Inklusioun

Inhalt

Inklusioun

Eis Gesellschaft schléisst nach ëmmer vill Leit op Grond vun hire kierperlechen a mentale Fäegkeeten aus. D’Inclusioun an eiser Gesellschaft muss dofir viru gedriwwe ginn. Mir Pirate gesinn hei eng ganz Rei Chantieren, un deene geschafft muss ginn.

Feeldenden kloere juristesche Kader

De juristesche Kader ass nach ëmmer e Problem. Ab wéini gëllt eng Persoun als handicapéiert, wou fänkt dat un a wou hält et op. Wien huet wat ze gutt? Hei feelt et un enger klorer Definitioun. D’Feele vun enger klorer Definitioun bréngt dann och vill Problemer bei den Attestatioune mat sech. Fir dat engt ass eng Persoun mat engem Handicap eligibel, mee fir dat anert ass se dann awer «net handicapéiert genuch». Et ginn ze vill Ënnerscheeder gemaach, zum Beispill bei dem Statut als travailleur handicapé. Dëst féiert zu ganz absurde Situatiounen. Dat kann an dierf net sinn. Mir fuerderen dowéinst ee kloren a verständleche juristesche Kader.

Tutelle reforméieren

Dat aktuellt Gesetz iwwert Tutellen ass veraalt an eng Persoun huet entweder alleguer seng Rechter oder si huet guer keng Rechter. E wéineg nogebessert gouf mëttlerweil beim Walgesetz, wou et eng Upassung gouf. Persounen, déi ënnert enger Tutelle stinn dierfen elo och wiele goen. Lëtzebuerg gouf dann och schonn opgefuerdert, fir hei nozebesseren, well eist aktuellt Tutellesgesetz net den Norme vun der Genfer Konventioun entsprécht, geschitt ass awer nach net ganz vill. Hei gëtt et also héich Zäit, dass nogebessert gëtt. Insgesamt solle Persounen, déi ënnert der Tutelle stinn, nees méi selwer entscheede kënnen an doduerch nees méi Selbststännegkeet a Selbstbestëmmung erëm kréien, amplaz komplett entmëndegt ze ginn.

Dofir fuerdere mir Piraten:

  • Dass d’Juges de tutelle net méi fir jiddereen zoustänneg sinn, mee just spezifesch fir e Gruppe vu Leit, wéi zum Beispill Persoune mat engem Handicap;
  • Méi Formatioune vun de Juges de tutelle;
  • Tutelle muss méi selektiv sinn an net méi nom Prinzip vum ganz oder guer net funktionéieren;
  • Tutelle muss flexibiliséiert ginn, dass déi betraffe Persoune selwer vill méi matbestëmme kënne respektiv dass si méi staark an d‘Entscheedungsprozesser zesumme mat hirem Tuteur oder hirer Tutrice agebonne ginn;
  • Eng Tutelle soll dann och net automatesch fir de Rescht vum Liewe vun enger Persoun gëllen, mee zäitlech begrenzt ginn. Innerhalb vun engem Delai soll eng Evaluatioun virgeholl ginn, fir ze kucken, ob eng Tutelle verlängert gëtt oder net.

Aarbecht an Ateliers protégés

Persoune mat engem Handicap hunn et net ëmmer einfach um Aarbechtsmarché. Vill vun hinne kënnen opgrond vun hirer Behënnerung awer och ni enger «normaler» Aarbecht nogoen. Fir si ginn et sougenannten Ateliers protegéen. Hei ginn si vun Educateure respektiv Educatrice begleet a kënnen a speziellen Atelieren enger Tätegkeet nogoen. Heifir ginn si da mam onqualifizéierte Mindestloun bezuelt. Dëst ass eigentlech gutt Saachen. Leider ginn et awer hei verschidden Ongerechtegkeeten. Och wann Leit mat engem Handicap schonn zënter ville Joren an esou engem Atelier schaffen, sou kréien si awer ëmmer nëmmen den onqualifizéierte Mindestloun. Um Aarbechtsmaart ass et awer normalerweis esou, dass en(g) Aarbechter:in als qualifizéiert gëllt, wann hien enger Tätegkeet zënter méi wéi fënnef Joer nogeet. Just am Beräich vum Handicap gëtt hei also eng Ausnam gemaach an dës Leit benodeelegt. Dat ass awer net deen eenzege Problem. Och wann dës Aarbechter:innen hir Aarbecht gutt maachen, kënnen si keng Hausse vun hirem Salaire kréien an och een dräizéngte Mount ass fir si net méiglech. Dës Ongerechtegkeete mussen ophalen. Et ass bei de Kontrakter respektiv den Tâchen an den Atelieren awer och schonn zum Mëssverständnesser komm. Verschidde Leit kréien hei ee Kontrakt als Aarbechter:in a sinn domat ënnert dem Statut vum Salarié handicapé agestallt. Aner Persoune ginn am Kader vun enger Mesure thérapeutique opgeholl. Si ginn hei zwar an eng Mesure de travail gesat, dës gehéiert awer zur therapeutescher Approche vun der Mesure. Fir dës Léit gëtt et soumat och keen Aarbechtskontrakt an si ënnerstinn dowéinst net dem Aarbechtsrecht, mee der Santé.

D’Pirate fuerderen:

  • Dass och hei soll déi Reegel mat de fënnef Joer gëllen an d‘Aarbechter:innen ab dem Moment de qualifizéierte Mindestloun kréien;
  • Och eng Hausse vum Salaire an d’Méiglechkeet vun engem dräizéngte Mount muss agefouert ginn. Doduerch gëtt een hinnen och d’Méiglechkeet, sech selwer eng Existenz opzebauen an net fir ëmmer op aner finanziell Mëttelen ugewisen ze sinn;
  • Et musse méi Aarbechtsplaze vir Mënsche mat engem Handicap kreéiert ginn an dofir sollen och méi Suen zu Verfügung gestallt ginn;
  • All Persoun, déi an engem Atelier enger Tâche nogeet, soll een Aarbechtskontrakt kréien.

Reform vun der assistance à l’Inklusioun

All Aarbechter:innen am Privatsecteur mat engem Statut handicapé an all Aarbechter:innen am Privé am Reclassement extern kënnen zesumme mam Patron eng “assistance à l’inclusion dans l’emploi” bei der Adem ufroen, wann een Aarbechtskontrakt vu mindestens 12 Méint virläit. Dee Moment kuckt een Assistent zesumme mam Aarbechter an dem Arbeitgeber, fir déi speziell Besoine vum Salarié(e) ze definéieren, ee Projet auszeschaffen, fir dës Besoinen z’erfëllen an ee Suivi vun der Ëmsetzung ze maachen. Leider gouf dës Mesure bis August 2023 réischt zweemol ugefrot, obwuel et se scho säit Februar 2020 gëtt. Eng vun den zwou Demande gouf dunn och nach zréckgezunn, well se mat ze villen administrativen Hürde verbonne war. Hei muss direkt an effikass nogebessert ginn, fir dass an Zukunft méi Leit vun dëser Mesure profitéiere kënnen.

Reform vum Quotesystem fir Leit mam Statut "travailleur handicapé"

De Quotesystem wéi et en am Moment gëtt funktionéiert net. Betriber mat iwwer 300 Mataarbechter:innen misste laut Quotegesetz 4% vun hire Poste mat Leit mat engem Statut Handicap besetzen. 98% vun de Betriber hunn dat 2021 net gemaach. Dofir muss de Quotesystem reforméiert ginn, dass en Leit mat Handicap eng réel Chance bitt, fir um éischten Aarbechtsmaart Fouss ze faassen.

Den Adapto reforméieren

2020 gouf de Spezialtransport Adapto reforméiert. Mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ass och dëse Service gratis ginn, mee zesumme mat der Upassung vum Präis goufen och Ännerungen un de Krittäre fir eng Adaptos-Kart ze kréie gemaach, wat dozou gefouert huet, dass eng Rei Persounen, déi virun der Reform vum Adapto profitéiere konnten, dëst no der Reform net méi kënnen.
D‘Fahrte beim Adapto sinn an der Unzuel limitéiert an och bei den Horaire ginn et Aschränkungen, zum Beispill däerf et net ze spéit ginn, soss kann de Service net genotzt ginn. Vill Concerten, Kinosfilmer oder Theateropféierunge sinn awer dacks méi spéit. Doduerch kënne Leit mat Handicap net dorun Deel huelen, wann si op den Adapto ugewise sinn.
Den Adapto gëtt dann och net als Transportmëttel fir op d’Aarbecht ugesinn, well dofir géif et den ëffentlechen Transport ginn. Dëst entsprécht awer net ëmmer dem reelle Besoin. Dobäi kënnt, dass ee säi Führerschäi muss ofginn, fir den Adapto notzen ze dierfen. Wann Aarbechter:innen mat Handicap et packen, fir eng Plaz enzwousch bei engem Patron ze fannen, da kënnen se heiansdo trotzdeem net dohinner schaffe goen, well de Mobilitéitsministère mengt, dass si capabel ass, fir op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen, fir op d‘Aarbecht ze kommen. Dës Entscheedung gëtt deemno wéi géint den Avis vum Hausdokter vun der jeeweileger Persoun getraff.

Dofir fuerdere mir Piraten eng grondleeënd Reform vum Adapto Service:

  • D’Horaire vun den Transportservicer soll ausgebaut ginn;
  • Am Fall wou d’Evaluatioune vum Gesondheetszoustand tëscht dem Kontrolldokter an dem Hausdokter grondverschidde sinn, musse béid Doktere mateneen een Austausch hunn;
  • Keng Limitatioune méi wat d’Faartenunzuel ugeet;
  • Den Adapto soll och kënne fir den Transport op d’Aarbecht genotzt ginn;
  • Nieft der App muss ëmmer eng analog Ulafstell bestoe bléiwen;
  • Keng automatescht Entzéie vum Führerschäi méi mee eng Evaluatioun jee no Dossier.

Logement, betreit Wunnstrukturen an inklusiv Wunngemeinschaften

Beim Logement gouf an deene leschte Jore scho vill verbessert. Déi méi nei Residence sinn haut normalerweis och fir Persoune mat engem Handicap accessibel. Trotzdeem ass et grad bei méi ale Residencen nach dacks esou, dass si fir Persoune mat engem Handicap net zougänglech sinn. Et gëtt awer net nëmme Problemer um Niveau vum Accès zu Gebaier, mee och beim finanzielle Volet. Vill Leit,déi vun engem Handicap betraff sinn, hunn keng Aarbecht mat enger gudder Remuneratioun oder si sinn a Beschäftegungsmesuren, déi net gutt remuneréiert ginn. Si kréien zwar deels Aiden vu staatlecher Säit hier, mee déi ginn net duer, fir sech selwer eppes kafen ze kënnen. Et muss awer och Persoune mat engem Handicap méiglech sinn, fir eng eege Wunneng ze hunn. Et ginn awer och Persoune mat engem Handicap, déi net eleng oder komplett eleng kënne wunnen. Fir si muss et genuch alternativ Wunnforme ginn. Beispiller heifir wiere betreit Wunnstrukturen oder och inklusiv Wunngemeinschaften. Leider ginn et net genuch alternativ Wunnformen. De Staat muss hei seng Verantwortung iwwerhuelen a méi finanziell Mëttel dofir zur Verfügung stellen.

Mir setzen eis dofir an:

  • Dass de Staat méi finanziell Aiden zur Verfügung stellt, fir dass och Persoune mat engem Handicap sech eng Wunneng kënne leschten;
  • Dass de Staat méi finanziell Aiden zur Verfügung stellt, fir alternativ Wunnformen ze fërderen.

Barrièrefräi Mobilitéit garantéieren

Et gëtt aktuell schonn esou munches gemaach, fir den ëffentlechen Transport méi accessibel ze maachen. Dës Ustrengunge mussen awer nach verstäerkt ginn, well et bleift nach ganz vill ze maachen. Eng ganz Rei vu Busser, Zich a Gare si mëttlerweil fir Persoune mat engem Handicap accessibel, awer nach längst net all. Den ëffentlechen Transport muss fir jidderee notzbar sinn a muss dofir 100% behënnertegerecht gebaut sinn. D’Zil muss et sinn, dass all Persoun sech eegestänneg an eisem Land ka beweegen.

Dofir fuerderen d’Piraten:

  • Dass och d’Quaien op de Garen an d’Busarrête mussen entspriechend amenagéiert ginn, zum Beispill duerch Leitlinnen um Buedem oder duerch eng passend Héicht fir d’Rampen;
  • Hei muss de Staat dann och d’Gemengen encouragéiere fir d’Quaien an hire Gemenge fir Persoune mat engem Handicap entspriechend ze amenagéierten;
  • All d’Garen am Land mussen esou amenagéiert sinn, dass ee kann op all Gare eran an eraus klammen.

Accès op Elektroborne fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit

An Zukunft sollen alleguer d’Autoen elektresch fueren, also natierlech och déi vu Persoune mat engem Handicap. Aktuell ass et awer esou, dass et keng festgeluechte Virgabe bei der Installatioun vu Bornen am ëffentleche Raum gëtt fir den Zougang zu de Borne fir Persoune mat engem Handicap ze assuréieren. Och op europäeschen Niveau ginn et hei bis elo nach keng Virgaben. Hei kéint Lëtzebuerg eng Virreiderroll iwwerhuelen an zesumme mat den Associatiounen aus dem Beräich vum Handicap Normen entwéckelen a festleeën. Amplaz op eng europäesch Direktiv ze waarden, kéint een dëst also haut scho an Ugrëff huelen an domat och vill onnéideg Käschte vermeiden, fir herno schonn existéierend Bornen unzepassen oder ze erneieren, well se enger Norm net entspriechen.

Fir ee Master an der Inklusioun

Fir Persounen, déi am Beräich vum Handicap schaffen ass eng gutt Formatioun ganz wichteg. Aus dem Secteur gouf dowéinst an der Vergaangenheet schonn e Studiegang, zum Beispill e Master an der Inklusioun gefuerdert. Et gouf dann och schonn éischt Gespréicher mat Vertrieder vun der Universitéit, mee et ass bis haut näischt geschitt. Fir eis ass dës Fuerderung awer duerchaus sënnvoll, soudass mir eis dofir engagéieren, dass och Studiegäng wéi zum Beispill e Master an der Inclusioun sollen ugebuede ginn.

Fir méi Inklusiounscrèchen

Vill Eltere mussen haut zu zwee schaffe goen, fir finanziell iwwert d’Ronnen ze kommen. Wärend sinn op der Aarbecht sinn, mussen si hir Kanner friem betreie loossen, zum Beispill an enger Crèche. Wärend et fir vill Famille schonn eng Erausfuerderung ass, fir eng Plaz an enger Crèche fir hiert Kand ze fannen, esou ass fir Eltere vun engem Kand mat engem Handicap nach vill méi schwéier. Et ginn net genuch Inklusiounscrèchen a Stand aktuell ginn d’Waardelëschte bis 2025. Dat ass däitlech ze laang a fir d’Famillen dacks net ze bewältegen. Fir elengerzéiend Elteren ass et dann nach vill méi schwéier. De Staat muss de Bau respektiv d’Opmaache vun inklusive Crèche massiv fërdere fir déi laang Waardezäiten ofzebauen.

Fir méi inklusiv Spillplazen

Déi meeschte Kanner gi gäre raus op Spillplaze spillen, esou och Kanner mat engem Handicap. Jee no der Aart vum Handicap sinn déi regulär Spillplaze fir si awer net accessibel. Mee och Kanner mat engem Handicap musse kënnen op Spillplaze goen, wou si sech austoben, Spaass hunn a mat anere Kanner, egal ob mat oder ouni Handicap, kënnen interagéieren. Stand haut ginn et awer nach net vill inklusiv Spillplazen hei am Land. Op e puer wéinege Plazen, wou et esou Spillplaze gëtt, sinn se dann och nach zum Deel opgespaart oder an engem Eck verstoppt, wou se nëmme schwéier ze fanne sinn. Dat fanne mir inakzeptabel. Lëtzebuerg brauch méi inklusiv Spillplazen an d’Gemenge sollen och méi finanziell Aide kréien, wann si eng scho bestoend oder eng nei Spillplaz och fir Kanner mat engem Handicap amenagéieren.

Congés speciaux

Et ginn hei zu Lëtzebuerg eng ganz Rei u spezielle Congéen, dozou gehéiert ënnert anerem och de Congé pour raisons familiales. D’Virgaben zu der Unzuel un Deeg, zum Beispill beim Congé pour raisons familiales si ganz spezifesch an hänke vum Alter vum Kand of. Dëst ass fir vill Famillen dann och kee Problem. Anescht gesäit et awer fir Famillen aus, déi e Kand mat engem Handicap hunn. Hei kann d’Altersgrenz zu engem ganz grousse Problem ginn. Grad bei Kanner mat engem mentalen Handicap kënnt et vir, dass de biologeschen Alter an de mentalen Alter net gläich sinn. Bei de Congés pour raisons familiales an aner spezielle Congéë muss déi reell Behënnerung vum engem Kand gekuckt ginn an net just den Alter um Pabeier. D’Eltere vu Kanner mat engem Handicap sollen dowéinst dann och ënner gewësse Konditioune méi Deeg beim Congé pour raisons familiales zougestane kréien, fir sech ëm hir krank Kanner ze këmmeren, ouni dofir regulär Congésdeeg mussen ze huelen.

Medezinesch Traitementer

All Mënsch gëtt a sengem Liewe mindestens emol krank a brauch een Dokter. Awer och bei der Präventioun ass d’Medezin gefrot. Déi klassesch Medezin ass awer dacks net fir Leit mat Handicap gëeegent. D’Dokteren an d’Gesondheetspersonal sinn dacks iwwerhaapt net oder net genuch forméiert an informéiert fir Persoune mat engem Handicap gutt behandelen ze kënnen. Eng gutt medezinesch Versuergung ass fir Persoune mat engem Handicap awer genau esou wichteg wéi fir all anere Mënsch och. Dowéinst musse méi Formatiounen an och obligatoresch Formatioune fir Dokteren an d’Personal aus dem Gesondheetssecteur ugebuede ginn. Nëmme mat de richtege Formatioune kann déi beschtméiglech Prise en charge ugebuede ginn.

Fir eng inklusiv Digitalisatioun

Leit mat Handicap sinn nach ëmmer vill ze dacks vun der Digitaliséierung ausgeschloss. Vill Servicer oder Internetsäiten si fir Leit mat engem Handicap guer net accessibel. Ganz dacks gëtt nach ëmmer keng Sproochausgab op de Bankomater, Gebäerdesprooch ugebueden, et gi keng Ënnertitel oder keng liicht Sprooch. Dëst betrëfft och nach ëmmer d’Internetsitten an d’Servicer vun ëffentlechen Institutiounen. Grad hei ass de Staat awer an der Verantwortung a muss dofir suergen, dass och Persoune mat engem Handicap Accès hunn, sech zu recht fannen an d’Offer benotze kënnen.

Assurance dépendance

Assurance Dépendance soll sech net nëmmen op den Dépendance grad fixéieren. An da just duerfir suergen dat eng Persoun Iessen, sech wäschen a schlofen kann. 

Mir Pirate fuerderen:

  • Dass d’Assurance dépendance sech och op Preventioun fokusséiert, well ee mat enger gudder Virsuerg, Dépendance no hannen geréckelt ka ginn. Sou kënne Leit méi laang eng gréistméiglech Selbststännegkeet erhalen. Zill soll et sinn dat Leit kënnen doheem wunne bleiwen;
  • Dass Leit nees méi oft kënne vun de Servicer profitéiere fir hier Akeef ze maachen;
  • Méi Gardestonne fir Famill ze entlaaschten.