiz, dat sinn d‘Police, de Parquet (Staatsanwaltschaft), eis Geriichter, Affekot(inn)en an och aner Acteuren. Si suergen dofir, dass zu Lëtzebuerg de Rechtsstaat an domadder d‘Sécherheet funktionéieren. Ee staarke Rechtsstaat bedeit, dass Strofdoten duerch d’Justiz erkannt, verfollegt a sanktionéiert ginn. D’Pirate wëllen eng Justiz, déi fir all Bierger:in novollzéibar an esou transparent wéi méiglech ass. Den Zougang zur Justiz muss dobäi fir jidderee séchergestallt sinn.

Finanziellen Zougang zur Justiz fir jiddereen

All Bierger:in hei am Land huet d’Recht, d’Justiz anzeschalten, wann ee sech enger Ongerechtegkeet ausgesat gesäit. Dëst Recht ass am Artikel 47 vun der europäescher Charta vun de Grond- a Mënscherechter festgehalen an och hei zu Lëtzebuerg an der Gesetzgebung verankert.
An der Realitéit ass et awer oft esou, dass vill Leit net kënne viru Geriicht goen, well si et sech finanziell net leeschte kënnen, fir een/eng Affekot:in ze bezuelen. Déi lëtzebuergesch Gesetzgebung gesäit zwar eng Assitance judiciaire vir, wou de Staat d’Geriichts- an d’Affekotskäschte vu Leit mat wéineg Akommes bezilt, mee et ass et awer oft esou, dass Bierger:innen trotzdeem keen Zougang zur Justiz hunn, well se, no de Krittäre vum Gesetz, genuch Suen hunn, fir selwer en:g Affekot:in bezuelen ze kënnen. Et kënnt och vir, dass d’Leit, obwuel si eng Geriichtsaffär gewonnen hunn, op dausenden Euro Geriichts-, Affekots- an Expärekäschte sëtze bleiwen. Oder d’Leit d’Assistance judiciaire nodréiglech ewechgeholl kréien, well hiert Gehalt liicht geännert huet. 

D’Piratepartei wëll:

  • Dass jidderee soll ënnerstëtzt ginn, fir säi Recht op legale Bäistand duerch en:g Affekot:in ze notzen;
  • Dass d’finanziell Hürde fir d’Assistance judiciaire ofgebaut ginn, andeems déi finanziell Prozesshëllef un de reelle Käschte vum gesamte Geriichtsprozess definéiert gëtt (Affekot:in, Expären, asw.) an net nëmmen um Akommes vum Demandeur;
  • Dass d’Assistance judiciaire, wa se accordéiert gëtt, och muss bäibehale ginn, fir d’Leit net a finanziell Laberenten ze bréngen;
  • Dass beim Dedommagement d’Affere bis zu engem gewëssene Plaffong op mannst hir Expären-an Affekotskäschte vun der Géigepartie rembourséiert kréien.

Transparenz vun eiser Justiz

Verschidde Geriichtsaffäre brauchen heiansdo immens vill Zäit, bis eng Decisioun vum Riichter/der Riichterin getraff gëtt. Dat féiert dozou, dass vill Leit sech net op d’Geriicht trauen, well se Angscht hu viru laangen a schleefenden Affären.
Och wann d’Justiz kloer onofhängeg soll si vun der Politik an an éischter Linn hir Aarbecht mat beschter Suergfalt soll maachen, esou ass et awer wichteg, dass d’Bierger:innen an d’Zivilgesellschaft hir Institutioune kontrolléiere kënnen. Dofir brauch et Transparenz an oppen zougänglech Informatiounen. Et geet net duer, ëmmer nëmme méi Personal anzestellen: heiansdo bewierkt eng Prozedur oder nei Aarbechtsweis schonn, dass d’Saache méi schnell a manner opwänneg ginn. 

D’Pirate wëllen d’Justiz méi effikass a méi transparent maachen:

  • Andeems zesumme mat de Justizautoritéiten (Parquet, Geriichter) ee Katalog mat Messwäerter (Key Performance Indicators) opgestallt gëtt, deen alle Bierger:innen oppen an online zur Verfügung gestallt gëtt an op enger wëssenschaftlecher an analytescher Basis d’Aarbecht vun eiser Justiz bewäert.

Ëffentlech Geriichtsprozesser solle kënne gefilmt ginn

A Frankräich ass et méiglech, verschidde Geriichtsaffären ze filmen, wann all d’Parteien an d’Riichter:innen domadder averstane sinn.

  • D’Pirate wëllen dës Moossnam nom franséische Modell hei am Land aféieren.

Verfassungsgeriicht fir all Bierger:innen zougänglech maachen

An Däitschland kann all Bierger:in virum Bundesverfassungsgeriicht zu Karlsruhe Gesetzer a Veruerdnungen op hier Verfassungsrechtlechkeet iwwerpréiwe loossen.

  • D’Pirate wëllen, dass d’Bierger:innen zu Lëtzebuerg och d’Méiglechkeet kréien, fir virun d’Cour Constitutionelle ze zéien.

Riichter:in fir de Strofvollzuch

Aktuell gëtt de Strofvollzuch (exécution des peines) vum Procureur d’Etat (Staatsanwaltschaft) duerchgefouert. 

D’Pirate wëllen:

  • Dass de Strofvollzuch vun engem/enger zoustännege:r Riichter:in gemaach gëtt (juge de l’application des peines) an net méi vum Procureur d’Etat.

Ofschafe vun der Anwaltsflicht

All Bierger:in muss d’Méiglechkeet hunn, fir sech an allen Instanze selwer viru Geriicht ze vertrieden a selwer Kloen ze féieren, wann ee sech dat selwer zoutraut.

Affekotspräisser transparent gestalten a reglementéieren

Affekot(inn)en an Medezinner si Fräiberuffler. Wärend bei de Medezinner d’Tariffer duerch eng Nomenclature bei der CNS festgeluecht an zum Virdeel vum Patient limitéiert sinn, gëllt bei den Affekot(inn)en keng esou eng Reegel an Transparenz. 

D’Pirate fuerderen:

  • Dass d’Präisser vun Affekot(inn)en musse méi transparent gereegelt ginn, fir de Clientë d’Méiglechkeet fir ze vergläichen ze ginn an domadder de fräie Choix och no finanzielle Motiver ze erméiglechen;
  • Dass d’Affekotskäschte fir verschidde Prestatiounen am Kader vu Geriichtsaffären, esou wéi et bei den Medezinner de Fall ass, reglementéiert ginn.

Reform vum Notariat

Notairen hunn ee Spezialstatut an der Justiz: si kréien u sech vum Staat ee Monopol, fir verschidde staatlech Aufgaben ze kontrolléieren, mee si gezwongen, dës Aufgaben zu all Moment z’erfëllen. De Statut an d’Aufgabe vum Notaire sinn iwwert d’Gesetz gereegelt.
D’Pirate sinn oppe fir eng Reform vum Notariat. D’Fro muss gestallt ginn, ob de Notaire weiderhi soll ee geschützte Beruff bleiwen oder ob d’Aufgabe vum Notaire net éischter erëm engem staatleche Service ënnert der Justiz sollen ënnerstoen, oder ob een d’Notariatskompetenzen och op d’Affekot(inn)en erweidere soll. 

D’Pirate wëllen:

  • eng Reform vum Notariat upaken an de Monopol vum Notaire opbriechen.

Reform vum Dierwiechterstatut (Huissier de justice)

De Statut vum Dierwiechter ass fir d’Piraten net a Stee gemeesselt. D’Dierwiechter:innen hunn duerch d’Gesetz eng Rei vu Monopoler a mir stellen d’Fro, ob dës Aufgaben net besser ënnert der Verantwortung vu staatlechen Instanzen ënnert der direkter Autoritéit vun der Justiz kéinte gemaach ginn. 

D’Pirate wëllen:

  • Keng Dierwiechter:innen, déi op Profit schaffen;
  • D’Aufgabe vun den Dierwiechter:innen an den Aufgabeberäich vun de staatleche Justizautoritéiten zeréckféieren an den Dierwiechterstatut verstaatlechen.

Gesellschaftlech wertvoll Strofen

Eis Gesetzgebung soll et virun allem bei méi klengen Infraktiounen erméiglechen, de Schued rëm gutt ze maachen, ouni dass Prisongsstrofen néideg sinn. 

D’Piratepartei fuerdert:

  • Dass am Gesetz explizitt d’Méiglechkeet fir eng Art vu “Community Service” agefouert gëtt. Sou gëtt et e kloere Kader fir kleng Strofe gesellschaftlech wäertvoll ze handhaben.

Untersuchungshaft op de Minimum begrenzen

Schonn am 18te Jorhonnert huet de Voltaire gesot, dass et besser ass, een Schëllegen ze schounen, ewéi een Onschëllegen zu Onrecht ze bestrofen. Dee Prinzip gëllt och haut nach. An engem Rechtsstaat gëllt d’Onscholdsvermuddung, bis ee Riichter engem de Géigendeel beweist. Aktuell ass et awer esou, dass vill Mënschen hei am Land oft méintelaang an Untersuchungshaft sëtzen, well d’Justiz immens lues schafft. 

Mir Pirate wëllen:

  • Dass d’Untersuchungshaft op ee Minimum reduzéiert gëtt;
  • Dass Alternativen, wéi zum Beispill déi elektronesch Foussfessel, reegelméisseg Rendezvouse bei der Police oder d’Bezuele vun enger Kautioun genotzt ginn, fir d’Untersuchungshaft an engem Prisong ze reduzéieren.

Kee Finanzement fir Iwwerwaachungsprogrammer & Spionagesoftware

2022 huet een internationaalt Journalistennetzwierk opgedeckt, dass verschidden europäesch Regierung eng Spionagesoftware mam Numm « Pegasus » benotzt hunn, fir Handye vu Journalisten, Mënscherechtsaktivisten an Oppositiounspolitiker auszespionéieren. De Staatstrojaner, dee PEGASUS gedeeft gouf, gëtt vun enger israelescher Firma (NSO) mat Sëtz zu Lëtzbuerg entwéckelt a verkaf. Net nëmme goufen hei Parlamentspresidenten an Deputéiert ugegraff, mee och hir Mataarbechter:innen an enkste Familljemembere ware viséiert.
D’Opklärung vum SREL-Skandal a vill aneren Iwwerwaachungsskandaler aus de leschte Joren hu gewisen, dass och de lëtzebuergesche Geheimdéngscht regelméisseg ausserhalb vum politesch Vertrietbare gehandelt huet. D’Lëtzebuerger Regierung huet zouginn, dass de lëtzebuergesche Geheimdéngscht (SRE) Staatstrojaner benotzt. Ee Geheimdéngscht ouni effektiv parlamentaresch Kontroll ass allerdéngs Gëft fir eng Demokratie. 

Mir Pirate fuerderen:

  • Dass Spionagesoftwaren net méi dierfe vu Regierunge kaf a benotzt ginn;
  • D’Piratepartei setzt sech dofir an, dass zu Lëtzebuerg an op EU-Niveau keng Steiergelder fir d’Finanzéierung vun Iwwerwaachungsprojete wéi PEGASUS dierfen ausgi ginn;
  • Mir schléissen eis hei der Meenung vum Contrôleur européen de la protection des données (CEPD) un, dee proposéiert, dass d’EU-Staaten de Gebrauch vun der Pegasus-Software ënnerbanne sollen. Notamment kéint een, nom CEPD, op Basis vum Artikel 83 vum TFEU d’Benotze vu Spyware als kriminell Aktivitéit definéieren.