Biergerbedeelegung & Matbestëmmung

Inhalt

Biergerbedeelegung & Matbestëmmung

D’Piraten sinn zënter hirer Grënnung eng Matmaachpartei. Och dëse Programm gouf zesumme mat eise Memberen a ville verschiddenen Aarbechtsgruppe geschriwwen. Zënterdeems mer an der Chamber sinn, hunn eis Deputéierten d’Dier fir de Bierger:innen opgemaach, fir hinne méi Matschwätzmégilechkeet an der Politik ze ginn: op fro.lu kann all Mënsch seng parlamentaresch Froen un d’Regierung stellen an eis hëllefen, fir d’Regierung besser ze kontrolléieren. Op stëmm.lu kann all Piraten-Member seng Messagen zu der Aarbecht an der Chamber weiderginn. Iwwerdeems hu mir eis Memberen 2021 iwwert d’Impfflicht ofstëmme gelooss an eis an der Chamber un dee Vott gehalen. Méi Biergerbedeelegung an der Politik ass méiglech an dat wëlle mir weider virundreiwen!

Méi Matbestëmmung fir jiddereen

Lëtzebuerg huet eng speziell Situatioun: mir liewen an engem Land, wou manner wéi d’Hallschent vun den Awunner wielen dierfen. D’Resultat vun de Chamberwalen ass deemno net representativ fir d’Gesellschaft zu Lëtzebuerg. 

D’Piraten:

  • Respektéieren d’Walresultat vum Referendum 2015 ganz kloer;
  • Wëllen d’Biergerbedeelegung fir jiddereen iwwert aner Weeër an am Respekt mam Referendum weider ausbauen.

Aféiere vun engem Biergerrot op nationalem Niveau

D’Politik méi no un d’Bierger:innen bréngen an d’Leit endlech an der Politik matmaache loossen an dat, ouni dass een eng Parteikaart muss hunn oder Beruffspolitiker muss sinn. Dat ass d’Zil vum Biergerrot, dee mir Pirate wëllen. D’Piraten haten 2019 schonns eng Gesetzespropose op de Wee bruecht, fir esou ee Biergerrot hei am Land anzeféieren.
Per Lous gi Leit aus der Bevëlkerung gezunn, déi dann an engem Biergerrot zesummekommen. Dëse Rot soll aus ganz normale Léit bestoen an d’Gesellschaft erëmspigelen. D’Mandat am Biergerrot soll komplett inkompatibel si mat anere politesche Mandater.
D’Leit am Biergerrot schaffen eegestänneg un den Themen, déi hinnen um Häerz leien. Dës Theme ginn am Biergerrot diskutéiert a fléissen an ee Rapport, deen duerno dem Parlament virgestallt an diskutéiert gëtt. De Biergerrot kann awer och selwer Léisungen ausschaffen, déi dann am Parlament virgestallt an ofgestëmmt musse ginn. D’Ëmsetzung kann a Form vun enger Motioun, Resolutioun oder Gesetzespropose an der Chamber decidéiert ginn. 

D’Pirate wäerten:

  • Ee Biergerrot um nationalen Niveau aféieren, an deem Persounen, déi aktuell net an der Politik aktiv sinn, solle vertruede sinn.

Partizipative Budget aféieren

Fir politesch Moossnamen ëmzesetze brauch ee Suen. Aktuell decidéiere gewielte Politiker:innen, wéi dës Suen agesat ginn a wouhinner se fléissen. Mir Pirate mengen, dass och d‘Bierger:innen ee Wuert matzeschwätzen hunn, wéi hir Steiergelder gebraucht, investéiert oder verdeelt ginn. Beim participative Budget geet et genee dorëms. Bis ewell ginn et iwwer 4.000 Stied a Gemengen an Europa, déi dës Form vu Biergerbedeelegung schonn ugefaangen hunn. 

Mir Pirate wëllen:

  • Dass ee Mol am Joer de Bierger:inne soll ee Bréif virgeluecht ginn, fir se z’informéieren, wou d’Steiergelder hierkommen an a wéi eng Beräicher a grouss Projeten d’Suen ausgi ginn;
  • Dass d’Bierger:innen dem Staat op enger ëffentlecher Plattform kënne matdeelen, a wéi enge Beräicher de Staat kéint Steiergelder spueren. Si sollen anonym op dëser Plattform selwer Proposë kënne maachen.
  • Mir proposéieren zwee konkret Modeller fir de participative Budget:
  • Ee Matsproocherecht fir d’Bierger:inne beim gesamte Staatsbudget. Hei dierf all ausgewielte Bierger:innen aus dem Biergerrot Proposen (Investitiounen, Spuermoossnamen, Prioriséierungen) fir all Beräich maachen;
  • Ee Matsproocherecht bei engem „Bierger“-Budget: d’Bierger:inne kënne selwer Propose formuléieren an e Projet ofginn. D’Propose vun de Bierger:inne bezéien sech op ee virdru vun der Politik festgeluechte Montant. Zum Schluss gëtt et dann eng Ofstëmmung vun de Bierger:innen, wéi ee Projet zeréckbehalen a finanzéiert gëtt.

Froen u Ministere vu Bierger:innen aféieren

All Deputéierten huet d’Recht, fir engem/enger Minister/Ministesch parlamentaresch Froen ze stellen, op déi de Minister da bannent engem Mount äntwere muss. D’Froe betreffe meeschtens de Fonctionnement an d’Aarbecht vun enger Verwaltung oder d’politesch Visioune vum/vun der Minister/Ministesch. 

D’Pirate wëllen:

  • Dass fir d’Mënschen zu Lëtzebuerg eng offiziell Plattform op d’Been gestallt gëtt, fir hir Froen ëffentlech an direkt un d’Ministeren ze stellen, déi d’selwecht ewéi d’Questions parlementaires vun den Deputéierte behandelt a publizéiert musse ginn. Ministère mussen innerhalb vun engem bestëmmten Zäitraum op d’Fro äntweren an dës Äntwert muss fir jiddereen accessibel sinn;
  • Fir esou Froen un d’Regierung kënnen ze stellen, brauch een d’Ënnerstëtzung vun 300 Matbierger:innen oder een Deputéierten, deen d’Fro ënnerschreift.

Méi Biergerbedeelegung an der legislativer Prozedur

D’Bierger:innen zu Lëtzebuerg sollen d’Méiglechkeet kréien, fir bei all Gesetzesprojeten a Gesetzesproposen an der Chamber ee Wuert matzeschwätzen. D’Iddi ass et, fir der Zivilgesellschaft, virun allem bei méi iwwergräifende Reformen, eng ëffentlech Plattform ze ginn, fir dass Projete virum Vott an der Chamber kënnen diskutéiert a besser duerchduecht ginn. D’Iddi ass och, fir tëschent de Walen d‘Aarbecht vun de gewielte Politiker:innen ze kontrolléieren. 

D’Pirate fuerderen:

  • Dass no all Dépôt vun engem Gesetzesprojet d’Méiglechkeet besteet, fir een ëffentlechen Debat oder eng Invitatioun an eng Kommissiounssitzung iwwert ee Gesetzesprojet unzefroen. Dëst soll iwwert de Mechanismus vun de Petitioune gemaach ginn;
  • Dass ee Mount no enger Ofstëmmung vun engem Gesetzesprojet am Parlament d’Bierger:innen d’Zäit kréien, fir géint d’Gesetz ze stëmmen. Wa mindestens 12.500 walberechtegt Bierger:innen dëst fuerderen, soll ee bindende Referendum iwwert d’Gesetz organiséiert ginn, wou dann entscheet gëtt, ob d’Gesetz bäibehale gëtt oder ofgeännert muss ginn.

Gesetzesinitiative vereinfachen

Déi nei Verfassung gesäit vir, dass d’Bierger:inne kënne Gesetzesinitiativen areechen, wann 12.500 Wieler:innen dës ënnerschreiwen. Dës Gesetzesinitiative mussen da vun der Chamber kommentéiert ginn. 

D’Pirate wëllen:

  • Dass schonns 4.500 Walberechtegter kënnen der Chamber eng Gesetzespropositioun virleeën, déi d’Parlament da muss an der normaler legislativer Prozedur, zesumme mam Auteur vum Text, behandelen an och ofstëmmen.

Petitiounen méi Gewiicht ginn

Ëffentlech Petitioune ginn de Bierger:innen d’Chance, fir hier politesch Iddien am Parlament ze presentéieren. Ëmmer méi Leit trauen sech, fir eege Petitiounen ze lancéieren an dat ass gutt esou. Leider bleift et aktuell nëmme bei Unhéierungen am Parlament; d’Iddi gëtt diskutéiert, mee meeschtens ginn d’Iddien no den Diskussiounen net ëmgesat. 

D’Pirate wëllen:

  • D’Petitiounen zu engem Matgestaltungsprozess weiderentwéckelen: no der Seance soll d’Chamber Positioun zu de Fuerderungen aus der Petitioun bezéien an ofstëmmen. D’Parteie maachen domadder kloer, ob se d’Iddi realiséiere wëllen oder net;
  • Dass wärend de Petitioune virun allem d’Petitionnären an hier Equipe am Vierdergrond stinn. D’Deputéierte sollen eng neutral Roll hunn a sollen nëmmen dem Petitionär dierfe Froe stellen;
  • De Seuil vun den néidegen Ënnerschrëfte vun aktuell 4.500 op 3.000 erofsetzen.

Weider Matbestëmmungs-Instrumenter zu Lëtzebuerg testen

Et gëtt vill weider Formen, fir d’Bierger:innen an de politeschen Debat matanzebezéien, déi jee no Kontext ënnerschiddlech kënnen agesat ginn. D’Iddi ass ëmmer, dass Leit zum Matmaache beweegt ginn, déi net politesch, gewerkschaftlech oder an Interesseveräiner aktiv sinn. Dës Forme vu Biergerbedeelegung kënne fir vill Problematiken agesat ginn, wou aktuell politesch Tabue bestinn. D’Zil ass et ëmmer, dass d’Bierger:innen dat Format kënnen auswielen, wat hinnen am beschten entgéint kënnt a Fräiheet bitt, iwwer wat diskutéiert gëtt.
Ee Beispill ass de Bierger:inne-Forum, wou Leit an enger kuerzer an intensiver Zäit zesummekommen, fir politesch onofhängeg iwwert een Thema ze diskutéieren, a wou konkret Recommandatioune solle gemaach ginn, déi dann un d’Chamber weidergeleet ginn a vun dëser an enger am Viraus definéierter Form verschafft ginn. Weider Forme vu Biergerbedeelegung si Future Labs, Biergerkonferenzen oder Panels, woubäi all Format sech besser fir dat eent oder anert Thema eegent. 

D’Pirate wäerten:

  • Sech fir d’Teste vu méi Matbestëmmungsméiglechkeeten um nationalen Niveau asetzen. Dës kann iwwert eng Plattform geschéien, wou Bierger:inne selwer kënnen Themen opsetzen, a wann eng gewëssen Unzuel u Leit dës ënnerschreiwen, kann esou ee Grupp opgestallt ginn.

Gemengefusiounen

D’Pirate sti positiv géigeniwwer de Gemengefusiounen, well domadder Ressourcë besser kënnen agesat ginn an d’Fusiounsgemenge gréisser Projete besser plange kënnen. D’Decisioun fir eng Gemengefusioun muss awer vun de Bierger:innen kommen. 

Dofir ass et fir d’Pirate kloer:

  •  Dass d’Entscheedung vun enger Gemengefusioun muss iwwert ee Referendum getraff ginn;
  •  Dass et gutt an neutral Informatiounscampagnë brauch, fir dës Referenden uerdentlech ofzehalen;
  •  Dass grad de Projet vun der Nordstad eng onheemlech grouss Chance fir d’Nord-Regioun ass.

Ee Walbezierk fir d’Nationalwalen

Déi ongläich Verdeelung vun der Stëmmgewiichtung zu Lëtzebuerg ass ondemokratesch, well eng Stëmm aus dem Walbezierk Norden zielt ëm e Véierel manner, ewéi eng Stëmm aus dem Walbezierk Zentrum. Et steet Bierger:innen aus engem anere Bezierk och net fräi fir Politiker:innen aus engem anere Bezierk ze wielen. Dës Virgoensweis gëtt dem Grondsaz, Dass all Stëmm gläich vill wäert ass, net gerecht.

D’Piraten:

  •  Schwätzen sech fir een eenheetleche Walbezierk fir d’ganzt Land aus.

Walflicht ofschafen

Fir d’Piraten ass kloer, dass d’Walflicht net déi richteg Moossnam ass, fir d’Leit vun engem demokratesche System z’iwwerzeegen. D’Bierger:inne musse vum System iwwerzeegt sinn an dat erreeche mer net doduerch, dass mer d’Leit zwéngen, an d’Walkabinn ze goen. Jidderee soll fräi sinn, z’entscheeden, ob a wien e wiele wëll – dozou gehéiert och de Choix zouzeloossen, fir net wielen ze goen. 

D’Piraten:

  •  Wëllen d’Walflicht ofschafen.

Ee kloere Statut fir Parteien

Zu Lëtzebuerg gëtt et am Géigesaz zu deene meeschte Länner op der Welt bis haut nach kee Gesetz wat festleet, wéi eng Konditiounen eng Organisatioun muss erfëllen, fir als Partei unerkannt ze ginn an domadder u Wale kënnen deelzehuelen. Virun allem D’CSV-Frëndeskrees-Affär huet gewisen, dass Parteien, déi keng Personnalité juridique hunn, op juristesch Konstrukter zeréckgräifen a sech domadder a Grozone beweegen, fir handlungsfäeg ze sinn. Och fir d’Bierger:innen ass et net einfach z‘erkennen, wéini eng Partei als solch unerkannt ass. Nei Parteie si wichteg fir d’Demokratie a sollen dowéinst proportionell zu hirem Walresultat vum Staat ënnerstëtzt ginn, wann d’Parteien hir Recetten an Ausgabe komplett op den Dësch leeën. 

D’Pirate fuerderen dowéinst:

  • Ee Gesetz, wat mat e puer Konditiounen definéiert, wéi eng Reegelen eng Organisatioun muss respektéieren, fir als Partei ze gëllen;
  • Dass eng no dëse Critèren unerkannte Partei d’Personnalité juridique kritt;
  • Dass d’Transparenz vun de Parteistrukture verbessert gëtt, andeems kloer definéiert gëtt, wéi eng Donnéeën ëffentlech zougänglech musse sinn;
  • Dass all Partei, déi op mannst 1% vun de Stëmme bei de Wale gewënnt, vun enger staatlecher Finanzéierung profitéiere kann.

Duebelmandater fir Politiker:innen begrenzen

Stand haut ass et méiglech, fir souwuel Buergermeeschter vun enger grousser Gemeng ze sinn an niewebäi och nach ee Mandat als Deputéierten an der Chamber unzehuelen. D’Politiker:inne kréien dofir ee spezielle Congé, fir dës Aufgabe kënne wouerzehuelen. Et muss ee sech d’Fro stellen, ob een als Buergermeeschter oder Schäffe vun enger grousser Gemeng mat villen Awunner, enger rise Verwaltung mat honnerte Mataarbechter:innen a ville verschiddene Projeten, nach iwwerhaapt enger normaler Aarbecht ënnert engem Patron kann nogoen, oder d’Aarbecht als Deputéierte mat Leif a Séil a vollzäit kann ausféieren. Et muss dofir evaluéiert ginn, wéi eng Mandater, grad a gréissere Gemengen, hautzedaags mat den neien Erausfuerderungen op lokalem Niveau vereenbar sinn an ob de Cumul vun de Mandater am Interêt vun de Bierger:innen ass. 

Dofir wëllen d’Piraten:

  • Eng Neibewäertung vum Congé politique, mam Zil, dass de Congé politique déi reell geleeschten Aarbechtszäit vun der politescher Aarbecht erëmgespigelt;
  • D’Mandat vum Deputéierten, Buergermeeschter a Schäffe vu grousse Gemenge komplett professionaliséieren. All dës Mandater sollen op 40 Stonne Congé politique gehuewen an no hirer Leeschtung a Verantwortung entschiedegt ginn. Een/Eng Mandatsdréier:in soll awer net méi wéi 40 Stonne Congé politique sammele kënnen.