Digitaliséierung a Medien

Inhalt

Recht op Privatsphär am digitale Raum

D’Grondrecht op Privatsphär muss och am digitale Raum respektéiert ginn. D’Digitaliséierung erlaabt et, privat Daten a grousser Unzuel iwwert laang Zäit ze späicheren. Dat ass a ville Beräicher e grousse Virdeel, bréngt awer och eng ganz Rei Gefore mat sech, wann dës Informatiounen an déi falsch Hänn geroden. Privat digital Informatiounen, Messagen, Fotoen a Videoe mussen dofir geschützt ginn an d’Persoun, déi dës Date betrëfft, muss zu all Moment wëssen, wien, wisou a wéi op dës Daten zougräife kann. Dat bedeit och, dass Chatkontrollen, wéi se ënnert dem Deckmantel vun der Bekämpfunge vun der Kriminalitéit ëmmer nees proposéiert ginn, fir d’Piraten net a Fro kommen. D’Recht op Privatsphär an d’Bréifgeheimnis mussen och fir E-Mailen, SMSen, Chatmessagen etc. gëllen. Grondrechter mussen universell gëlteg sinn an dierfen net vum benotzte Medium ofhänken. 

Mir fuerderen:

  •  Biometresch Donnéeën, déi fir d’Ausstelle vun engem biometresche Päss oder enger Carte d’Identité erhuewe ginn, dierfen net iwwer länger Zäit vu Gemengen oder staatleche Stelle gespäichert ginn;
  •  Zertifizéierungsservicer mat Zertifikater, déi d’Kommunikatioun vum duerchschnëttlechen Internetbenotzer schützen;
  •  Keng Hannerdiere fir de staatlechen Zougrëff op verschlësselte Messenger-Déngschter;
  •  Recht op informationell Selbstbestëmmung als d’Leitlinn bei all Datesammlung;
  •  Datebanke mat perséinlechen Donnéeë sollen net méi nodréiglech, mee à priori vun der Dateschutzkommissioun mussen autoriséiert ginn;
  •  Kee verbanne vun Datebanken ouni d’Zoustëmmung vun de Betraffenen;
  •  Schülerdatebanken (Fichier élève) esou schlank wéi méiglech halen;
  •  D’CNPD personell stäerken;
  •  D’Ofschafe vun der Vorratsdatespäicherung;
  •  E Stop vu VISUPOL (Kameraiwwerwaachung am ëffentleche Raum).

Open Data, Open Source, Open Access

Wëssen dierf kengem gehéieren. Jidderee muss d’Recht hunn, sech informéieren ze kënnen an dat bedeit fir d’Piraten, dass Wësse fräi zougänglech muss sinn an net dierf duerch Paywalls oder Abonnementer limitéiert ginn. Och Computerprogrammer sollte fir jidderengem zougänglech sinn, well soss Persounen, déi sech d’Programmer net leeschte kënnen, vun der digitaler Participatioun ausgeschloss ginn. D’Ofhängegkeet vu kommerzielle Programme verhënnert eng zäitgeméiss Informatiounspolitik. Donnéeë kënnen nëmme benotzt ginn, wann se accessibel sinn. Nëmme wann Informatiounen an Daten net méi hannert Lizenze verstoppt ginn, kënnen si innovativ vun all Bierger:innen an Entreprisë genotzt ginn.
Accessibilitéit ass awer net alles – och d’Format muss stëmmen. Daten ëffentlech ze maachen, ouni se fir eng Weiderverwäertung brauchbar ze maachen ass zwecklos. Open Data ass kee Selbstzweck. Daten ëffentlech ze maachen, just fir kënnen ze soen, dass se ëffentlech sinn, hëlleft kengem. D’Format muss stëmmen, d’Date mussen zäitno public gemaach ginn an och à jour gehale ginn. 

Mir fuerderen:

  •  En Iwwerschaffe vun der Plattform data.public.lu fir d’Daten méi iwwersiichtlech a besser weiderverwäertbar maachen;
  •  E gläichberechtegten Informatiounszougang fir jiddereen nom Prinzip “Sharing is Caring”;
  •  Legaliséirung vu Filesharing;
  •  Kierzung vun alle Schutzfristen op Minima wéi se an den TRIPS- a WIPO-Traitéë virgesi sinn an nei Aushandlung vun dëse Verträg;
  •  Allgemengen a fräien Zougang zu allen aus Stéiergelder finanzéiert Fuerschungsresultater an -daten;
  •  En Open-Access-Fond um Niveau vun der Uni, fir Publikatiounskäschte bis zu engem gewësse Seuil ze iwwerhuelen;
  •  Kee Monopoliséiere vu Wëssen a Kultur iwwer den Ëmwee vum Urheber- a Patentrecht;
  •  Radikal Reform vun nationalen, europäeschen an internationale Reegelen zum Urheber- a Patentrecht a Copyright;
  •  Keng Patenter op liewenswichteg Produiten/Entdeckungen;
  •  Formatioune fir den Ëmgang mat Open Source Programmer an de Schoulen an um Niveau vun der Formation Adulte;
  •  Open Source an de Schoulen notzen aplaz vun Accorde mat internationale Grousskonzerner;
  •  D’ëffentlech Verwaltunge sollen op Open Source Léisunge setzen. Dokumenter, déi an de Verwaltungen entstinn, sollen den oppene Standarden ënnerleien;
  •  Ustriewen déi weltwäit Spëtzt an Open Data Froen an Dateschutz ze ginn.

Digitale Kontakt mat de Bierger:innen

Dank dem Internet kënnen Informatioune weltwäit ausgetosch ginn – an dat innerhalb vu Sekonnen. Mee wann et ëm den Informatiounsaustausch tëscht de Bierger:innen an den ëffentlechen Administratiounen, der Regierung oder dem Parlament geet, dann dauert dat oftmools awer nach vill méi laang. Obwuel an de leschte Joren Efforte gemaach goufen, fir déi staatlech elektronesch Plattformen ze verbesseren an ëmmer méi Virgäng digitaliséiert goufen, si vill Demarchen nach komplizéiert online ze maachen an eng ganz rei Virgäng existéieren ëmmer nach just a Papeierform. Gläichzäiteg gëtt d’Ëffentlechkeet net esou an d’Parlaments- a Regierungsaarbecht agebonnen, wéi dat an engem digitalen, transparenten a participative Staat de Fall sollt sinn. 

Mir fuerderen:

  •  Sämtlech Démarchen tëscht de Bierger:innen an dem Staat souwuel op Pabeier ewéi och digital ubidden;
  •  D’Chance vu Blockchain erkennen an ëmsetzen;
  •  Staatlech a kommunal digital Servicer benotzerfrëndlech an inklusiv gestalten an dobäi op Open Source Léisunge setzen;
  •  D’Plattform E-Santé grondleeënd iwwerschaffen a vereinfachen, well se an hirer aktueller Form weder d’Patient(inn)en nach déi Professionell iwwerzeegt;
  •  D’Kommissiounssëtzunge vun der Chamber a Gemengerotssëtzungen am Live-Stream weisen;
  •  Sécherstellen, dass Informatiounen an Dokumenter op ëffentleche Siten och accessibel si fir Leit mat enger Behënnerung.

Recht op Participatioun am digitale Raum

Mam Internet gouf en digitale Raum geschaf, an deem Mënschen sech informéieren an austausche kënnen. D’Pirate gesinn dëse fräien Informatiounsaustausch als Plus-Value fir eis Demokratie a sinn der Meenung, dass jidderee sollt d’Méiglechkeet hunn, dësen digitale Raum ze notzen. D’Digitaliséierung betrëfft all Beräicher vum Liewen, vun der Aarbecht an der Bildung bis zur Fräizäitgestaltung. Wann mir d’Digital Inklusioun fërderen, kënne mir sécherstellen, dass jiddereen an der Lag ass, un der digitaler Gesellschaft deelzehuelen a keen ausgeschloss gëtt.

Mir fuerderen:

  •  Esou séier wéi méiglech all Awunner:in een Internetuschloss mat héijer Vitess unzebidden;
  •  Zougang zu gratis WiFi op ëffentleche Plazen;
  •  D’Verbesserung vun der Upload-Geschwindechkeet fërderen,fir Privatleit an och grad Firmen e besseren Datenaustausch ze erméiglechen;
  •  D’Offer un ëffentleche Platze mat gratis Wifi-Hotspotten ausbauen;
  •  D’Offer u käschtefräien Internet-, Handy a Computercouren ausbauen an dat och um kommunalen Niveau;
  •  Professionell Berodungsméiglechkeeten, fir och eelere Leit en Zougang zur digitaler Vernetzung ze bidden;
  •  Ëffentlech Websäiten inklusiv gestalten (leichte Sprache, Virlies-Funktiounen etc.);
  •  Netzneutralitéit a Plattformneutralitéit gesetzlech festleeën;
  •  Garantéiert Dateverbindung am ëffentlechen Transport.

Sécherheet an der Digitaliséierung

D’Digitaliséierung kann am Fall vun nationale Krisen dozou bäidroen, d’Bevëlkerung méi séier iwwert eng imminent Gefor ze informéieren an doduerch d’Sécherheet vum Land verbesseren. Gläichzäiteg si Cyberattaquen, Spionagesoftwaren an digital Desinformatiounscampagnen néi Bedrohunge fir d’Sécherheet vun engem Staat. Aus dësem Grond ass et essentiel d’Chancen an d’Risike vun der Digitaliséierung an dësem Beräich net aus den Aen ze verléieren. 

Mir fuerderen:

  •  En IP-baséiert Informatiounsnetz an eng zousätzlech Hotline an en inklusiv gestalten Email/SMS-Service fir manner drénglech Problemer fir a Krisesituatiounen den 112 ze entlaaschten;
  •  En Ewechfale vu Roamingrestriktiounen am Fall vu Krisen;
  •  Hëllef fir Entreprisen, déi hier Websäit géint Cyberugrëffer ofséchere wëllen;
  •  E Beruffsgeheimnis an e Quelleschutz fir Sécherheetschercheuren;
  •  Streng Krittäre fir Entreprisen, déi Softwaren hierstellen, déi fir Spionagezwecker gebraucht kënne ginn a keng Steiergelder fir d’Finanzéierung vun Iwwerwaachungsprojeten;
  •  Sensibiliséierungscampagnë fir iwwert d’Methode vun der Desinformatioun opzeklären;
  •  Kritesch Infrastrukturen aus dem digitale Beräich musse ganz an ëffentlecher Hand sinn.

Digital Medien

Dat aktuellt Mediegesetz baséiert op den Iddie vun enger Welt ouni Internet a gëtt dem digitale Wandel vun de leschte Joerzéngten net gerecht. Dofir brauche mir en neit Mediegesetz, dat vun Ufank un niewent der Telé an dem Radio och déi digital Medien als Verbreedungsplattforme mat deckt. Op Radio, Telé, Websäiten, Podcasts oder Social Media, mir brauchen eenheetlech a kloer Reegele fir all Plattformen an Aarte vu Publikatiounen an dat onofhängeg vum Medium, mat deenen dësen Inhalt verbreet gëtt. Grad wann et em Reklammen, Produktplacéierungen a gesponsert Contenue geet, brauche mir eng Gesetzgebung, déi och Influencer:inne matdenkt. Mir Piraten begréissen explizitt dës Form vun Entrepreneurship am digitale Beräich, mee am Sënn vun der Transparenz an dem Konsumenteschutz fuerdere mir och kloer Reegele wat d’Kennzeechnung vu Publicitéit a bezueltem Content ugeet a wëllen deementspriechend dës Reegelen an engem neie Mediegesetz verankeren. 

Mir fuerderen:

  •  E Mediegesetz, dat och Social Media a Podcasts oofdeckt;
  •  E Verbuet vun Uploadfilter fir Social Media;
  •  Eng Reglementatioun fir gesponserte Content a Produktplacéierungen op Social Media.

Gaming

D’Piraten setzen sech dofir an, dass d‘Entwécklung vu Videospiller zu Lëtzebuerg méi effikasse finanziell gefërdert an d’Land als Entwécklungsstanduert promouvéiert gëtt. Mat engem Gaming-Fonds, deen änlech funktionéiere kéint wéi aktuell de Film-Fonds, kéinte kreativ national Videospill-Projeten ënnerstëtzt ginn. Duerch dës Erweiderung vun der finanzieller Ënnerstëtzung fir d‘lëtzebuerger Kreativinfindustrie géif d’Land seng Wirtschaft weider diversifizéieren an nei Aarbechtsplaze schafen. Jonker, déi aktuell hei Formatioune suivéieren aus dem Gaming-Beräich wieren dann net méi gezwongen an d’Ausland ze goen, fir ze schaffen, mee kéinten deen Know-How, dee si hei am Land gewonnen hunn, och hei asetzen. D’Gaming-Branche ass eng wuessend Industrie a Lëtzebuerg sollt et net verpassen dëse Wirtschaftszweig auszebauen. Dëst dierf awer just geschéien, andeems gläichzäiteg och d’Sujete vum Jugendschutz an der Suchtpräventioun ugepaakt ginn an dat souwuel national wéi op europäeschem Niveau. 

Mir fuerderen:

  •  Eng Verbesserung vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg fir d’Gaming-Industrie, déi iwwert reng Steierpolitik erausgeet;
  •  E Gaming-Fonds fir d‘Ënnerstëtzung vu lëtzebuergesche Produktiounen;
  •  D’Ënnerstëtzung vum Ausschaffe vun engem gemeinsame Jugendschutzprogramm fir déi ganz EU am Gamingberäich;
  •  Eng Regulatioun vu sougenannte „Lootboxen“, déi de Spiller:innen nom Zoufallsprinzip Gewënner ausdeelen a geziilt esou programméiert goufen, dass se Suchtverhalen ausléise kënnen.

Kënschtlech Intelligenz

Ëmmer méi Programmer, déi an de Beräich vun der sougenannter „kënschtlecher Intelligenz (KI)“ gehéieren, kommen op de Marché. Anescht wéi den Numm vermudde loosse kéint, sinn dës Maschinnen zwar (nach) net wierklech „intelligent“, well se kee Bewosstsinn besetzen, mee si kënnen ausgoend vun engem Code eegestänneg „léieren“, also eege Weeër fannen, fir e Problem ze léisen. Esou kënnen déi nei Programmer bspw. Sprooch, Beweegungen, Biller, oder Toun generéieren an och Inhalter op Opfällegkeete scannen. Dat ka ganz nëtzlech sinn, mee kann awer och zu staarke Biase féieren, je nodeem mat wéi engem Daten d’Maschinn gefiddert gouf. Ass z.B. bei engem Programm fir eng Gesiichtserkennung just mat Fotoe vu jonke Männer mat heller Haut geschafft ginn, ass et net verwonnerlech, wa Persoune mat anerem Alter, Geschlecht oder Hautfaarw vum Programm méi schlecht erkannt an doduerch eventuell diskriminéiert ginn. De Schutz virun Diskriminéierung an d‘Recht op Privatsphär sinn deemno vun zentraler Bedeitung wann et ëm eng adequat Gesetzgebung fir d’Encadrement vun der KI geet. Doriwwer eraus fuerdert d’kënschtlech Intelligenz aktuell Dateschutzreegelen eraus, werft Froen op, wann et ëm d’Patent- an Urheberrecht geet a wéisst op Problemer hin, wann et ëm d‘Responsabilitéit an d‘Transparenz geet.

Dofir fuerdere mir:

  •  Eng Regulatioun op EU-Niveau, déi d’Fuerschung an d’Entwécklung vu KI-Softwaren an Europa fërdert a gläichzäiteg e staarke Schutz vun den individuelle Grondrechter virgesäit;
  •  E Verbuet vum Benotze vun automatiséierte Systemer an der Kriminalitéitsbekämpfung;
  •  Kloer Reegelen am Beräich vum Dateschutz, un déi sech Softwareentwéckler hale mussen an och entspriechend Kontrollen. Persounen, deenen hier Date vun automatiséierte Systemer ausgewäert ginn, mussen doriwwer informéiert sinn an hiert Averständnis ginn hunn;
  •  En Iwwerschaffe vun den Urheber- a Patentrechter: Well Computer keng Rechter hunn, sinn hier Produktiounen net geschützt an esou fräi zougänglech, wärend Inhalter, déi vu Mënsche geschaf goufen, oft duerch Paywalls blockéiert sinn. Vu Bots generéiert Fake News dierfen online net méi zougänglech sinn, wéi peer reviewed wëssenschaftlech Informatiounen;
  •  Sensibiliséierungscampagnë fir op d’Gefore vun duerch KI-Software generéiert “Fake News” opmierksam ze maachen;
  •  Eng Verflichtung fir kommerziell Ubidder ab enger gewësser Gréisst, fir hier Sourcen oppen ze leeën, fir novollzéihen ze kënnen, wéi hier Software schafft;
  •  Keen Asaz vu Programmer, bei deenen net kloer ass, wéi mat den Donnéeën operéiert gëtt, a Beräicher wou Date vu Mannerjäregen traitéiert ginn (z. B. a Schoulen).

Mënschenhandel zu Lëtzebuerg

Laut dem Rechercheverband “Lost in Europe”, an deem ënner anerem de brittesche Guardian, den nidderlännesche Rundfunk VPRO an de rbb matwierken, sinn tëscht 2018 an 2020 iwwert 18.000 onbegleete Flüchtlingskanner aus staatlechen Ariichtunge verschwonnen. Laut de Recherchë vun de Reporter goufen et zu Lëtzebuerg mindestens 85 esou Fäll. Dës Mannerjäreg landen oft an den Hänn vu Mënschenhändler a ginn zur Aarbecht gezwongen.

Dofir stinn d’Piraten:

  • Fir Hëllefen an Ulafstellen déi op si fir jiddereen;
  • Fir méi Efforte bei der Sich vu Leit aus Foyere wann si verschwannen.