Kultur

Inhalt

Fir d’Kënschtlerfräiheet

Konscht war, ass a bleift ëmmer subjektiv. Dowéinst dierf de Staat sech net an d’Bewäertung vu Konscht amëschen. De Staat dierf och keng Form vu Konscht zenséieren, déi net zur Gewalt oprifft. Am Géigendeel: Kënschtlerinnen a Kënschtler droen ee groussen Deel zum gesellschaftleche Liewe bäi a sollen dofir vun de staatleche Stellen ënnerstëtzt ginn. Dofir ass et och wichteg dat lokaalt Kulturierwen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ze erhalen an ze fërderen. D’Pirate setzen sech an, fir ee generellen Accès zu Kulturgidder an eng méi grouss Ënnerstëtzung vu jonken a lokale Kënschtlerinnen a Kënschtler a Veräiner. 

D´Piraten fuerderen an deem Beräich ganz allgemeng:

  • Meenungsfräiheet als Viraussetzung fir fräi Konscht: Konscht dierf just zenséiert ginn, wann si zum Gesetzesbroch, zu Gewalt oder zu Haass oprifft. D’Konschtfräiheet muss dowéinst geschützt ginn;
  • Eng besser staatlech Ënnerstëtzung vu lokale Kulturveräiner an der Form vu méi einfachen administrative Prozeduren, fir hier Aktivitéiten duerchzeféieren;
  • E Bereetstellunge vun néidegen Infrastrukture fir déi lokal Kulturveräiner, fir finanziell Iwwerbelaaschtungen ze verhënneren;
  • En Aféiere vun engem Kulturpass fir Kanner a Jonker: Mat dësem Kulturpass sollen si e méi bëllegen an einfachen (a fréien) Zougang zu de verschiddenste kulturelle Veranstaltunge kréien an domat en eventuellt Intressi bei de Jonken entwéckelt ginn.

Bibliothéiken

Liesen ass immens wichteg fir eng breetgefächert a gutt Educatioun a ganz wichteg fir d’Entwécklung vun de Kanner. Kanner, déi vill liesen oder virgelies kréien, weise ganz dacks eng besser sproochlech Entwécklung op. Sou hunn dës Kanner zum Beispill heefeg e méi grousse Wuertschatz a si kënnen sech besser ausdrécken. D’Bibliothéike mussen zu Lëtzebuerg dofir ënnerstëtzt ginn an nëmme gutt ausgebilte Personal kann eng héich Qualitéit vun der Offer assuréieren.

Am Kontext vun de Bibliothéike fuerderen d´Piraten:

  • Eng méiglech grouss Offer u staatleche Bibliothéiken déi iwwerall am Land verdeelt sinn, wann néideg och duerch d´Grënnung vun neie Bibliothéiken;
  • En universellen Accès fir jiddereen zu dëse Bibliothéiken, onofhängeg zum Beispill vun der finanzieller Situatioun an d´Garantéiere vun enger breetgefächerter Offer;
  • D´Astellen an d´Formatioun vu qualifizéiertem Personal, fir den noutwennege Qualifikatiounen, fir an enger Bibliothéik schaffen ze kënnen, z’entspriechen;
  • D´Aféiere vun engem Buchpreisbindungsgesetz, wat fir méi Transparenz suergt, well d’Präisser iwwerall nämmlecht sinn. Domat schaaft een eng fair Konkurrenz tëscht groussen a klenge Geschäfter a schützt zudeem och déi zu Lëtzebuerg produzéierte Bicher.

Archiver

D’Archive sinn ee wichtege Bestanddeel vun eisem gesellschaftleche Gediechtnes, well si konservéieren an archivéiere Material zu ville verschiddenen Aspekter vun eisem gesellschaftleche Liewen, zum Beispill Dokumenter aus der Politik. Dowéinst brauchen d’Archiver awer och Accès zu Material, well si soss hir Aarbecht net esou kënne maachen, wéi si sollen. 

Dofir fuerderen d´Piraten:

  • Eng allgemeng Promotioun vun der Wichtegkeet vun den Archiven an dem Archivgesetz;
  • E besseren a gesécherten Zougang zu staatlechen Dokumenter zur Rechtsspriechung a Circulairen;
  • Eng Verbesserung vun der Zesummenaarbecht bei der Dokumentatioun tëscht staatlechen a privaten Organisatiounen.

Eng fräi zougänglech Kultur

Gedeelte Kultur ass duebel Kultur. D’Piraten setzen sech zënter hirer Grënnung fir d’fräi Zirkulatioun vun Informatiounen, Wëssen a Kultur aus. 

An dësem Kontext wëllen d´Piraten:

  •  Eng Relizenséierung a Verëffentlechung vun aktuell nach geschützte Wierker;
  • Eng Promotioun vun der digitaler Kulturindustrie;
  • En Facilitéiere vun der Kreatioun vun neie Start-ups am Kulturberäich;
  • D’Erhale vun der Kultur aus Lëtzebuerg an der Regioun duerch modern Technologien;
  • D´Ewechfale vu Patenter bei der Konscht, well dëst géint den Interessi vun der Gesellschaft ass a jidderee soll gläichberechtegten Zougang dozou hunn;
  • En obligatoreschen Zougang fir d´Allgemengheet zu lizenzéierte Wierker vu lokale Veräiner oder Kënschtler, déi vum Staat ënnerstëtzt ginn.

Reform vum Urheber- a Patentrecht (Copyright)

Déi aktuell Reegelen zum Urheberrecht baséieren zum Deel op joerhonnertenalen Iddien a Virstellungen, déi net méi un déi häiteg technologesch Méiglechkeeten ugepasst sinn. Modern Technologien, déi e verloschtfräit Kopéieren an Austausche vu Kultur a Wëssen erlaben, sinn eng Chance fir jiddereen, onofhängeg vu finanzielle Méiglechkeeten, fir un der kultureller Villfalt Deel ze huelen an sech ze bilden. D’Urheberrecht an dat angelsächsegt Copyright verhënnert d’Verbreedung vu Kultur a Wëssen, andeems et den Zougrëff dorop monopoliséiert. De fräien Zougang zu Kultur a Wëssen ass awer eng Bedingung, fir eng oppen a gebilten Informatiounsgesellschaft.

Dowéinst setzen d’Piraten sech an, fir:

  • E gläichberechtegten Informatiounszougang fir jiddereen;
  • E gerechte Loun fir den Auteuren hier Konscht, wat aktuell zum Deel, mat den aktuelle Reegelen zum Auteursrecht, net ëmmer garantéiert ass;
  • D’Kierzung vun alle Schutzfristen op déi festgeluechte Minimumen, wéi se an den TRIPS a WIPO-Traitéë virgesi sinn. Mëttelfristeg sollen dës Traitéen nei ausgehandelt gi fir d’Schutzfristen op maximal 14 Joer ab Umeldung vun engem Wierk ze kierzen;
  • Eng Ënnerdeelung vun de Fristen, wéi se an den TRIPS a WIPO-Traitéë virgesi sinn: eng éischt Frist vu siwe Joer an eng zweet vu siwe Joer, déi awer explizitt nach muss ugefrot ginn. Mat dëser Reegelung fale Wierker vu sougenannte verweesste Wierker an d’Public Domain a kënnen esou vu jidderengem genotzt ginn, ouni restriktiv Urheberrechtsreegelungen;
  • Eng Legaliséierung vum privaten Austausch vun Dateien (“Filesharing”) bei der net-kommerzieller Notzung;
  • Eng Reegelung, dass kopéiergeschützte Produiten net dierfe vum Verkaf zu Lëtzebuerg ausgeholl ginn;
  • Eng europäesch Direktiv, déi e Kopéierschutz (“DRM”) fir digital Produite generell verbitt. Nëmmen esou kënnen digital Musek oder Filmer weiderverkaaft oder verierft ginn.

Eng Federatioun fir Auto-Entrepreneuren

Aktuell ass et esou, dass vill Kënschtler zwar Member bei enger Federatioun sinn, bei dësen awer a Kategorie mat anere Beruffer zesumme gesat ginn, och wann déi aner Acteuren aus der Kategorie ganz aner Besoinen, Problemer an Interêten hunn. Dacks hunn grad Auto-Entrepreneure mat groussen administrativen Hürden a Problemer ze kämpfen, déi zum Deel och mat ganz ville Käschte verbonne sinn.

Dowéinst setzen d’Piraten sech dofir an:

  • Dass Auto-Entrepreneuren, a ganz vill Kënschtler sinn an deene meeschte Fäll Auto-Entrepreneuren, eng eege Federatioun kréien, déi hir Interête vertrëtt, sech fir eng Vereinfachung vun den administrativen Demarchë fir kleng Betriber an Auto-Entrepreneuren asetzt a sech op nationalem Niveau fir d´Besoinen an d´Interête vu klenge Betriber an den Auto-Entrepreneuren asetzt.

Beruffer valoriséieren

Mir setzen eis dofir an, dass déi verschidde Beruffer aus der Kulturzeen sollen evaluéiert ginn, genau wéi déi verschidde Weeër, fir an dës Beruffer ze kommen. Aktuell gesäit et nämlech esou aus, dass et just ganz wéineg Bildungsméiglechkeete gëtt, fir sech an d’Richtung vun engem Beruff am Domaine vun der Kultur z’orientéieren. Dobäi huet de Kulturberäich ganz vill verschidden a villfälteg Beruffer ze offréieren. Sollt dës Evaluatioun erginn, dass et net genuch Pisten am Enseignement ginn, wëlle mir eis engagéieren, dass nei Weeër geschaaft ginn. 

D´Piraten setzen sech hei fir ënnerschiddlech Iddien an:

  • Méiglechkeete vun enger kultureller Orientatioun schafen iwwert de Wee vun engem BTS oder iwwert Formatioune bei de Beruffskummeren;
  • Eng besser finanziell Ënnerstëtzung vun de Kënschtler mat engem Iwwerschaffe vun de Krittären, déi aktuell net wierklech op all Kënschtler zoutreffen;
  • En Abanne vun den Acteuren um Terrain fir déi aktuell Ënnerstëtzung méi gezielt op hier Besoinen ze adaptéieren;
  • Eng Vereinfachung vun der Autorisation d’établissement virgesinn, fir et de Kënschtler méi einfach ze maachen sech ze lancéieren.

Luxembourg Film Fund

Et goufen an de leschte Joren e puer Problemer bei der Gestioun vum Filmfong festgestallt. 

Aus deem Grond proposéieren d’Piraten:

  • De Luxembourg Film Fund soll sech op d’Finanzéiere vu klenge Produktiounen aus Lëtzebuerg konzentréieren, fir der Filmbranche an der Groussregioun eng eegen Identitéit ze ginn;
  • Eng méi staark Kontroll vum Luxembourg Film Fund. D’Gerance vum Fong soll an de Kulturministère agegliddert ginn an d’Finanze méi streng kontrolléiert ginn.

Historesch Gebaier erhalen a mat Liewe fëllen

Historesch Gebaier gehéieren zum Stadbild vun enger Gemeng an erziele vill iwwert d’Geschicht vun enger Uertschaft.
Eis Partei huet sech an de vergaangene Jore kritesch mam Ëmgang mat eisem historesche Bauierwe beschäftegt. An der Chamber hu mer den Ofrëss vun der Ettelbrécker Gare kritiséiert an ofgeleent. Mir haten och a parlamentaresche Froen un d’Kulturministesch verschidde Bauprojeten ënnert d’Lupp geholl, wou bauhistoresch Gebaier sollten ofgerappt ginn. An engem Fall (dem Eesebuerer Schlass) ass et eis souguer gelongen, dass een Ofrëss-Stopp domadder bewierkt gouf.
Wann eppes national geschützt ass, kann de Buergermeeschter awer eng Autorisation de destruction ginn, mat der Oplag, dass de bestoende Gabarit geschützt gëtt. Dat ass en Nonsens.

D’Piraten wëllen, dass:

  • Beim Baue bestoend Baukultur souwäit wéi méiglech erhale bleift;
  • Gebaier, déi um nationale Plang geschützt sinn, automatesch och um kommunale Plang geschützt sinn;
  • Gebaier, déi net méi genotzt ginn, wéi zum Beispill Garen, erëm mat Liewe gefëllt ginn, andeems een se renovéiert, fir dass hei Gemengeservicer, Veräiner oder Geschäfter kënne Plaz huelen;
  • Eng „Fondatioun du Patrimoine“ aféieren, déi historesch Gebaier opkafen, restauréieren an enger neier Notzung zouféiere kann, z.B. fir ze Wunnen. Esou eng Fondatioun kéint Knowhow iwwert den Denkmalschutz vermëttelen an de Public sensibiliséieren.