Ëffentlechen Transport

Inhalt

Gratis ëffentlechen Transport erhalen

Mir hunn eis jorelaang dofir agesat, dass den ëffentlechen Transport gratis gëtt.   2020 gouf eis Fuerderung endlech ëmgesat.

Mir Piraten:

  • Sti fir den gratis ëffentlechen Transport fir jiddereen a wäerten och dofir suergen, dass e gratis bleift;
  • Wäerte versichen, de gratis ëffentlechen Transport an der Groussregioun auszebaue fir déi Zuch- a Busstrecken, déi zu Lëtzebuerg fortfueren oder bei engem P&R ophalen;
  • Wëllen dofir suergen, dass all Eisebunnslinnen erhale bleiwen an de Passagéierverkéier op der Schinn ausgebaut gëtt aplaz Strecken ewechzehuelen (Beispill: Esch-Audun-le-Tiche).

Invest an den ëffentlechen Transport verbesseren

Lëtzebuerg ass, pro Awunner gekuckt, dat Land an Europa, wat mat am meeschten an den ëffentlechen Transport investéiert. Trotz allen Investissementer sinn d’Reeszäiten zu Lëtzebuerg nach ëmmer mat di längsten an Europa. Et geet also net duer, fir Suen auszeginn, mee et muss een och kucken a wat investéiert gëtt an ob dës Investissementer dozou bäidroen, fir d’Situatioun ze verbesseren. D’Offer vum ëffentlechen Transport (CFL, RGTR, Tram) variéiert zum Beispill immens, jee nodeems, wou een hei am Land wunnt. 

D’Piraten wëllen:

  • D’Investissementer, déi aktuell an den ëffentlechen Transport gestach ginn, iwwert de Leescht huelen a kucken, wou een d’Suen besser kéint asetzen;
  • Ressourcen spueren, andeems och d’Gemengen sech zesummendinn, nom Beispill vum TICE, fir interkommunal Buslinnen opzestellen, déi d’Offer zousätzlech zum RGTR komplettéieren. De Staat kann heifir déi néideg finanziell Ureizer schafen.

De Verkéier an der Stad berouegen

Et ass net sënnvoll, fir all Bus bis an de Stadkär oder op d’Gare vu Lëtzebuerg era fueren ze loossen, fir dann am Zentrum vun der Stad d’Passagéier op di verschidde Plazen ze verdeelen. Dës Approche féiert nëmmen zu Konzentratioun vum Traffic a vergréissert de Chaos.
Fir d’Mobilitéit am Stadkär vu Lëtzebuerg ze verbesseren, sollen d’Passagéier vun Zuch a Bus virun der Stad op Dréikräizer eraus gelooss ginn, fir da vun hei aus hir gezielte Verbindungen op déi verschidde Plazen an der Stad eran ze huelen (Hubsystem). 

D’Piraten wäerten:

  • Dat Konzept vum Hubsystem fir an d’Stad, wat elo ugefaange gouf, weider ausbauen;
  • Kucken, fir tëschent de verschiddene Dréikräizer eng Ringbahn oder ee Shuttle op d’Been ze stellen.

Barrièrefräi Mobilitéit garantéieren

Aus der Rubrik Inklusioun kopéieren.

Den Adapto reforméieren

Aus der Rubrik Inklusioun kopéieren.

Taxisgesetz reforméieren

Zu Lëtzebuerg zécken d’Leit éischter nach, fir den Taxi an hirem Alldag ze benotzen. Dobäi hunn Taxien de Virdeel, dass d’Autoen déi ganzen Zäit iwwer genotzt ginn an eng komfortabel Léisung sinn, fir den ëffentlechen Transport ze komplettéieren.

D’Piraten wëllen:

  • Eng Liberaliséierung vum Taxiservice a Covoiturage zu Lëtzebuerg ouni Aschränkungen. Et soll all Entreprise en Taxiservice dierfen ubidden. De Client soll virum Transport kloer iwwert d’Käschten informéiert ginn an d’Taxie sollte verflicht sinn, an engem gedréckten Dokument, esou wéi op hirer Internetsäit, transparent iwwert d’Käschten an de Service z’informéieren;
  • Eng staatlech Plattform fir Taxi a Covoiturage, wou kloer kontrolléiert gëtt, dass all gesetzlech Aarbechts-Standarden agehale ginn. Iwwert dës Plattform sollen dann och aner Apps hir Servicer kënnen ubidden.

CFL soll a Staatshand bleiwen

Et ass fir ee klengt Land wéi Lëtzebuerg vu Virdeel, dass de Staat de Schinnereseau nach selwer organiséiere kann. Doduerch kënne mer d’Offer vum Persouneverkéier op engem konstant héijen Niveau halen a gläichzäiteg fir gudd Aarbechtskonditioune bei der CFL suergen. Den Transport ass ee Grondbedierfnis a muss dofir a staatlecher Hand bleiwen.

D’Piraten:

  • Schwätzen sech fir den Erhalt vun der CFL a Staatshand aus;
  • Wëllen de Statut vum CFL-Beamten iwwert een neit Gesetz propper reegelen.

Méi Nuetszich

Nuetszich tëscht den europäesche Metropole sinn eng Alternativen, fir dass méi Leit mam Zuch aplaz mam Fliger an d’Vakanz reesen. Eng besser Ausnotzung vum europäesche Schinnereseau zu Nuetszäite kéint een Ureiz sinn, fir de Loftpassagéierverkéier op d’Schinn erofhuelen. An eisen europäeschen Nopeschlänner existéieren aktuell eng Réi Zuchlinne fir Nuetszich.

D’Piraten wëllen:

  • Lëtzebuerg an dat europäescht Netz vun den Nuetszich abauen, grad wärend de Summerméint, wou vill Mënsche reesen;
  • Gemeinsam mat aneren EU-Länner Nuetszich an enger Ufanksphas subventionéieren, fir kompetitiv Präisser am Verglach mat Low-Cost-airlines unzebidden.

Innovativ Weeër beim Transport goen

Et existéiere méi Transportméiglechkeeten, wéi de Bus, Zuch oder Tram. De Monorail, Magnetbahnen, Schwebebahnen, Seelbunnen a firwat net och den Hyperloop sinn Optiounen, déi an anere Stied op der Welt all Dag genotzt ginn an den ëffentlechen Transport verbesseren.

D’Piraten sinn oppen:

  • Fir zu Lëtzebuerg innovativ Weeër ze goen an konkret Etuden zu engem Monorail, Schwebebahn oder Hyperloop ze maachen.

Internet am Zuch & Bus

An der haiteger Zäit ass et Usus, dass een ëmmer an iwwerall erreechbar wëll sinn. Dofir brauch een iwwerall eng konstant an zouverlässeg Internetverbindung. Och fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg ass et wichteg, dass d’Dateverbindung am ëffentlechen Transport séchergestallt ass. Dëst géif et de Leit erlabe schonn um Wee op hir Aarbechtsplaz ze schaffen.

D’Piraten:

  • Wäerten sech dofir asetzen, dass am Zuch an am Bus iwwerall eng gratis Wifi-Verbindung disponibel ass.

Ee performanten an nohaltege Fluchhafe vun der Groussregioun

De Findel huet eng optimal Infrastruktur an ass de Fluchhafe vun der Groussregioun. Mat enger gudder Ubannung un d’Stroossen- a Schinnenetz kann de Findel och an Zukunft méi Passagéier unzéien a soumat Aarbechtsplazen an eisem Land schafen. Mir schwätzen eis kloer fir de Standuert Findel aus, deen a Koordinatioun mat de Fluchhäfen an der Groussregioun säi Service a Streckennetz ausbaue soll.
Och wa mir fir een Ausbau vun den Aktivitéiten um Findel sinn, esou wëlle mir dofir suergen, dass d’Fluchindustrie esou nohalteg wéi méiglech gestalt gëtt. De Wuesstem vum Flughafen dierf net ëm all Präis zustane kommen. D’Ëmwelt an déi lëtzebuergesch Aarbechtsstandarde musse respektéiert ginn. Et sollt een de Fliger och net iwwergebrauchen: an Éisträich gouf zum Beispill d’Decisioun geholl, all Fluchstrecken, déi ënnert dräi Stonne Fuerzäit mam Zuch erreechbar sinn, nom Prinzip “Zug statt Flug” z’ersetzen.

D’Piraten schwätzen sech kloer dofir aus:

  • Dass d’Low-Cost-Airlines hier Fligerticketen zu Lëtzebuerg net méi ënnert engem Mindestpräis dierfen ubidden. Et entsprécht net der Realitéit, dass ee fir 10€ vu Lëtzebuerg op Mailand fléie kann. Dës 10€ enthale weder d’Käschte vum Kerosin, nach decken se d’Steieren, déi um Flughafen ufalen;
  • Fir eng Steier op de Kerosin anzeféieren. Et kann net sinn, dass d‘Leit op der Tankstell Steiere musse bezuelen, deen se brauche fir op d’Aarbecht, an op der anerer Säit dierfen Airlines steierfräi hier Fligere volltanken, fir Leit domadder an d’Vakanz oder op hire Business-Trip ze fléien;
  • Fir Kuerzstreckeflich am Passagéierverkéier (wéi z.B. LUX-CDG oder Lëtzebuerg-Saarbrécken) duerch eng Zuchverbindung z’ersetzen, wann eng gutt Zuchverbindung op där Streck existéiert. Zousätzlech soll et méiglech sinn, direkt op der Gare den Check-In z’erleedegen;
  • Dass d’Nuetsfluchverbuet bäibehale gëtt;
  • Dass op all Fligerticket ugewise gëtt, wéi vill CO2 pro Passagéier op dësem Fluch ausgestouss gëtt;
  • Dass bei all Gesetzesännerung, déi de Fluchverkéier betrëfft, eng Fiche d’Analyse zum Ëmweltimpakt muss gemaach ginn.

Nohaltëg Schëffahrt

Lëtzebuerg huet zwar kee Mier, mee dofir fueren trotzdeem insgesamt 216 Schëffer mat 1,4 Millioune Brutto-Register-Tonnen ënnert enger Lëtzebuergescher Flagg. Dës Schëffer si bei eis am lëtzebuergesche Séiregëster ugemellt, mee nach nie bei eis op engem Hafen op der Musel ugedockt. Dofir kritt Lëtzebuerg da Steiere vu Firme bezuelt.

D’Piraten fuerderen:

  • Dass de Staat aus dem Steiergeschäft mat de Bëllegflaggen erausklëmmt an nëmmen nach Schëffer vu bëllege Steiersätz am Séiregister profitéiere kënnen, déi mat nohaltegen Technologien (wéi zum Beispill Waasserstoff oder e-Fuels) fueren;
  • Dass d’Mënscherechter an déi lëtzebuergesch Aarbechts-a Sozialstandarde op de Schëffer ënnert lëtzebuergescher Flagg agehalen a kontrolléiert ginn.