Arméi

Inhalt

Keen Asaz vu Lëtzebuerger Zaldoten a Krichsgebidder

D’Piratepartei ënnerstëtzt keen Asaz vu Lëtzebuerger Zaldoten a Krichsgebidder. Missioune wéi déi am Mali an am Afghanistan gi vun de Piraten net ënnerstëtzt. D’Lëtzebuerger Arméi soll nëmmen humanitären Hëllefsoperatiounen ënnerstëtzen.

Verdeedegungspolitik ass de Garant fir Sécherheet a Fräiheet. Wann een et zesummerechent, investéieren déi eenzel EU-Memberstaate méi an hir national Arméie wéi China a Russland zesummen. Leider ass déi aktuell europäesch militär Zesummenaarbecht, a Form vu Battlegroups, vu begrenztem Notzen.

Dofir sti mir:

  • Géint den Asaz vu Lëtzebuerger Zaldoten a Krichsgebidder;
  • Fir ee weltwäit Atomwaffeverbuet.

Fir eng europäesch Arméi als Garant vu Fridden

D’Piratepartei wëll sech dofir asetzen eng gemeinsam europäesch Verdeedegungsarméi opzestellen. Dës Arméi soll gemeinsam Besoinen definéieren, Sécherheetsanalyse koordinéieren an a Beräicher, wéi dem gemeinsamen Akaf, der Maintenance vun Ausrüstung an der Ausbildung vu Rekrutten, zesummeschaffen. D’Piraten setzen sech fir méi Kooperatioun an allen Domainë vun der Defense an, ausgeholl d’Nuklearwaffen. Eng Europäesch Arméi géif sech aus engem EU-Fong finanzéieren, an deen all d’Memberstaaten abezuelen. D’Europäesch Kommissioun soll d’Weisungsbefugnis kréien, Asätz wieren awer nëmmen duerch en demokratescht Legitiméieren duerch d’Europäescht Parlament méiglech.

Dofir wëllen d’Piraten sech asetze fir:

  • Eng gemeinsam europäesch Verdeedegungsarméi opzestellen. Dës Arméi soll gemeinsam Besoinen definéieren, Sécherheetsanalyse koordinéieren an a Beräicher – wéi dem gemeinsamen Akaf an der Maintenance vun Ausrüstung an der Ausbildung vu Rekrutte – zesummeschaffen.

NATO reforméieren

D’NATO ass säit dem Ugrëff vu Russland op d’Ukrain erëm méi an de Vierdergrond geréckelt. Et gëtt elo konstant iwwert nei Bäitrëttskandidate geschwat. Mir Piraten si fir ee Bäitrëtt vu Schweden a Finnland an d’NATO. Mee virun allem d’Diskussioune wéinst dem Bäitrëtt vu Schweden weisen, dass d’NATO muss reforméiert ginn. Et kann net sinn, dass een eenzegt Land kann de Bäitrëtt vu wichtege Verbündete verhënnere wéinst innepolitesche Muechtspiller.

Dës Weidere muss gekuckt ginn, wou déi 2% Memberschaftbäitrag Sënn maachen. Et kéint een sech virstelle fir Hard a Soft Power Dépensen an dësen 2% matzezielen. Heirënner fält zum Beispill Cybersecurity. An och den Ausbau vun erneierbaren Energien déi eis méi onofhängeg vun totalitäre Staaten an Diktature maachen, sollten dobäi gezielt ginn.

Am Fall vun engem Enn vum Ugrëffskrich duerch Russland muss d’NATO weiderhin zur Ukrain stoen an d’Onofhängegkeet vum Staat duerch Verdeedegungsofkommen ofsécheren.

Dofir stinn d’Piraten:

  • Fir een Iwwerschaffe vun der 2% Reegel;
  • Fir eng Obligatioun vun 1% Invest vum RNB an d’Kooperatiounshëllef vun den NATO Memberstaaten.

International Konflikter

Mir Piraten setzen eis dofir an, dass international Accorden agehale ginn.

Dofir sti mir fir eng onofhängeg Ukrain. Mir bleiwen och bei eiser Positioun fir eng Zwee-Staate-Léisung tëscht Israel a Palestina. Hei muss endlech eng friddlech Léisung fonnt ginn, déi domadder ufänkt, dass déi vum UN Sécherheetsrot als illegal Siidlungspolitik am Westjordanland ophält.

China wéisst ëmmer méi aggressiivt Verhale vis-à -vis vu sengen Noperen. Mir Piraten plädéiere fir de Respekt vun den demokrateschen Entscheedunge vun der Bevëlkerung vun Taiwan. Mir wëlle verhënneren, dass et hei zu weideren Eskalatioune kënnt.