Héichschoul & Fuerschung

Inhalt

Héichschoul & Fuerschung

Eng gutt Bildung ass d’Basis vun all opgekläerter Gesellschaft. Dozou gehéiert nieft de Grondschoulen an de Lycéeën natierlech och d’Universitéit. Eng universitär Educatioun ass dann och wichteg fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg, well mir hunn e grousse Mangel u qualifizéiertem Personal. Universitéitsstudien dierfen net vun de finanzielle Moyene vun de Studenten an hire Famillen ofhänken, mee musse fir all Mënsch méiglech sinn, egal wéi de finanzielle Background ass. Dofir dierfe finanziell Interesse keng Hürd si fir en Uni-Studium.

Villfälteg Studiegäng am Land ubidden

Zu enger héichwäerteg Studienoffer gehéiert fir eis eng breetgefächerten Offer, déi och op d’Besoinen hei am Land ageet. Am Beräich vun den Dokteren an de spezialiséierten Infirmieren ass viru kuerzem mat vill Verspéidung de Ball endlech e wéineg un d’Rulle bruecht ginn. Dëst geet awer nach net duer, mir brauche Villfälteg Ausbildungsméiglechkeeten an dat a méiglechst ville Sparte. Vir dat ze erméiglechen, soll op Kooperatioun mat aneren Universitéiten aus der Groussregioun zeréckgegraff ginn. An och international ausgeriichte Studiegäng, wou Studenten innerhalb vun engem Studiegang oder Fach Module op verschidden Universitéite mussen absolvéieren, solle verstäerkt ugebuede ginn. Esou kréie mir nei Talenter hei an d’Land, een internationale Renommée an eng breetgefächerten a qualitativ héichwäerteg Offer. 

Dofir fuerdere mir:

  •  Méi Spezialisatiounen a Formatiounen an de Beräicher vun der Gesondheet an der Fleeg;
  •  D’Schafe vun engem Departement fir Sport a Sportsmedezin op der Universitéit;
  •  Méi eng enk Kooperatioun innerhalb vun der Groussregioun;
  •  Eng verstäerkten Zesummenaarbecht mat Partneruniversitéite fir gemeinsam Studiegäng auszeschaffen;
  •  Méi beruffsbegleedend Studiegäng.

De Beruff vu Fuerscher:inne méi attraktiv maachen

D’Fuerschung ass besonnesch a verschiddene Beräicher, wéi zum Beispill an der Medezin, enorm wichteg, well nëmmen esou néi Behandlungsmethoden an Erkenntnisser fonnt kënnen ginn. Jee no Beruff ass d’Fuerschung aus finanzieller Hisiicht awer net ëmmer interessant. E Beispill heifir sinn d’Médecins-Salariés. Well si am Prinzip aus engem grousse gemeinsamen Dëppe bezuelt ginn an d’Fuerschung finanziell manner abréngt, wéi d’Traitéiere vu Patient:innen, ass et fir si net ëmmer méiglech, sech an der Fuerschung esou ze engagéiere, wéi si dat villäicht gäre wéilten. Gläichzäiteg entscheede vill Leit sech géint eng Zukunft an der Fuerschung, well de Beruff oft mat villen Onsécherheete verbonnen ass, doduerch, dass et just seelen onbefriste Kontrakter gëtt a well et wärend der laanger Ausbildungszäit net einfach ass Famill a Fuerschung ënnert en Hutt ze kréien. 

Dofir fuerdere mir:

  • Fuerscher musse besser remuneréiert ginn, fir ze verhënneren, dass villverspriechend Talenter der Fuerschung aus finanzielle Grënn de Réck dréinen;
  • Och d’Grondlagefuerschung bei der Finanzéierung net benodeelegen;
  • En Ausbau vun Ënnerstëtzungsmoossname fir PhD-Studenten a Post-Docs duerch Hëllefsstellunge fir jonk Fuerscher:inne mat Kanner oder Persounen, déi zousätzlech zum Fuerschungsprojet enger Méibelaaschtung ausgesat sinn, duerch en Handicap, eng Krankheet oder en anere valabele Grond.

Méi Raimlechkeete fir ze wunnen an ze liewen fir Student:innen

Eng Universitéit ka fir auslännesch Studente just dann attraktiv sinn, wann si och bezuelbare Wunnraum an noem Ëmkrees vum Campus ubitt. Dat ass zu Lëtzebuerg net esou einfach. Et feelt massiv u bezuelbarem Wunnraum an esou natierlech och u bezuelbare Studentewunnengen. Gläichzäiteg ass de Mangel u Raimlechkeeten och e Problem fir Studentenorganisatiounen, deene oft Raim feelen, wou Student:innen sech austauschen oder zeréck zéie kënnen. 

Dofir fuerdere mir:

  • An der Géigend vun den Universitéitscampusse méi Studentewunnengen ubidden, zum Beispill a Form vu Wunntierm, wann dës sech gutt an dat restlecht Erscheinungsbild afügen (wéi z. B. um Campus Belval);
  • Studenteschen Organisatiounen méi Raimlechkeeten zur Verfügung stellen, fir jonk Projeten ze fërderen.

Studiefinanzéierung

D’Wiel vum Studium ass net einfach. Et ass eng wichteg Entscheedung, déi d’Zukunft laangfristeg präge kann. De Piraten ass et wichteg, dass déi Jonk bei der Wiel vun hirem Studium d’Chance kréien, virun allem no hiren Interessen an net nom Portmonnie mussen ze kucken. Dofir ass d’Studiebäihëllef (AideFi, virdrun CEDIES-Bourse genannt) vu grousser Wichtegkeet. Well dës eleng awer oft net duergeet fir ze wunnen an ze liewen, si vill Jonker op op de Studenteprêt ugewisen. Dëse muss spéitstens zwee Joer nom Studium ugefaange ginn, zeréck bezuelt ze ginn, an dat iwwert maximal zéng Joer. Virun allem fir Absolvent(inn)en, déi no dem Studium net direkt eng gutt bezuelte Plaz fannen, kann dat belaaschtend sinn.
Manner Drock bedeiten doniewent d‘Stipendien fir Unis-Studenten. Hei ginn et zu Lëtzebuerg eng ganz Réi Stipendien, vun deene Jonke profitéiere kéinten, mee leider ass d’Feld zerspläitert an oniwwersiichtlech, sou dass et schwéier ass, fir op dës Offeren opmierksam ze ginn. Fir dëst z’änneren, fuerdere mir d’Ariichtung vun engem Sammelpool fir Stipendien a Form vun enger Fondatioun, déi informéiert an och selwer aktiv Stipendien vergëtt. Si soll eenheetlechen Uspriechpartner fir lëtzebuergesch an international Bewerben ginn.
Grad Student:innen aus dem Ausland sinn op eng gutt Informatioun ugewisen. Si brauchen Informatiounen iwwert Finanzéierungsméiglechkeeten, Studieninhalter an d’Offer u richtege Formatiounen hei am Land, fir net ze riskéieren, vun zweiwelhaften Instituter, déi net accidentéiert sinn, d’Geld aus der Täsch gezunn ze kréien.

Dofir fuerdere mir:

  • Eng méi laang Frist, fir CEDIES-Prêt zréck ze bezuelen: Andeems een d’Lafzäit vun de Prêten vun 10 op 20 Joer géif erhéijen, kéint een d’Mensualitéite reduzéieren;
  • Eng Fondatioun fir Stipendien;
  • Eng transparent Lëscht mat net-accréditéierten Héichschoulen, déi zu Lëtzebuerg Studiegäng ubidden, déi hei am Land net unerkannt ginn an domat och keen Zougang zu enger Studiebäihëllef erméiglechen.

D’Ënnerstëtzung vun Open-Access an Open-Data Projeten

Oft stéisst ee, wann een e wëssenschaftlechen Artikel liese wëll op eng Pay-Wall. Just wien bezilt, kann den Artikel liesen. D’Verläg rechtfäerdegen d’Lizenzpräisser domat, dass si Ausgaben hätten, fir d’Qualitéit vun den Artikelen ze garantéieren. Éier en Artikel vun engem Fuerscher verëffentlech gëtt, evaluéieren nämlech aner Wëssenschaftler op den Artikel och de wëssenschaftleche Standarden entsprécht, ob methodesch propper geschafft gouf an ob d’Resultater novollzéibar an iwwerpréifbar sinn. Dat nennt sech Peer-review an ass eng wichteg Kontroll, fir ze verhënneren, dass wëssenschaftlech mannerwäerteg Aarbechten duerch eng Publikatioun an engem Verlag mat gudder Renommée leschten an och souguer d‘Wëssenschaft am allgemengen a Verruff brénge kéinten. Mee d’Ausgabe vun de Verläg sinn net unnäernd esou héich wéi hier Recetten. Grouss wëssenschaftlech Verläg verzeechne Gewënner an dräistelleger Milliounenhéicht. D’Fuerscher:innen gesinn dovun oft keen Cent – ganz am Konträr musse si souguer oft eng Eegepartizipatioun bezuelen, fir verëffentlecht ze ginn. Dat fanne mir Piraten net gerecht. Et kann net sinn, dass de Staat d’Universitéiten bezilt, fir Akademiker:innen astellen. D‘Fuerscher:innen bezuelen, fir kenne publizéiert ze ginn an d‘Bibliothéiken an d’Universitéiten (an domat nach emol d’ëffentlech Hand) dann och nach emol bezuelen, fir Zougangslizenzen ze kafen, wärend d’Verläg op Käschte vun der Ëffentlechkeet Profit maachen. 

Dofir fuerdere mir:

  • D’Ënnerstëtzung an den Ausbau vum Prinzip vum Open-Access;
  • E peer-reviewten Open-Access Journal fir Fuerschungsresultater, déi hei am Land zestane koumen oder vu Lëtzebuerger am Ausland gemaach goufen;
  • Eng ëffentlech zougänglech Datebank mat anonymiséierten Datesätz, wou Daten aus staatlechen/staatlech finanzéierten Erhiewungen erofgeluede kënne ginn.