Aussepolitik

Inhalt

Déi russesch Invasioun vun der Ukrain stoppen

Et ass erëm Krich um europäesche Kontinent, e Krich, dee mir als Matbierger:inne vun der EU esou net méi kannt hunn. D’Ukrain kämpft fir hir Fräiheet wärend Russland probéiert d’Land dem Äerdbuedem gläich ze maachen. Mir Piraten ënnerstëtzen d’Ukrain vun Ufank un an hire Beméiungen, fir déi russesch Besatzer zréckzedrängen. An der Chamber hu mir all d’Ënnerstëtzungsmoossname fir d’Ukrain matgedroen a mir wäerten dat och weiderhi maachen. Mir Piraten si fir d’Ënnerstëtzung vu Waffen déi net riskéieren de Konflikt eskaléieren ze loossen. Dat bedeit, dass mir géint d’Schécke vu lëtzebuerger Zaldoten, Nuklearwaffen, Laangstreckerakéiten, Minnen, Brandbommen an all anere Waffen déi géint international Traitéë verstousse, sinn. De Krich dierf net duerch esou Waffen eskaléieren. Am Fall wou et sollt zu Friddensverhandlunge kommen, wëlle mir Sécherungen (zum Beispill Blo Helmer) an der Ukrain opstellen, fir sécher ze stellen, dass de Fridde vun Dauer ass. D’Ukrain brauch och nom Krich Partner an der Défense.

De Krich huet an enger éischter Instanz zu enormer Solidaritéit a ganz Europa gefouert elo geet et drëms de Momentum ze erhalen an och weider als europäesch Länner zesumme géint Russland anzestoen.

Och Lëtzebuerg gouf duerch dëse Krich virun Erausfuerderunge gestallt. Vill Mënschen hunn hire Wee an eis d’Land fonnt op der Sich no Sécherheet. Mir Piraten stinn och weiderhin dofir an, dass dës Leit bei eis opgeholl ginn, egal op aus der Ukrain oder anere Länner wéi Afghanistan, an hei anstänneg behandelt ginn.

Russland ass awer net deen eenzegen Acteur deen eis muss Suerge bereeden. China huet sech ni kloer géint Russland gestallt, säit dem Ufank vum Krich. China respektéiert weder d’Sanktioune géint Russland nach déi géint Nordkorea richteg. Si behuelen sech ëmmer méi aggressiv par Rapport zu hirem Noper Taiwan, wou reegelméisseg Chineesesch Fligeren onerlaabt den Taiwanesche Loftraum betrieden. D’UN huet an engem Rapport kloer konnte beweisen, dass d’Bevëlkerung vun den Uiguren a China systematesch agespaart a versklaavt gëtt. Mat esou engem China kann Europa net weider fuere wei virdrun. Mir mussen onofhängeg vun hinne ginn an zentrale Secteure wéi der Chipindustrie, der Medikamenten a Maskenhierstellung oder der Hierstellung vu Solarpanneauen.

D’Piraten sinn a bléiwen eng Partei, déi sech fir de Fridden asetzt. Fir eis awer kloer, dass ee Land sech am Fall vun engem Ugrëff muss verdeedege kënnen.

D’Stäerkung vun de Vereenten Natiounen (UNO)

D’Vereenten Natiounen als wichtegst Institutioun fir déi friddlech Verstännegung tëscht de Staaten op dëser Äerd, brauchen onbedéngt eng Rei Reformen, fir esou fir déi nei Erausfuerderunge gerëscht ze sinn.
Vue dass d’Zil vun engem neie Sécherheetsrot awer wuel net fir haut a fir muer ass bitt et sech un, déi Felder wou d’UNO bis elo gutt Aarbecht leescht weider auszebauen. An Zäite vu Streidereien am Sécherheetsrot ass d’Katastrophenhëllef an de Schutz vun de Mënscherechter eng wichteg Aarbecht déi d’UNO nach ka maachen. Virun allem d:en Mënscherechtsbeoptragt:en musse weiderhi Mënscherechtsverletzungen an der Welt opweisen. Esou wei et am Rapport vun der UNO zur Situatioun vun den Uigure gemaach ginn ass.

Dofir fuerdere mir Piraten:

  • Eng ugemoossen dauerhaft Bedeelegung vun alle Kontinenter am Sécherheetsrot;
  • Besonnesch d’Schwellelänner sollte virum Hannergrond vun hirer ëmmer méi grousser regionaler Bedeitung, méi staark un d’Mechanisme fir eng global Verantwortung bedeelegt ginn;
  • D’General Assembly muss par Rapport vum Sécherheetsrot méi Pouvoire kréien, fir Blockaden um Niveau vum Sécherheetsrot ze léisen;
  • D’Vereenten Natiounen an Zukunft nach méi staark an d’Koordinatioun vu Katastrophenhëllefsprojeten ze integréieren.
 

Ausbau vun eisem diplomatesche Reseau

D’Pirate wëllen d’Ausbau vun eisen diplomatesche Bezéiunge fërderen. Dëst virun allem mat Natiounen, mat deene Lëtzebuerg duerch seng Geschicht oder seng Awunner un eis d’Land gebonnen ass. Dës Länner, wou Lëtzebuerg bis elo kee Representant huet oder nëmmen ee fir dat ganzt Land, do schloe mir Pirate vir, dass den Ausseministère sougenannten “traveling consultates” opbaut, fir dass dës Beamte méi no un de Bierger:inne sinn, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit an hir Wäerter deelen.

Fir Hëllef an de Respekt vu Mënscherechter

Wou och ëmmer Lëtzebuerg optrëtt musse mir Verfechter vun den universale Mënscherechter sinn. Als temporäre Member vum UN Mënscherechtsrot muss Lëtzebuerg eng Virbildfunktioun anhuelen. Mir musse weltwäit e méi staarken Akzent op Mënscherechter leeën, well all Mënschen si gläich an hunn en Usproch op déi nämmlecht Rechter.
Mir fuerdere vun der nächster Regierung dass keng privilegéiert Partnerschafte mat Länner geschloss gi wou d’Mënscherechter mat Féiss getrëppelt ginn. De Ruanda ass ee Beispill als Land wat vun Amnesty als Diktatur ugesi gëtt. Bei enger Visitt 2022 hunn d’Ministere Bettel a Fayot d’Land besicht an méi Kooperatioun mat Lëtzebuerg versprach. Esou Zeene weisen, dass Lëtzebuerg seng Kooperatiounspolitik dringend muss onofhängeg vu senge wirtschaftlechen Interesse maachen.
Bei allen offizielle Reese vu lëtzebuergeschen Delegatioune soll an Zukunft mindestens ee Mënscherechtsbeoptraagte mat dobäi sinn. Dëse soll no sengem Retour en onofhängege Rapport iwwert d’Lag vun de Mënscherechter am Zilland schreiwen. Unhand vun dësem Rapport sollen dann zukünfteg Delegatioune prioriséiert ginn a Länner ouni de néidege Respekt virum Mënscherecht méi kritesch behandelt ginn.
Dofir muss Lëtzebuerg och weiderhi mat Länner wéi dem Kap Verde zesummen un engem Plang fir nohalteg Kooperatioun schaffen. Dëst net nëmmen duerch d’Ënnerstëtze vum nationale Bildungssystem mee och vu klenge lokale Firmen déi sech op erneierbar Energië konzentréieren. Mir wëllen eng onofhängeg an nohalteg Kooperatiounspolitik. Duerch d’Vergi vu Mikrokreditter huet Lëtzebuerg d’Chance fir Entreprisen ze ënnerstëtzen déi net nëmmen Aarbechter:innen am Secteur vun erneierbaren Energien astelle mee och ausbilden. Duerch esou Projete kënne mir de Léit hëllefen ouni se an eng Ofhängegkeet ze stierzen.
D’Piraten setzen sech dann och fir de Schutz vu Mënscherechter a wann et ëm Liwwerkette geet. Dofir hu mir zesumme mat der Initiative pour un devoir de vigilance eng Gesetzespropos agereecht vun der mir hoffen, dass se geschwënn an der Chamber gestëmmt ka ginn. D’Zil ass et dass all gréisser Entreprise muss ee Plan de vigilance opstellen an seng Liwwerketten op de Respekt vu Mënscherechter a klimaschiedlech Praxissen iwwerpréiwen.

Dofir wëlle mir Piraten:

  •  D’Kooperatiouns- a Entwécklungshëllef konsequent op 1% vum RNB (Moyenne vun de leschten dräi Joer) halen;
  •  Eis Kooperatiounspolitik muss op Nohaltegkeet op gebaut sinn. Eise gréissten Effort muss der Agroeconomescher   Transitioun (méi kleng a méi nohalteg Landwirtschaftlech Betriber) leien;
  •  Dass d’lëtzebuergesch Entwécklungshëllef sech soll un den internationale Korruptiounsindexer orientéieren;
  •  Mënscherechtsbeoptragte konsequent op Auslandsreessen alueden
  •  Eng LuxDev Agence déi fräi vu wirtschaftlechen Interessen ass;
  •  D’Uni.lu an d’Kooperationspolitik mat abannen;
  •  Trennung vu Kooperatiouns- a Wirtschaftsministère;
  •  Kooperatiounspolitik déi d’Leit an d’Betriber an de jeeweilege Länner energieonofhängeg mëscht an se op   d’Konsequenze vum Klimawandel virbereet;
  •  Fir een Devoir de viligence.