Ëmwelt, Klima & Natur schützen!

Inhalt

Ëmwelt, Klima & Natur schützen!

Nëmmen andeems mir eis Ëmwelt a Ressource schützen, kënne mir d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier garantéieren a laangfristeg de Wuelstand vun eiser Gesellschaft sécheren. De Mënsch kann an dierf seng Liewensgrondlag op eisem bloe Planéit net futti maachen. D’Piraten erkennen d’Prioritéit vum Ëmwelt- a Klimaschutz kloer un a setzen sech fir een Ëmdenke vun eiser Wirtschaft souwéi eise Gewunnechten an. Mir mussen déi Verhalensweise fërderen, déi eis Wirtschaft an een Aklang mat eiser Ëmwelt an am Respekt mat eise Ressource bréngen.

De Staat muss responsabel akafen

De Staat muss selwer mam gudde Beispill virgoe beim Akaf vu Liewensmëttel, Gedrénks, Material a Kleedung fir seng Verwaltungen a Strukturen. En dierf net bei der Qualitéit vu gudde Liewensmëttel a Produkter spueren.

Dofir fuerderen d’Piraten:

  •  Dass all staatlech Verwaltung soll bei sengen Akeef op ëmweltfrëndlech (biologesch, regional, saisonal) & fair Produkter zeréckgräifen. Och bei der Kleedung an Textilien muss an Zukunft op FairFashion gesat ginn;
  •  Virun allem an de Kantinnen, muss de Staat Virreider ginn an d’Verwendung vun nohaltege Produkter ënnerstëtzen.

Opstelle vun engem Fong fir Naturkatastrophen

D’Fondatioun IDEA huet an hirem Aarbechtsdokument n°7 “Quelques réflexions sur le budget 2022!” proposéiert, ee Fong fir Naturkatastrophen opzestellen, wou schnell kënne Sue mobiliséiert ginn, fir d’Folge vum Klimawandel zu Lëtzebuerg ze finanzéieren an d’Affer z’ënnerstëtzen. Och d’Cour des Comptes recommandéiert an hirem Budgetsavis 2022 d’Opstelle vun engem Spezialfong fir Naturkatastrophen.

  •  D’Piraten schléissen sech där Meenung un a wëllen ee Fong fir Naturkatastrophen aféieren.

Ëmweltfrëndlecht Verhale beloune mat engem Klimabonus

Mir mussen d’Bierger:inne virun allem mat positiven Ureizer zu enger méi ekologescher Liewensaart motivéiren. Leit, déi am Respekt mat der Natur a mam Klima liewen, sollen dofir vum Staat belount ginn. Den aktuelle Prinzip vun der CO2-Steier bestrooft Leit nëmmen, ouni si zur Reduktioun vun hirem CO2 Ausstouss ze motivéieren.
De STATEC huet schonns Zuelen, déi weisen, wat eng Persoun am Duerchschnëtt am Joer verdéngt a consomméiert a wéi vill Suen ee brauch, fir ee wierdegt Liewen zu Lëtzebuerg ze féieren. Et ass och gewosst, dass Lëtzebuerg op de Kapp ronn 15 Tonne CO2 am Joer produzéieren. Op Basis vun den aktuellen Zuele wëlle mir ee Steiermodell opstellen, fir d’klimaverantwortlech Verhalen ze belounen.
All Persoun kritt all Mount eng Direkthëllef (Klimabonus) op säi Salaire, seng Rent oder anert Akommes ausbezuelt. Dës Direkthëllef gëtt, änlech wéi d’Kannergeld, ouni vill Bürokratie u jiddereen ausbezuelt. Esou kéint ee jidderengem an enger Ufanksphase 50€ pro Mount ginn. No e puer Jore kann een higoen an de Steierkredit op 100€, 200€ asw. erhéijen a gläichzäiteg d’CO2-Steier upassen. Op der anerer Säit gëtt d’CO2-Steier, wéi eng TVA, op verschiddene Produkter ugepasst. Beispill: ee Bio-Apel aus der Groussregioun wier da méi bëlleg wéi een Apel aus Neiséiland. Produiten, wou laang Transportweeër hannert sech hunn, wieren och méi deier wéi lokal Produkter. Doduerch, dass d’Leit awer de Mount 50€ méi an der Täsch hunn, spieren si dovunner näischt an hunn de Choix.
D’Iddi ass, dass Persounen, déi méi verbrauchen, bezuelen, wärend déi, di spuersam sinn, um Enn vum Mount fir hiert klimaneutraalt Verhale belount ginn.

D’Piraten wëllen:

  •  ee Klima-Bonus an Héicht vu 50€ pro Mount als Direkthëllef aféieren, duerno 100€, 200€, …;
  •  d’CO2-Steier op knaschtege Produiten deementspriechend upassen;
  •  op Datespuersamkeet an Anonymitéit setzen an dofir suergen, dass a kengem Fall d’Leit duerch dëse System   iwwerwaacht ginn.

Gratis Grondbedarf u Waasser an Energie, duerno Pollueur-Payeur

Spéitstens zënter der Invasioun vun der Ukrain ass deene meeschte bewosst ginn, wéi wäertvoll Waasser an Energie sinn. Mir musse spuersam mat eise Ressourcen ëmgoen an dofir sti mir Piraten hannert dem Prinzip, dass deen, dee méi Ressource verbraucht oder d’Ëmwelt méi belaascht, och deementspriechend dofir bezuele muss (=Pollueur-Payeur).
Gläichzäiteg si mer iwwerzeegt, dass et falsch ass, d’Käschten un déi Schwächsten an eiser Gesellschaft ofzedrécken an dass jiddereen een Accès op ee Minimum un Energie a Waasser muss hunn.

D’Piraten wëllen:

  •  Dass déi éischt 2.000 Liter Leitungswaasser de Mount gratis sinn;
  •  Dass ab 2.000 Liter de Waasserpräis sozial gestaffelt erop geet an de Literpräis méi um Verbrauch (partie variable) gewiicht gëtt.

Proppert Drénkwaasser fir jiddereen

Waasser ass eng iwwerliewenswichteg Ressource an dofir musse mer spuersam a verantwortungsvoll mam Waasser ëmgoen. Drénkwaasser sollt generell net genotzt ginn, fir den Auto ze wäschen, de Gaart ze netzen oder Sprangbueren ze fidderen.

D’Piraten wëlle proppert Waasser fir jiddereen, andeems mer:

  •  De Bau vu Kläranlage virundreiwen, fir eist Waasser fräi ze kréie vu Mikroplastik, Medikamenter a chemesche Stoffer.   Dobäi muss och d’Fro vum Klärschlamm geléist ginn, andeems mer dësen hei zu Lëtzebuerg erëm verwäert kréien;
  •  Aam ëffentleche Raum an op groussen ëffentleche Gebaier méi Reewaasserbehälter a Sammelbecken opstellen, déi am  Summer bei Dréchente genotzt kënne ginn, fir d’Planzen an der Gemeng ze netzen oder d’Toiletten ze spullen.  Domadder spuere mer Drénkwaasser.

Atomkraaft, nee Merci!

Nuklear Energiequellen si keng Alternativ zu fossillen Energien: Atomkraal ass knaschteg a geféierlech fir Mënsch, Déier an Natur. Ee klengen Accident huet Konsequenzen, déi iwwer Generatiounen ewech net méi réckgängeg gemaach kënne ginn. Et ass eng onsécher an am Endeffekt och eng deier form, Fir Energie hierzestellen. Atommeileren z’ënnerhalen an no hirer Liewenszäit ofzemontéiere kascht d’Steierzueler:innen richteg vill Geld, wärend d’Betriber mat Subvendoune Milliounen u Profitter maachen. Bei Dréchente besteet iwwerdeems de Risiko, dass och Atomkraalwierker keng Energie méi produzéieren (siehe Frankräich am Summer 2022)

D’Piraten:

 • setzen sech hei zu Lëtzebuerg a weltwäit fir ee Stop vun der Atomkraaft an.

Liewensmëttel gehéieren net an d’Poubelle

D’Piraten schwätzen sech fir eng besser Politik géint d’Verschwende vu Liewensmëttel aus. All Liewensmëttel kascht Ressourcen (Zäit, Aarbecht, Materialien). D’Produzenten, d’Supermarchéen an d’Restauranten, also jiddereen, dee Liewensmëttel verkeeft, musse méi a Verantwortung geholl gi fir Liewensmëttel ze retten. Och mir als Konsumente mussen de Wäert vu qualitative Liewensmëttel ervirhiewen.

D’Liewensmëttelverschwendung hei am Land soll gestoppt ginn, andeems:

  •  Mir ee Gesetz aféieren, wéi a Frankräich /loi Garot), wat grouss Liewensmëttelfirme verflicht, fir Liewensmëttel net ewechzegeheien;
  •  Produiten, déi op den Enn vum Haltbarkeetsdatum kommen, ënnert dem Akafspräis kënnen un d’Clienten ugebuede ginn;
  •  Produiten, déi hiren Haltbarkeetsdatum iwwerschratt hunn, mee nach genéissbar sinn, u Veräiner, Associatiounen oder Persoune gespent kënne ginn;
  •  Grouss Liewensmëttelfirmen eng monatlech Statistik produzéieren a festhalen, wéi vill Liewensmëttel vernicht goufen. Mir géifen op där Basis an zesumme mam Secteur een nationale Prozentsaz festleeën, deen dann net dierf iwwerschratt ginn;
  •  Op Liewensmëttel, déi an de Firmen an d’Poubelle fléien, eng Strofsteier agefouert ginn.

Dreck gehéiert an d’Poubelle, net an d’Natur

Mir sinn am 21te Joerhonnert a jidderengem misst hautzedaags bewosst sinn, dass een säin Offall net a senger Ëmwelt entsuergt, mee an enger Poubelle. Leider ass dat nach net bei jidderengem ukomm.

D’Piraten setzen sech a géint den Dreck:

  •  Kompostabel Zigarettestëmp mussen de Standard sinn op europäeschem Niveau, Plastikfiltere musse verbuede ginn (Einwegplastik);
  •  Et brauch méi Campagne géint Dreck an der Natur, d’Leit musse massiv opgekläert ginn. Dreck op de Buedem ze geheien dierf net méi als Bagatell ugesi ginn, egal ob et ee Knätsch ass, Pabeier oder eng metallen Dous;
  •  De Staat muss zesumme mat de Gemenge méi ëffentlech Poubellen opriichten, wou och den Tri ka gemaach ginn;
  •  D’Aktioun SuperDreckskëscht soll nei ausgeschriwwe ginn, fir déi aktuell Situatioun, wou eng Firma duerch dubiéis Aktiounen ee Monopol vum Staat geschenkt krut, z’iwwerschaffen.

Einwegplastik reduzéieren

D’Piraten setzen sech mat dofir an, dass den onnéidegen Asaz vu Plastik op een Enn kënnt a mer dës Ressource nëmmen nach do asetzen, wou se laangfristeg Sënn mécht. De Plastik däerf keng bëlleg Alternativ zu anere Materialien a kee Wegwerfartikel méi sinn.

Dofir setze mer eis an:

  •  Dass Einwegplastik net méi genotzt soll ginn;
  •  Op Plastiksprodukter generell eng Kautioun (Pfand) anzeféieren, fir dass Plastik permanent recycléiert gëtt an net méi an der Natur lant.

Greenwashing verhënneren

Et ginn aktuell vill ze vill Labelen a vill Konsument:inne gesinn de Bësch viru lauter Beem net méi. Déi eenzeg onofhängeg Labelen, déi net profitorientéiert an u sech interessensfräi sinn, si staatlech Labelen, déi gesetzlech festgehale sinn a kontrolléiert ginn (Beispill: den EU-BIO-Label).

Mir fuerderen:

  •  Dass d’Unzuel u Labelen am Ausschaffe mat de Profien aus dem BIO-Secteur verréngert gëtt an nëmmen nach Labelen zougelooss ginn, déi iwwert d’Gesetz zougelooss sinn;
  •  Dass Lëtzebuerg sech och op europäeschem Niveau heifir asetzt.

Textilindustrie reguléieren

D’Textil- a Kleederbranche ass eng héich globaliséiert a lukrativ Industrie. D’Produktioun ass oft iwwert d’Kontinenter ewech organiséiert an d’Kleeder fuere vill dausende Kilometer, bis se bei eis an de Kleederbutteker ze kafe sinn. Dës Industrie huet sech international esou organiséiert, dass se a Niddreglounlänner vu bëlleger Aarbecht a manner strengen Ëmweltreegele profitéieren. D’Ëmweltbilanz vun der Mouden-Industrie ass miserabel.

D’Piraten wëlle weider Moossnamen aféieren, fir d’Textilindustrie lues a lues méi nohalteg ze maachen:

  •  D’Erëmbenotze vu Kleeder muss gefërdert ginn andeems Secondhand-Butteker hier Wuer ouni TVA kënne weiderverkafen (ëmmerhi gouf jo schonn um neie Produit eng TVA bezuelt);
  •  Mir wëllen eng national Plattform fir Secondhandgeschäfter opbauen;
  •  Mir wëllen op europäeschem Niveau ee Pfandssystem fir Kleeder an een nohaltegen Textil-Label aféieren (änlech wéi de Bio-Label);
  •  D’Collecte séparée fir Textil am neien Offallgesetz muss ëmgesat ginn;
  •  Doriwwer eraus setze mir Piraten eis fir ee Liwwerkettegesetz an.

Ee Recht op Reparatur

Recht op Reparatur heescht, dass all d’Notzer:inne vu Produkter d’Reparatur esou einfach wéi méiglech kënnen duerchféieren. Dat bedeit, dass si entweder selwer kënnen d’Stécker ersetzen oder dass et genuch Ulafstelle gëtt, wou d’Produkt ka reparéiert ginn. Dofir muss sech d’Reparéieren och finanziell rentéieren: Ersatzdeeler dierfen net méi deier sinn, wéi de Produit selwer, a se mussen iwwerall erhältlech sinn.
Mir fuerderen:

  •  Eng Reduktioun vun der TVA op Reparaturservicer op 3%. Dat selwecht sollt fir de Kaf vun Ersatzstécker gëllen;
  •  Dat selwecht wëlle mer fir Secondhand-Shops, wou Produkter erëm genotzt kënne ginn;
  •  Dass Betriber, déi sech am Reparéiere spezialiséieren, déi éischt Jore méi finanziell ënnerstëtzt ginn, grad wann se speziell Maschinnen oder 3D-Druckere brauchen;
  •  Ee Reparaturbonus nom éisträichesche Modell anzeféieren.

TVA bei Elektroautoen

Et ass richteg a wichteg, dass d’Politik de Kaf vun ëmweltfrëndlechen Autoen ënnerstëtzt, fir den Individualverkéier méi ekologesch ze maachen. Fir méi Elektroautoen op eis Stroossen ze kréien, muss een un der Präisschrauf dréinen, fir dass méi Leit sech de Kaf vun engem Elektroauto och leeschte kënnen.

Dofir setze mir eis an:

  • Dass bis 2030 keng TVA op Elektroautoen (100% Elektresch) méi soll erhuewe ginn, fir domadder de Präis vun den Elektroautoen ze reduzéieren;
  • Dass déi aktuell Subsiden fir Elektroautoen bis 2030 beibehale ginn an och, dass de Subsid net zum Profit vum Autohirsteller benotzt gëtt, mee dem Endkonsumment zegutt kënnt;
  • Dass méi Betrieber Elektroautoen ubidden andeems ee Patron, dee sengem Employé een Elektroauto als Déngschtwon zur Verfügung stellt, net zousätzlech besteiert gëtt.

Afänken an Erëmbenotzung vum CO2 aus der Loft (Carbon Capture)

An de leschte Joren hu verschidden Etüden erausfonnt, dass d’Reduktioun vun de CO2-Emissiounen eleng net méi duer geet, fir eist Klimazil vu maximal 1,5 Grad Äerderwiermung z’erreechen. Parallel zur Reduktioun vun den Zäregaser mussen also och Ustrengungen ënnerholl ginn, fir de bestoende CO2, deen elo schonn an der Atmosphär ass, eraus ze kréien. Mir schwätzen heibäi vum Carbon Capture oder negativen Emissiounstechnologien.
Beim Carbon Capture geet et dorëm, fir de CO2 aus der Loft eraus ze filteren an an anere Forme fest ze setzen, wou en dann net méi zur Äerderwiermung bäidréit. Da kann ënnert verschiddene Forme sinn: a Steeschichten oder a Baumaterialie wéi dem Bëtong. Et existéiert och d’Méiglechkeet fir d’Hierstellung vun E-fuels. Dës Dreifstoffer sinn op mannst CO2-neutral an eegnen sech, fir den Undeel vu fossillen Dreifstoffer kuerz- a mëttelfristeg nach ee Mol ze reduzéieren.

D’Piraten:

  •  Hunn an der Chamber eng Gesetzespropose deposéiert, an där et dorëms geet, fir negativ Emissiounstechnologien (Carbon Capture) op der ganzer Welt ze fërderen;
  •  Sinn oppen, fir dass syntheetesch Dreifstoffer (E-fuels) an deene Beräicher genotzt ginn, wou se Sënn maachen (Schëffer, Fligeren, etc.).

Manner Bëtong, méi Blummen an heemesch Natur

De Verzicht op Bëtong schützt besser virun héijen Temperaturen am Summer a virun Iwwerschwemmungen. De Staat soll zesumme mat de Gäertnereie vun de Gemenge méi op Wildwuchs an op heemesch Planze setzen. Wildwuchs brauch manner Ënnerhalt, fërdert d’Biodiversitéit a kascht d’Steierzueler:innen am Endeffekt manner Geld.

D’Piraten wëlle richteg Natur aplaz Bëtong mat Blummen:

  •  D‘massiv Zoubetonéiere vun ëffentleche Plaze muss ophalen;
  •  Grouss iwwerierdesch Parkinge solle mat Alternativen, wéi Kräsi, Rasengitter, Mulch oder Grouine bedeckt ginn, och wann dat e bësse mi Aarbecht mat sech bréngt fir den Entretien;
  •  Mir brauchen op ëffentleche Plaze keng kënschtlech Zierpflanzen, isoléiert Stroossebeem oder Blimmercher, mee sollten zesummenhänkend Biotopen entstoe loossen.

De Bausecteur nohalteg gestalten

Lëtzebuerg huet ee grousse Wunnengsmangel an dofir muss méi gebaut ginn. Allerdéngs dierfe mer eis Bautepolitik net géint d’Natur ausspillen, well dat schlëmm Folge fir eis Ëmwelt huet a Punkto Biodiversitéitsverloscht, Flächeversigeleung, Iwwerschwemmungen a Liewensqualitéit.

Fir de Bausecteur gëllt fir eis:

  •  Déi bestoend Bauperimeteren dierfen net vergréissert ginn, well et leien aktuell ronn 4.000 Hektar Bauland prett. Als éischt solle mol dës Bauplaze ganz genotzt ginn, éiert mer Felder zoubetonéieren a Bëscher ofholzen;
  •  Baumaschinnen, déi mat erneierbaren Energie kënne fueren, solle steierlech gefërdert ginn. Dës profitéiert der Baubranche duebel, well se um europäesch Maart manner CO2-Zertifikater musse kafen;
  •  Nei Forme vun energeetesche Renovatiounen (zum Beispill duerch d’Vergréisserung vun der Aussenhüll vun engem Gebai) mussen erlaabt ginn;
  •  Gebaier, déi nohalteg gebaut ginn, solle subventionéiert ginn;
  •  bei ëffentleche Bauprojete muss een Undeel vu 25% aus nohaltege Baumaterialien erreecht ginn.

Bauschutt reduzéieren

Duerch déi héich Aktivitéit am Bausecteur entsteet vill Bauschutt: al Gebaier, déi ofgerappt ginn a Buedem, deen ausgegruewe muss ginn. Aktuell existéiere queesch duerch d’Land Bauschuttdeponien, wou dëse Bauschutt kann hi bruecht ginn. Mee op ville Platze sinn d’Deponie voll an et deet een sech zënter Jore schwéier, fir nei Deponien opzemaachen.

De Problem vum Bauschutt muss resolut ugaange ginn:

  •  Bestoend Gebaier mussen sou gutt wéi méiglech erhale bleiwen a renovéiert, restauréiert oder ausgebaut ginn. Dëst reduzéiert de Bauschutt beim Bauen an erhält eis architektonesch Ierwen;
  •  Et soll dofir direkt een Appell gemaach ginn un all Gemengen zu Lëtzebuerg souwéi an der Groussregioun, déi gewëllt sinn a Platz hunn, fir de Bauschutt kënnen ze lageren. De Staat muss dann zesumme mat deene Gemengen an der Baubranche ee Plang opstellen, fir Bauschutt ze reduzéieren an Deponie méi schnell disponibel ze maachen;
  •  D’Prozedure fir d’Oflagere vu Bauschutt mussen, am Respekt mat der Ëmwelt, gelackert ginn, fir kënnen Deponien no vun de Chantieren disponibel ze maachen;
  •  De Staat muss d’Fërderung vun neien Deponien zesumme mam Privatsecteur finanzéieren.

D’Arméi net beim Klimaschutz vergiessen

De Militärsecteur huet mat all sengen Infrastrukturen, dem dreifstoffintensive Material um Buedem, um Waasser souwéi an der Loft, ee vun den héchste CO2-Emissiouns-Tauxen op der Welt. D’Piraten hate viru Joren eng Evaluatioun vum CO2-Ausstouss vun der Arméi gefrot an op där Basis sollt och d’Klimapolitik bei der Arméi gefërdert ginn.

  •  D’Lëtzebuerger Arméi muss fir d’Erreeche vun de Klimaziler mat abegraff ginn.

Fësch ass net onbedéngt gesond

Den Netflix-Dokumentarfilm «Seaspiracy» weist engem, wéi schiedlech d’Massefëscherei fir eise Planéit ass. De Fakt, dass mir hei zu Lëtzebuerg Fësch aus Massefëscherei konsuméieren, huet global Auswierkungen op eise Planéit. Nieft dem Fakt, dass Mieresfësch oft dausende Kilometeren Transportweeër hannert sech hunn, ass och ee Groussdeel vum Plastik, deen an eise Weltmierer ze fannen ass, op d’Fëscherindustrie zeréckzeféieren. Um oppene Mier ginn et keng Kontrollen: Wëlderen, Ëmweltverschmotzung, Déiereschutz a Sklaverei sinn Deel vum Business. Dat intensiivt Fëschen ouni Kontrolle mécht d’Ekosystemer futti.

D’Piraten wëllen der Fëscherei-Industrie Limitte setzen:

  •  Grouss Betriber musse fir d’Nohaltegkeet vun hire Produkter verantwortlech gemaach ginn a Produkter, déi net nohalteg sinn, solle steierlech méi deier gemaach ginn;
  •  Fësch aus lokaler a biologescher Fëschzucht soll ouni TVA kënne verkaf ginn.

Eis Bëscher schützen

Laut Statec waren 2021 nëmme 16% vun eise Beem a engem gudden Zoustand. Dat ass net nëmmen zu Lëtzebuerg ee Problem, mee europawäit, bedéngt duerch de Klimawandel, laang Drécheperioden a Monokulturen an der Forstwirtschaft. Dës huet virun allem bei Nolebeem d’Verbreedung vum d’Borkenkäfer begënschtegt. Vill Bëschbesëtzer gesinn an hire Bëscher, wann déi éischt Beem gefriess ginn, fannen dann awer keen, deen hinnen déi krank Beem fällen oder och ewechraume kënnt.
Bëscher sinn net nëmmen ee Liewensraum an ee liewege CO2-Späicher, mee och ee Liwwerant vum Rohstoff Holz, deen eng wichteg Roll fir d’Kreeslafwirtschaft bedeit, ob fir de Bau, d’Produktioun oder fir d’Energie. Grad well d’Holz lokal bei eis am Land wiisst an no enger Zäit erëm nowiisst, huet dëse Rohstoff de Virdeel, dass en nëmmen dee CO2 fräisetzt, deen d’Holz a senger Liewensdauer gespäichert huet. Domat ass Holz ëm wäite besser ewéi fossil Energien aus Pëtrol an Ueleg.

Eis Bëscher schütze mer zu Lëtzebuerg an europawäit, andeems:

  •  Mir dofir suergen, dass keng Bëschflächen hei am Land verluer gaange ginn. Natura2000-Zone solle bäibehale bleiwen an ni méi kënnen ëmklasséiert ginn;
  •  Mir esou wéineg wéi méiglech an d’Bëscher agräifen. Et solle keng nei Bëschstroossen an deenen nächste Joren entstoen. Tëschent Naturzonen a bebautenen Zone oder Felder soll ëmmer eng Pufferzone sinn, fir der Flora & Fauna op der Bëschgrenz hier Plaz ze loossen;
  •  D’Bëschbesëtzer solle weiderhin encouragéiert ginn, fir hir Bëscher mat klimaresiliente Bamzorten opzestocken an d’Forstwirtschaft op eng nohalteg Manéier fir de lokale Konsum gestalten;
  •  Mir Bëschbränn am Summer besser an de Grëff kréien. Dofir musse méi Waassersammelbecke queesch duerch d’Land opgestallt ginn;
  •  Mir verhënneren, dass sech Krankheeten an de Borkenkäfer nach méi séier ausbreeden. Dofir brauch et ee Service bei der Natur- a Forstverwaltung, dee krank Beem séier aus de Bëscher erausbréngt an eliminéiert;
  •  Andeems mer fiabel Zuelen an Donnéeën erhiewen, fir festzeleeën, wat ee sënnvolle Prozentsaz fir d’Energiegewënnung aus Holz fir Lëtzebuerg duerstellt;
  •  Mir eng Traçabilitéit fir Holzprodukter um europäesche Maart aféieren an zu Lëtzebuerg schonn domadder ufänken, fir ze kucken, wéi déi Lëtzebuergesch Wertkette vum Ubau bis zum Endproduit funktionéiert;
  •  Mir d’Leit informéieren:
  •  op verschiddene Beem a Planze solle QR-Code a Plaquette opgestallt ginn, mat deenen d’Leit kënnen d‘Geschicht an d’Informatiounen vun der Planz noliesen. Dës Intitiativ existéiert schonns a villen Stied op der Welt;
  •  Formatiounen ubidden wéi een sech respektvoll am Bësch verhält.

E nationale Klima- an Ëmweltgremium aféieren

Aktuell gëtt d’Regierung vu Gremie beroden, wou d’Ministère selwer decidéieren, wéi eng Persounen do dierfe sëtzen. Ëmwelt- a Klimaschutz gehéiert an eisen Aen iwwerall diskutéiert, op Regierungsniveau wéi och um lokale Plang bei de Leit. D’Aarbecht vum Klimabiergerrot huet gewisen, dass d’Bierger:innen a verschiddene Punkte souguer méi wäit géife goen, wéi d’Politik et aktuell mécht.

D’Piraten wëllen:

  •  Déi bestoend Gremie reforméieren an dës an een nationalen «Klimagremium» opbauen, dee sech der Problematik vum Ëmwelt- a Klimaschutz zu Lëtzebuerg soll unhuelen. Dëse Conseil soll aus ëffentlechen Acteuren (Syvicol, Ministèren, CNDD), mee virun allem mat Acteure vum Terrain (Klimabiergerrot, Mouveco, engagéiert Bierger:innen) besat sinn. Domadder soll d’Klimaschutzpolitik an Zukunft méi onofhängeg an op héchstem Niveau bewäert ginn;
  •  Dass bei all Gesetzesprojet, deen d’Ëmwelt oder d’Klima betrëfft, dëst Gremium een Avis muss ofginn a sech och selwer kënnen aschalten, fir selwer Avis’en ze schreiwen.

Wuesstum intelligent gestalte fir méi Liewensqualitéit fir jiddereen

Zënter Jore gëtt de Wuesstem als eppes duergestallt, wat einfach esou vun uewen erof op eist Land eroffält. Dobäi ass de Wuesstem zu Lëtzebuerg politesch gewollt, hausgemaach an net an allen Hisiichte schlecht. De Wuesstem, dee politesch gewollt ass, ass virun allem quantitativ: méi Wirtschaft, méi Aarbechtsplazen an um Enn méi Steierrecette fir eise Sozialsystem um Lafen ze halen.
Zënter e puer Jore mierke mer awer, wéi sech dëse quantitative Wuesstem op d’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg auswierkt. De Problem ass net de Wuesstem u sech, mee d’Ampleur an d’Richtung vum Wuesstem an, well mer dem quantitative Wuesstem fräit Feld iwwerloossen an déi negativ Konsequenzen, wéi d’Präisser um Wunnmarché, den Trafic, d’Zersiidlung vun eisem Land an den onmoossege Ressourcëverbrauch ignoréieren an net an eis Rechnungen eranhuelen.

D’Piraten sinn der Meenung, dass de Staat de Wuesstem muss lenken:

  •  Mir kënnen a sollen net all Wirtschaftsaktivitéit, déi um Pabeier gutt kléngt, zu Lëtzebuerg maachen, grad wann dobäi massiv Ressource gebraucht ginn, wéi Buedem, Waasser an Energie (Beispill Jughurtsfabrick, Google-Datenzenter zu Biissen oder och den Tanktourismus). Projeten a Wirtschafts- oder Industriezonen, déi vill Fläche brauchen, sollten a gemeinsamen Approchen an der Groussregioun oder interkommunal realiséiert ginn;
  •  De Wirtschaftswuesstem muss an enger ganzheetlecher Approche gekuckt a gemooss ginn. Dofir musse Moossinstrumenter, wéi de PIB du bien-être entwéckelt an och konsequent genotzt a kommunizéiert ginn;
  •  Et geet net duer d’Bruttoinlandprodukt an d’Steierrecetten ze kucken, mee et muss een dovunner och d’Käschten ofrechnen, déi zustane kommen, well de Staat weider Investitioune muss ënnerhuelen, fir de Wuesstem um Liewen z’erhalen. Et muss dann d’Rechnung gemaach ginn, ob sech Investitiounen am Verglach mat der Aktivitéit an dem Wirtschaftswuesstem lounen;
  •  D’Nodeeler vum Wuesstem, wéi de Verkéier oder de Wunnengsbau, mussen duerch de Staat kompenséiert ginn;
  •  De Wuesstem kann duerch eng gemeinsam intelligent Wirtschafts- an Siidlungspolitik an der Groussregioun fir méi Liewensqualitéit suergen. Aarbechtsplaze sollten éischter do geschaaft ginn, wou d’Leit wunnen. Et muss een och emol op eppes verzichte kënnen.