Déiereschutz

Inhalt

Méi kloer a streng Reegele bei Déierequälerei

Déierequälerei ass eng Strofdot a muss aus deem Grond mat schwéiere Strofe beluecht ginn.

An dësem Kontext fuerdere mir:

  • D’Schafung vun engem Informatiounsblat/Broschüren/Guide duerch de Ministère an Zesummenaarbecht mat den Acteuren um Terrain, wou festgehale gëtt, wéi d’wuel vum Déier fir all Déierenaart garantéiert gëtt (guide des bonnes pratiques);
  • D’Schafung vun enger zentraler Meldestell fir schnell op Déierequälerei reagéieren ze kënnen;
  • Eng transparent a kloer digital Ausweisung vu Bauerebetriber, déi méi oft wéinst Déierequälerei verurteelt gi sinn, fir de Konsument esou och de Choix ze ginn, fir do anzekafen oder net.

Handel mat liewegen Déiere reduzéieren

Déiere si Liewewiese mat Gefiller a keng Handelsobjeten. Den Handel mat liewegen Déieren op ëffentleche Plaze muss fir eis op de Minimum begrenzt ginn an de strengsten Déiereschutzkonditiounen ënnerleien. Et ass awer esou, dass verschidden Déierenaarten, wéi Homarden a Krustendéieren, net ënnert d’Déiereschutzgesetz falen, mee ënnert d’Liewensmëttelgesetz. Am Kader vun der Liewesmëttelgesetzgebung ass et erlaabt, dass dës Déiere vum Fang bis bei den Endkonsument an engem liewegen Zoustand sinn. Duerno landen dës Déieren da lieweg an engem Dëppe mat kachendem Waasser. Dëst ass absolut net am Aklang mam Déiereschutz. Aner Déieren, wéi Insekten oder Mais, gi lieweg als Fudder verkaf, zum Deel och ënnert onvirstellbare Bedingungen.

Dowéinst setze mir eis dofir an :

  • Dass lieweg Déieren, déi als Fudder oder als Liewensmëttel verkaf ginn (Homard, Heesprénger, Mais, etc.) net méi an onvirstellbare Konditioune gehalen dierfe ginn, fir se ze verkafen. Dës Déiere mussen op mannst aartgerecht, no de Krittäre vu klore Reegelen, gehale ginn, wann se zum Verkaf ugebuede ginn;
  • Fir Krittären anzeféieren, wéi laang Déiere vun hirer Gebuert/Fang bis zum Verkaf liewe mussen;
  • Dass Déieren, wéi Homarden, net méi lieweg dierfen dout gemaach ginn an, dass Krittären aus dem Déiereschutzgesetz hei iwwerholl ginn;
  • Dass et verbuede gëtt, fir exotesch Déieren a Geschäfter ze verkafen;
  • Dass et verbuede gëtt, fir lieweg Déieren op Mäert ze verkafen.

Keen Déier gehéiert an een Zirkus

D’Piraten si grondsätzlech géint d’Haltung, d’Dressur a d’Presentatioun vun Déieren am Zirkus. Et gëtt, ausser der mënschlecher Curiositéit, kee Grond, fir Déieren aus hirem Habitat ze rappen an ënnert Stress onnatierlech Presentatiounen iwwert sech ergoen ze loossen. Dëst féiert zu onnéidege Stress, verursaacht duerch Kaméidi, vill Léit a Maschinnen.

Mir fuerderen:

  •  Ee konsequent Verbuet vun Déieren an Zirkussen;
  •  Keng lieweg Déiere méi bei Ëmzich (Cortègen).

Géint de Verkaf vu Pelz

Zum aktuellen Zäitpunkt reegelt d‘Déiereschutzgesetz, dass d’Produktioun vu Pelzer zu Lëtzebuerg verbueden ass, mee et verbitt awer de Verkaf nach net. Dat ass an den Ae vun de Piraten net zilféierend, well d’Pelzindustrie an domat d’Déierequälerei esou just an aner Länner verlagert gëtt, wou d’Pelzindustrie d’Déieren an absolut onwierdege Konditiounen ziicht an dout mécht. Et däerf een net dorop waarden, dass aner Länner an Europa de Wee virginn, mee Lëtzebuerg kann den Dënschde selwer aktiv ginn an doduerch anerer motivéieren, de Wee vum Déiereschutz matzegoen.

D’Piratepartei wëll:

  • De Verkaf vu Pelzer zu Lëtzebuerg mat Hëllef vum Artikel 36 vum Traité zum Fonctionnement vun der EU verbidden. No enger Transitiounsphas soll de Verkaf vun neie Pelzer zu Lëtzebuerg definitiv zu Enn goen.

Géint Qualzuuchten

Verschiddenen Déierenaarten, wéi zum Beispill d’Hondsrass Mops, gi vu professionellen Déierenziichter mat problematesche Methode geziicht. Ziichter hunn iwwer Joren a Joren dës Hënn geziilt esou geziicht, dass hir Schnëss ëmmer méi kleng a platt ginn ass. Mat schlëmme Folgen, well dës Hënn opgrond vun hirer platter Schnëss nëmmen nach ganz schlecht Loft kréien a ganz vill Problemer mat iessen hunn. Dat ass Déierequälerei. Holland huet bei den Hënn mëttlerweil een entspriechend Gesetz erlooss. 

Mir wëllen dofir:

  • hei am Land solle Qualzuuchten verbidden an de Verkaf an Import vun Zuuchtdéiere besser kontrolléieren an aschränken.
  • Schluechthaiser zu Lëtzebuerg erhalen.
  • Aus der Rubrik Landwirtschaft iwwerhuelen.
  • Déierentransporter begrenzen.
  • Aus der Rubrik Landwirtschaft iwwerhuelen.
  • Bauerenhäff amplaz Agrarfabriken.
  • Aus der Rubrik Landwirtschaft iwwerhuelen.

Eng besser Kennzeechnung vun Eeër bei den Inhaltsstoffer

D’Kennzeechnungen op Liewensmëttel ass fir vill Leit dacks net ëmmer verständlech an et feelt un Transparenz. Mir fuerderen dowéinst,

  • Dass op all Produit, deen Eeër enthält, kloer markéiert ass, ob dës aus der Buedemhaltung oder der Käfeghaltung stamen, änlech wéi dëst scho bei der Eeër-Kennzeechnung de Fall ass.

Juegd moderniséieren a Klappjuegd verbidden

Zënter Joren héiert een ëmmer erëm, dass et eng Iwwerpopulatioun u Wëllschwäin an anere Wëlldéiere géif ginn. Verschidden Acteure maachen d’Politik dofir verantwortlech, well d’Reegelen, wéi eng Juegd dierf ofgehale ginn, ze strikt wieren. Wann een d’Ofschlosszuelen aus de leschte Joren awer kuckt, gesäit een, dass Joer fir Joer méi Wëllschwäin erschoss ginn.
D’Wëllschwäipopulatiounen hunn vun der Ofwiesenheet vu natierleche Feinden (Wollef), enger intensiver Landwirtschaft an engem méi milde Klima wéinst der Äerderwärmung profitéiert. Och d’Andrénge vum Mënsch an de Liewensraum vun den Déieren huet dofir gesuergt, dass Populatiounen ënner méi Iwwerliewensstress geroden, wat och een Impakt op de Reproduktiounsrythmus vun de Wëllschwäin huet.
D’Juegdgesetz reegelt hei am Land all d’Aspekter vun der Juegd. Hei ass virgesinn, dass den Territoire a 621 Juegdlouser opgedeelt ass, wou all Kéier ee Juegdsyndikat mat de Proprietäre vun den Terraine vertrueden ass. D’Recht fir op de Juegdlouser ze joe gëtt vum Syndikat verlount. Op villen Terrainen a Deeler vu Bëscher hei am Land kann net gejot ginn, well d’Jeeër net duerch dat deckt Gestrëpps kommen, wat op ville Plaze wiisst. Traditionell Methoden, wéi Klappjuegten, brénge mat sech, dass de Mënsch op den Territoire vun den Déieren andréngt an d’Déieren am Bësch an eng temporär Panik versetzt. Dat ass net am Aklang mam Déiereschutz, sou wéi mir e verstinn. Do muss een sech och d’Fro stellen, ob d’Juegd an hirer aktueller Form nach ugepasst ass, fir d’Wëllschwäinpopulatiounen an de Grëff ze kréien. 

Fir eis Piraten:

  • Muss d’Juegdgesetz am Sënn vu méi Déiereschutz reforméiert ginn;
  • Muss d’Zuel vun de Juegdsyndikater reduzéiert ginn an d’Louser net méi un dee Meeschtbiddende versteet ginn;
  • Musse méi präzis Schätzungen hir, wéini eng Wëllschwäipopulatioun «ze grouss» ass;
  • Muss d’Klappjuegd an hirer aktueller Form duerch Alternativen, wéi zum Beispill stressfräi Falen oder den Asaz vu Steriliséierungen, ersat ginn;
  • Muss d’Juegd no an no professionaliséiert ginn.

Opfangstatiounen

Et musse méi Opfangstatioune fir verletzte Wëlldéiere queesch duerch Land geschaaft ginn, fir dass Leit verletzt Déieren direkt an no bei sech kënnen ofginn. Esou kann den Déiere méi séier gehollef ginn.

Déiereversich

D‘Piraten akzeptéieren, dass et a bestëmmte Situatiounen néideg ass, fir Medikamenter fir d’éischt un Déieren ze testen oder nei Behandlungsmethoden iwwerhaapt eréischt duerch Déieren z‘entdecken. Mee Déiereversich mussen op de strikte Minimum begrenzt ginn.

Mir setzen eis dofir an, dass:

  •  Déiereversich an alle Fäll, wou zouverlässeg alternativ Methode bestinn, net verflichtend sinn;
  •  An alle Fäll, wou awer Déiereversich kënnen duerch Alternativen ersat ginn, soll op Déiereversich verzicht ginn;
  •  d’Unzuel un Déieren, déi vir d’Versich geziicht ginn, op dat néidegst limitéiert ginn;
  •  d’Identifikatioun an de Genotypage net dierf op invasiv Aart a Weis gemaach ginn.

Hausdéiere vu Locatairen

Et ass eng Realitéit, dass Leit, déi eng Wunneng lounen, dacks wéinst hiren Hausdéiere benodeelegt ginn, well verschidde Proprietären hir Wunneng net u Leit mat engem Hauséier wëlle verloune mam Argument, dass d’Déiere Schued uriichten. Dës Angscht ass an eisen Aen net begrënnt, well all Locataire hannerléisst eng Garantie a muss fir Schied, déi hie wärend der Locatioun uriicht, souwisou opkommen. Potenziell Locataire mat Hausdéiere ginn dowéinst bei der Wunnengssich benodeelegt oder ginn opgefuerdert, sech vun hirem Déier ze trennen. Dëst féiert dozou, dass Hausdéieren onnéidegerweis an engem Asyl.

Mir wëllen:

  • Dass de Fait, dass eng Persoun een Hausdéier huet, net méi dozou féieren dierf, dass eng Persoun als Locataire net méi a Fro kënnt oder sech vum Déier trenne muss.

Hondssteier ofschafen

Am Hondsgesetz gouf 2008 eng Hondssteier festgehalen. All Gemeng muss deemno all Besëtzer vun engem Mupp mat 10 Euro besteiere. Dës Steier gëtt zu Lëtzebuerg aktuell op ganz ënnerschiddlech Manéier applizéiert. Weder sinn d´Critère bekannt, no deenen de Montant vun der Steier berechent gëtt, nach kann een dovunner ausgoen dass dës Recetten och ëmmer integral am Interêt vun de Muppe genotzt ginn. An eiser Optik ass e Mupp keng finanziell Laascht fir eng Gemeng, mee ee perséinlechen a wichtege Begleeder, e Familljemember.

Dofir fuerdere mir:

  •  Dass eng Persoun, déi een Hausdéier adoptéiert huet, net mat enger Steier soll bestrooft ginn;
  •  D’Hondssteier ofzeschafen.

Fir een Ombudsman fir Déieren

D’Piraten fuerderen eng Equipe ronderëm een Ombudsmann fir Déieren, deen national Recommandatiounen ausschafft, bestoend Gesetzer ka kontrolléieren a generell eng Kontrollinstanz fir Déierenhaltung, -transport a –Versich duerstellt. An dëser Equipe solle Leit mat veterinärer Ausbildung schaffen.