Gesellschaft

Inhalt

Gesellschaft

D’Piratepartei steet fir eng zäitgeméiss Gesellschaftspolitik. Jideree soll säi Liewen nom Prinzip vun der fräier Selbstbestëmmung ouni staatlech Amëschung gestalte kënnen. De Staat soll jideree virun Ongläichheeten, Diskriminéierung a Gewalt schützen, ouni ee Liewensmodell ze favoriséieren. Obwuel um Niveau vun der Gläichstellung an de leschte 50 Joer vill geschitt ass, bléiwe strukturell Ongläichheete bestoen, déi et ze iwwerwanne gëlt. An enger moderner a fairer Gesellschaft dierfen d’Geschlecht, d’Hierkonft an/oder de sozio-ökonomeschen Hanndergrond net iwwert d’Chancen an d’Fräiheeten am Liewe bestëmmen.

Gläichberechtegung am Beräich Gender a Partnerschaft

D’Geschlecht an d’Form vun der Partnerschaft hunn net iwwert d’Méiglechkeeten am Liewen ze bestëmmen. Jideree soll d’Recht hunn, seng Léift esou ze liewen, wéi e wëll, a sech a sengem Kierper wuelfillen ze kënnen. Stereotypen op Basis vum Geschlecht a Virurtdeeler géigeniwwer vu Persounen, déi Partnetschaft an/oder Gender net nom traditionelle Modell liewen, mussen iwwerwonne ginn zugonschte vun engem oppenen an toleranten Zesummeliewen.

An deem Kontext fuedere mir:

  •  Anonym Job-Bewerbungen zur Reegel maachen;
  •  Fest an eenheetlech Normen fir eng genderneutral Sprooch;
  •  E Gebuertscongé vun dräi Méint fir Partner:innen zäitgläich zum Congé de Maternité;
  •  D’Optioun vum drëtte Geschlecht aféieren a laangfristeg d’Kategorie vum Geschlecht op ëffentleche Pabéieren oofschafen;
  •  Administrativ Prozedure fir transident Persounen vereinfachen
  •  Eng ëmfaassend Prise en charge vun de medizineschen Traitementer bei Geschlechtsugleichungen;
  •  Direkt Unerkennung vu beiden Elterendeeler bei der Geburt vun engem Kand an dat och bei gleichgeschlechtleche Partner;
  •  D’Méiglechkeet vun enger Adoptiounen net oofhängeg maache vum Etat civil vun den Elteren;
  •  D’Schafe vun enger klorer legaler Basis hisiichtlech der Filiatiounspolitik an den eventuelle Konsequenzen op d’Ofstamungs- an Ierfschaftsrecht hisiichtlech vu Reeboufamillen;
  •  Eng Verbesserung am ILGA-Europe-Index.

Participatiounsrechter fir Persoune mat Handicap

Eng gläichberechtegt Gesellschaft muss eng Gesellschaft sinn ouni Barrièren an Hürden – eng Gesellschaft, an där sech och Mënsche mat Behënnerunge fräi vun Diskriminéierung a Stigmatiséieren entfale kënnen. All Mënsch, mat oder ouni Handicap, huet d’Recht e selbstbestëmmtend Liewe féieren ze kënnen. 

Dofir fuedere mir:

  • D’Fërderung vun der däitscher Gebärdesprooch an hier Unerkennung als Landessprooch;
  • Méi eng grouss Offer u Gebärdesproochdolmetscher a Coure fir Gebärdesprooch fir d’breed Bevëlkerung;
  • Persoune mat Handicap eng perséinlech Assistenz erméiglechen an deem Ausmooss an deem se gebraucht gëtt;
  • Déi ze stréng Adapto-Krittären iwwerschaffen;
  • Asetze vun engem Ombudsman fir Persoune mat Handicap, deen evaluéiert, awéifern d’UN-Behënnerterechtskonventioun ëmgesat an agehale gëtt, an un dee sech Betraffener wende kënnen, wa si sech an hire Rechter verletzt fillen;
  • Noutrufsystemer (z.B. a Liften) an Noutruf-Hotlinen (wéi den 112), déi och Textmessagen erlaben an am Idealfall eng Live-Chat-Optioun hunn;
  • D’Vie affective et sexuelle vu Leit mat Handicap net tabuiséiren: Perséinlech Assistenz an digital Outilen hei als Chance gesinn.

E Liewe fräi vun Diskriminéierung a Gewalt

D’Piratepartei mecht sech staark fir eng tolerant an oppe Gesellschaft. Xenophobie, Homophobie an all Art vun Diskriminéierung a Gewalt hunn an esou enger Gesellschaft keng Plaz. Jidderee muss d’Recht hunn, säi Liewe fräi an ouni Angscht gestalten ze kënnen ganz onofhängeg vu sengem Geschlecht, senger Relioun, senger Hierkonft, senger Hautfaarw oder der Form vu senger Partnerschaft.

Mir fuerderen dofir:

  •  Streng Bestrofung vu geschlechtsspezifescher, homophober, transfeindlecher a rassistesch motivéierter Gewalt;
  •  Verbuet vu kosmeteschen Agrëffer un de Geschlechtsdeeler vun intersex Kanner bis dës en Alter erreecht hunn, wou si selwer entscheede kënnen;
  •  Verbuet vu Konversiounstherapien, mat deenen LGBTIQ+-Persounen vun hirer Geschlechtsidentitéit oder sexueller Orientéierung “geheelt” solle ginn;
  •  Sensibiliéirungscampagnen fir d’Vermeidung vu Gewalt bei der Geburt;
  •  Eng zentral Ulafstell, wou Affer vu (sexueller/sexualiséierter/geschlechtsspezifescher) Gewalt kënne medezinesch, juristesch a psychologesch Hëllef kréien ouni dofir bei zësch verschidde Servicer mussen ze goen;
  •  Den Ausbau vun der Präventioun an der Täteraarbescht;
  •  Kee Stigmatiséiere vu bestëmmte Gesellschaftsgruppe, mee e Verständnis vu Gewalt als gesamtgesellschaftlechem Problem.

Reliounsausübung innerhalb vum gesetzleche Kader

D’Reliounsfräiheet ass e wichtegt Grondrecht, wat an enger Demokratie respektéiert muss ginn. D’Pirate sinn awer der Meenung, dass et net dierf sinn, dass am Numm vun der Reliounsfräiheet géint aner Gesetzer verstouss gëtt. Diskriminéierungen opgrond vum Geschlecht a Gesetzesverstéiss, déi ausserhalb vum reliéise Ramen als illegal ugesi ginn, mussen och innerhalb vun de Reliounsgemeinschafte respektéiert ginn.

Dofir fuedere mir:

  •  E Verbuet vun der Praktik, dass reliéis Ämter, obwuel se d’Form vun engem Aarbeschtsposten hunn, engem bestëmmte Geschlecht virbehale sinn. Fir Reliounsgemeinschafte mussen déi selwescht aarbeschtsrechtlech Reegele gëllen, wéi allgeméng an der Privatwirtschaft, esou dass Diskriminéierungen opgrond vum Geschlecht och hei net toleréiert solle ginn;
  •  En Encardrement an op Wonsch eng enk Begleedung vu Persounen, déi op Lëtzebuerg kommen an virdrun Affer vun engem Zwangsbestiednes oder engem Kannerbestiednës waren, fir sécherzestellen, dass déi Betraffen an eventuell Kanner aus dem Marriage hei am Land hirem fräie Choix entspriechend liewe kënnen;
  •  E Verbuet vu reliéise Beschneidungen u mannerjärege Kanner mat Penis an e Beibehale vum konsequente Verbuet vu weiblecher Genitalverstümmelung.

Eng kreativ an engagéiert Gesellschaft

Déi digital an industriell Fortschrëtter vun eiser Zäit, kéinten et de Mënschen eigentlech erlabe manner oofhängeg ze sin, vun hirer Aarbeschtplaz. De Wuelstand vum Land kéint vill méi gerecht verdeelt ginn, esou dass kee:nt méi misst ëm seng Existenz färten, wann e keng Aarbescht fënnt oder aus gesondheetlechen oder familiäre Grënn net kann schaffe goen. Eng Grondsécherung, déi héich genuch ass, fir iwwert der Aarmutsrisikogrenz ze liewen, géif et jiderengem erlaben, säi Liewen fräi ze gestalten, ouni den Drock ze hunn, beim Aarbeschtsverloscht net iwwerliewen ze kënnen. Gläichzäiteg dierf d’Aarbescht keng esou grouss Plaz am Liewen anhuelen, dass keng Zäit méi fir d’Famill, d’Veräinsliewen oder och z.B. Sport bléift. Ouni Existenzängscht a mat enger gesonder Work-Live-Balance si Mensche méi kreativ, manner krank an hunn och d’Zäit sech z. B. am Bénévolat ze engagéieren. Esou gi si der Gesellschaft och méi zeréck.

Dofir fuereren d’Piraten:

  •  E Grondakommes a Form vun enger negativer Akommesstéier;
  •  D’Asetze vun engem Congé associatif;
  •  D’Fërderung vum Bénévolat a vum Veräinsliewen.