Et ass erëm Krich um europäesche Kontinent, e Krich, dee mir als Matbierger:inne vun der EU esou net méi kannt hunn. D’Ukrain kämpft fir hir Fräiheet wärend Russland probéiert d’Land dem Äerdbuedem gläich ze maachen.
Mir Piraten ënnerstëtzen d’Ukrain vun Ufank un an hire Beméiungen, fir déi russesch Besatzer zréckzedrängen. An der Chamber hu mir all d’Ënnerstëtzungsmoossname fir d’Ukrain matgedroen a mir wäerten dat och weiderhi maachen. Mir Piraten si fir d’Ënnerstëtzung vu Waffenliwwerungen déi net riskéieren de Konflikt eskaléieren ze loossen. Dat bedeit, dass mir géint d’Schécke vu lëtzebuerger Zaldoten, Nuklearwaffen, Laangstreckerakéiten, Minnen, Brandbommen an all anere Waffen déi géint internadonal Traitéë verstousse, sinn. De Krich dierf net duerch esou Waffen eskaléieren.
Am Fall wou et sollt zu Friddensverhandlunge kommen, wëlle mir Sécherungen (zum Beispill Blo Helmer) an der Ukrain opstellen, fir sécher ze stellen, dass de Fridde vun Dauer ass.
D’Ukrain brauch och nom Krich Partner an der Défense. De Krich huet an enger éischter Instanz zu enormer Solidaritéit a ganz Europa gefouert elo geet et drëms de Momentum ze erhalen an och weider als europäesch Länner zesumme géint Russland anzestoen.
Och Lëtzebuerg gouf duerch dëse Krich virun Erausfuerderunge gestallt. Vill Mënschen hunn hire Wee an eis d’Land fonnt op der Sich no Sécherheet. Mir Piraten stinn och weiderhin dofir an, dass dës Leit bei eis opgeholl ginn, egal op aus der Ukrain oder anere Länner wéi Afghanistan, an hei anstänneg behandelt ginn.