Asylpolitik

Inhalt

Asyl ass e Mënscherecht

Populistesch Attacken op d‘Asylrecht toleréieren d’Piraten net a schwätzen sech kloer fir eng verstäerkt Ënnerstëtzung vun Asylsichenden aus. Wichteg ass et Aslysichender net ze stigmatiséieren, mee als Mënschen an Nout ze behandelen a mënschewierdeg Prozeduren unzewenden, fir dem Recht op Asyl gerecht ze ginn.

Den europäeschen Usaz zur Asyl- a Flüchtlingspolitik muss op der Unerkennung vun de Mënscherechter berouen an d’Virgabe vun der Genfer Flüchtlingskonventioun an der UN Kannerrechtskonventioun vollstänneg respektéieren. Dubliner Verträg, déi d’Leit dozou zwéngen, fir am éischte Land wat se an Europa betratt hunn, hiren Antrag ze stellen an noutfalls och dohinner zréck ze schécke funktionéieren net méi. Fir eis Piraten ass et onsolidaresch, fir Leit a Länner wéi Italien zréck ze schécken, déi schonn iwwerlaascht sinn. D’Leit sollen dierfen hir eng Demande op Asyl an dem Land ze stelle wou se wëllen

D’EU-Noperschafts-an Entwécklungspolitik soll op eng nohalteg Verbesserung vun de Liewensbedingungen an op d’Fërderung vun de Mënscherechter an alle Partnerlänner a Regiounen ausgeriicht sinn. Fir d’Asylpolitik ze fërderen, muss den Asyl- a Migratiounsfong méi Programmer fir d’Ophuelen an d’Integratioun vu Flüchtlingen an den eenzele Memberlänner ënnerstëtzen. Dëst op Basis vun den ugehollenen Asylunträg.

Dofir fuerdere mir Piraten:

  • Eng Asylpolitik déi international an europäesch Mënscherechter respektéiert;
  • Falls ee Joer nom Areeche vun enger Demande op protection internationalen nach keng Decisioun gefall ass, da soll dës Demande automatesch ugeholl ginn. Déi Waardezäit ass als maximalen Delai ze verstoen, dee nëmmen an de komplizéiertste Fäll areecht däerf ginn;
  • Wann néideg soll d’Ausweisunge schnell a mënschewierdeg duerchgefouert ginn an et soll dofir gesuergt ginn, dass déi betreffend Léit eng reell Chance op en Neiufank hunn;
  • Och Asylsichender sollen dierfen enger Aarbecht nogoen;
  • Asylsichend Leit méi abannen an d’Gestioun vun de Foyeren;
  • Méi kleng Foyere wou sech méi individuell ëm d’Leit ka gekëmmert ginn duerch eng Opstockung vum Personal;
  • Familienzesummeféierunge vereinfachen;
  • Schutz vu LGBTIQ* Persounen duerch ee separate Foyer;
  • Ee bessere Schutz vu Mannerjäregen.

Aarbechtsrecht fir Asylsichend

D’Piratepartei fuerdert dass Asylsichender d’Méiglechkeet kréien, fir selwer fir sech opzekommen an d’Schoul ze besichen oder eng Léier ze maachen. Dofir muss d’Aarbechtsrecht flexibiliséiert gi fir jidderengem deen zu Lëtzebuerg lieft och d’Méiglechkeet ze gi schaffen ze goen.

Dofir sollt direkt wann d’Léit am Land ukommen en Kompetenzprofil erstallt ginn den esouwuel berufflech a sproochlech, mä och sozial a kulturell Kompetenzen erfaasst. Dëse Profil géif , am Respekt vum Dateschutzgesetz a mam Accord vum Betraffenen, mat der Direktioun de l’Immigration, dem OLAI an der ADEM gedeelt ginn, fir en individuelle ‘parcours de formation, d’orientation et d’intégration’ ze erstellen an ëmzesetzen ouni ze waarde bis Prozedur ofgeschloss ass.

Een eenzege Ministère fir Migratioun

Fir méi schnell an einfach Entscheedunge soll et nëmmen nach een eenzege Ministère fir den Accueil, Prozedur an d‘Integratioun vun neie Residenten zoustänneg sinn. Direktioun vun der Immigratioun an den ONA sollen ënnert der Tutelle vun engem Ministère stoen. Mir ënnerstëtzten een interministerielle Comité an dem och d’sozial Partner an d’Zivilgesellschaft hir Stëmm hätten. Dëst géif eiser Meenung no zu enger besserer Akzeptanz an der Bevëlkerung bäidroen.

Participativ Gestioun vum Foyer

An all Foyer soll e participative Comité de Gestion agesat ginn. Esou wéi den Artikel 10(07) vum Gesetz vum 18 décembre 2015 relative à l’accueil des demandeurs de protection internationale et de protection temporaire et virgesäit , sollten d’Léit déi am Foyer wunnen duerch d’aktiv Bedeelegung an engem Comité de Gestion en Matsproocherecht kréie wat Gestioun a Belaanger vun hirem Logement ugeet.

Laut Ausseministère brauchen Zentre vir d’éischt Opnam (« centres de primo-accueil ») läit de Personalschlëssel bei engem engem Encadrant (Assistant social oder Educateur) pro 40 Persounen. An den temporären Ënnerkonftsstrukturen, wou d’Persoune vum ONA selwer encadréiert ginn, läit de Personalschlëssel aktuell bei engem Encadrant pro 100 Persounen. Dobäi huet de Rapport vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher kloer gewisen, dass dat net duer geet, an dass d’Kanner drënner leiden, wa Personal feelt. Grouss Foyere sinn hei dee falsche Wee. Et muss een d’Leit mat Traumaen a ganz besonnesch d’Kanner besser betreien. Dat geet am beschten a klenge Strukturen.

Dofir fuerdere mir Piraten:

  • Ee Personalschlëssel, wou op 10 Kanner an de Foyere muss mindestens ee Mataarbechter:innen kommen. Esou wéi et an de Crèchen an anere Betreiungsstrukture schonn haut de Fall ass;
  • Ee Personalschlëssel, wou op 30 DPIen a BPIen soll een Educateur kommen;
  • Ee Personalschlëssel, wou op 10 Familljen een Assistant social kënnt.

Familljenzesummeféierunge vereinfachen

Familljenzesummeféierunge vun Net-EU-Bierger ginn an der EU nach ëmmer op nationalem Plang entscheet. Mir Pirate fuerderen eng Harmoniséierung a gläichzäiteg Vereinfachung vun dëse Prozeduren. Famillje gehéieren zesummen an et solle keng bürokratesch Hürden tëscht enger Famill stoe wa mindestens ee Familljemember no enger Asylprozedur an der EU Asyl krut.

Mannerjäreg Demandeurs de protection sinn an éischter Linn Kanner

Fir eis Piraten solle Kanner, déi op Lëtzebuerg flüchten (ob eleng oder mat Familljememberen) wéi Kanner behandelt ginn. Dofir wënsche mir eis eng Reform vum System, wou dann den ONE (office national de l’enfance) an net méi d’ONA (office national d’acceuil) fir dës Kanner a Jugendlecher zoustänneg soll sinn.

D’Piraten fuerderen:

  • D’Kanner déi op Lëtzebuerg komme vum ONE betreien ze loossen;
  • Mënscherechtskonform Weeër fir den Alter fest ze stellen;
  • Kee Kand an engem Centre de rétention anzespären.

LGBTIQ an Asyl- souwéi Immigratiounsrecht

D’Piratepartei fuerdert, dass Homosexualitéit, Transsexualitéit an hier Persecutioun am Ausland als Asylmotiv unerkannt gëtt. Aktuell Reegelungen an dëser Hisiicht sinn net wäitreechend fir Persounen Asyl zu Lëtzebuerg ze gewäerden, wann se wéinst dësen Eegenschaften an hirem Heemechtsland verfollegt ginn. Lëtzebuerg muss déi néideg Prozedure schafen, dass all Persoun, déi ënnert dem Risiko steet wéinst hirer sexueller Identitéit oder hirer Sexualitéit verfollegt ze ginn d’Protektioun vum Asyl ze ginn.

D’Infrastrukture fir Asylsichender sinn dacks net op d’Bedierfnesser vu den eenzele Mënschen zougeschnidden. Esou ass et beispillsweis méiglech, dass besonnesch LGBTIQ-Leit, déi opgrond vun hirer Sexualitéit oder hirer geschlechtlecher Identitéit an hirem Heemechtsland verfollegt ginn, sech hei nees mat anere Schutzsichenden am selwechten Ënnerdaach erëmfannen, déi hirersäits duerch en LGBTIQ-feindlecht Gesellschaftsbild aus hirem Heemechtsland gepräägt sinn.

Et ass dacks esou, dass betraffe Leit sech opgrond vun hiren Erfarungen, net traue fir iwwert hir Situatioun ze schwätzen. Den Agent soll an dëse Fäll d’Situatioune verstoen an Hëllef ubidde kënnen. Och d’Iwwersetzer an d’Security-Personal sollten an dëser Thematik hiren Aufgaben entspriechend forméiert ginn, fir an de jeeweilege Situatiounen adequat kënnen ze handelen.

Mir begréissen ausdrécklech de Projet vun der Formatioun „Arc-en-ciel“ vun der CIGALE an den Asylstrukturen, déi d‘LGBTIQ- mat interkulturellen Thematike verbënnt, a wëllen dës Offer mat den néidege Moyenen ausbauen. Jiddwereen, dee mat Asylsichenden zesummeschafft, sollt e vereinfachten Zougang zu dëser Formatioun kréien.

Dofir fuerdere mir Piraten:

  • Een eegestännege Foyer oder een ofgetrennten Deel fir DPI oder BPI déi Deel vun der LGBTIQ* Communautéit sinn;
  • Fir Formatioune wéi déi vun der CIGALE fir d’Personal an de Foyeren.

Netz-politeschen Asyl

Net eréischt op Grond vun de Revelatiounen a Schicksaler vun de Whistleblower Chelsea Manning an Edward Snowden gouf kloer, dass Aktiviste wéinst Meenungsäusserungen um Internet, op sozialen Netzwierker oder fir hiert netzpoliteschen Engagement riskéiere bestrooft a souguer gefoltert ze ginn. Änlech Erfarunge gouf et och am sougenannten Arabesche Fréijoer wou vill Aktivisten opgrond vu Meenungsäusserungen um Internet verhaft an agespaart goufen.

Dofir setze mir eis an fir ee staarke Schutz vu Whistleblower.

Mënschenhandel zu Lëtzebuerg

Laut dem Rechercheverband “Lost in Europe”, an deem ënner anerem de brittesche Guardian, den nidderlännesche Rundfunk VPRO an de rbb matwierken, sinn tëscht 2018 an 2020 iwwert 18.000 onbegleete Flüchtlingskanner aus staatlechen Ariichtunge verschwonnen. Laut de Recherchë vun de Reporter goufen et zu Lëtzebuerg mindestens 85 esou Fäll. Dës Mannerjäreg landen oft an den Hänn vu Mënschenhändler a ginn zur Aarbecht gezwongen.

Dofir stinn d’Piraten:

  • Fir Hëllefen an Ulafstellen déi op si fir jiddereen;
  • Fir méi Efforte bei der Sich vu Leit aus Foyere wann si verschwannen.