Mir Pirate sinn der Iwwerzeegung, dass d’Work-Life-Balance am Joer 2023 net an engem ugemoosse Verhältnis zouenee steet. An ville Famillje musse béid Partner schaffe goen, fir sech de Logement ze leeschten. Vill Single an Elengerzéiender kënnen sech hei am Land mol iwwerhaapt kee Logement méi leeschten a brauchen dofir nach méi laang op d’Aarbecht.
Fir eis Pirate muss dofir d’Aarbechtswelt prett gemaach gi fir dat 21echst Joerhonnert. Fir eis heescht dat Flexibilitéit op der Aarbecht a Respekt vum Privatliewen. Dozou gehéiert Zäit fir d’Famill awer och fir soziaalt Engagement. Dofir wëlle mir eis asetze fir méi flexibel Aarbechtszäiten a fir Télétravail do wou et méiglech ass. D’Période de référence iwwert ee Joer soll méiglech sinn.
Mir ënnerstëtzen och Cadres mobiles, déi engem erlaben, Moies méi fréi un ze fänken oder Owes méi spéit ze schaffen a wou D‘Aarbechter:innen mam Patron kuckt, wéi eng Stonnen ee muss do sinn.
Mir vergiessen dobäi net déi negativ Aspekter vum Télétravail (ënnert Anerem: d’Trennung vu Beruff a Privatliewen, Iwwerstonnen, Recht op Privatsphär a Paus) an dofir muss de Staat ee kloren gesetzleche Kader virginn, fir d’Rechter vum Employé ze garantéieren. Den Télétravail gëtt de Leit awer ganz kloer och d’Flexibilitéit an d’Zäit, fir virun oder no der Aarbecht nach déi eng oder aner kleng Commissioun z’erleedegen. Zousätzlech huet den Télétravail och ee positiven Afloss op d’Verkéierssituatioun wouvu mir all profitéieren, dofir muss den Télétravail do vum Patron méiglech gemaach gi, wou e méiglech ass. Den Télétravail soll kënnen um Büro mee och a Coworking Spaces (oder Satellitte Büroen) no un der Grenz méiglech gemaach ginn. Heizou gehéieren och grenziwwergräifend Geschäftszone wou d’Leit schaffe kënnen a wou op Niveau vun der Groussregioun ee gesetzlechen a fiskale Kär ausgeschafft gëtt.
Mir vergiessen awer och net déi Leit, déi net kënne vun doheem aus schaffen, dofir wëllen mir hinnen d’Kilometerpauschal eropsetzen. Och si musse weiderhi Loscht hunn an den Zentrum vum Land schaffen ze kommen.
Dat bedeit fir eis:
Persounen a Beschäftegungsmesuren och d’Congés extraordinaires zougestoen (Congéë wann ee Familljemember stierft, déi Persoun plënnert oder bestuet gëtt).
Ee faire Loun fänkt fir eis Pirate bei engem Mindestloun un, deen d’Leit iwwert der Aarmutsgrenz hält. Fir dëst z’areschen an awer gläichzäiteg net weider Käschten op d’Patronen ze drécken, si mir Piraten der Meenung, dass de Mindestloun (qualifié grad wéi non-qualifié) steierfräi muss ginn.
All Mënsch hei zou Lëtzebuerg huet eng fair Chance verdéngt, fir eng Aarbecht ze fannen. Fir eis heescht dat, eng Aarbechtswelt schafen, wou jiddereen eng fair Chance kritt an ee gerechte Loun. D’Pirate schwätzen sech dofir anonymiséiert Kandidaturen aus, wou eenzeg an eleng d’Kompetenzen an d’Qualifikatioun vum Kandidat/der Kandidatin solle beim CV an der Lettre de motivation consideréiert ginn. Dëst entsprécht den Ufuerderunge vun engem héijen an effikassen Dateschutz a schützt géint Diskriminéierungen. Den Entretien op der Plaz besteet spéiderhin an ass dann d’Geleeënheet fir sech direkt virum potentielle Patron ze beweisen.
Interimsagencë benotze Kuerzzäitverträg oft als bëlleg Aarbechtskraaft a ginn de Leit keng Perspektiven. Et kënnt leider ze oft zu Abusen, wou Interimsaarbechter:innen eng fest Plaz am Betrib hunn, mee net vum Betrib agestallt ginn. Dofir schwätze mir eis fir méi streng Kontrollen am Beräich Interim aus.
Mir fuerderen dofir:
D’Piraten wëllen, dass d’Mataarbechter:innen méi um Erfolleg vun hire Firme kënne bedeelegt a finanziell belount ginn. Eng Form fir dat ze maachen ass iwwert den Actionnariat salarié, wou Mataarbechter:innen Undeeler vun hirer Firma a Form vu Mataarbechter:innenaktien ausgestallt kréien, déi se un de Gewënner vun der Firma bedeelegen an hinne gewëss Matsproocherechter sécheren. Dat stäerkt d‘Matbestëmmung vun de Salariéeën an den Entreprisen a valoriséiert hir Aarbecht. D’Piraten wëllen dofir den Actionnariat salarié virun allem a klengen a mëttelgroussen Entreprisen steierlech ënnerstëtzen, a souwuel d’Firmen, wéi och d’Salariéen, steierlech entlaaschten, wa si dee Wee wëlle goen.
Fir eis ass all klenge Bonus eng Unerkennung fir engem Salarié seng gutt Aarbecht a sollt dofir, ënnert gewëssene Limitten, net weider besteiert ginn.
D’Piraten setzen op eng Flexibiliséierung duerch ee sektorielle Kollektivvertrag. Esou wëlle mir sécher stellen, dass d’Sonndesaarbecht ëmmer am Sënn vum Schutz vun Aarbechter:innen strikt encadréiert gëtt.
De Piraten ass et wichteg, Dass d’Investitioune vun eisem Pensiounsfong iwwerduecht ginn an transparent oppe geluecht ginn.
D’Pirate wëllen ee rentabelen an nohaltegen Investissement vum Pensiounsfong. Dat ass haut scho méiglech. De Pensiounsfong orientéiert seng Investissementer aktuell un Indicateuren déi weder déi rentabelst sinn, nach am Aklang mat dem Klimaschutz laut de Paräisser Accorde stinn. Et ginn aktuell schonns Méiglechkeeten eis Investissementer (z.B. an den Indice MSCI World Paris Aligned) méi gréng a rentabel ze gestalten, dat heescht am Sënn vun all Bierger:in deen seng wuel verdéngte Pensioun och soll kréien.
Mir Pirate fuerderen och dass de Pensiounsfong säin Deel zu der Wunnproblematik bäidréit an an d´Kreatioun vu Wunnraum op nationalem Terrain investéiert. Et kann een deementspriechend souwuel e laangfristege Rendement garantéieren als och hëllefen een Doheem fir jiddereen ze bauen.
Mir Pirate maachen eis staark fir eng Wirtschaft, déi op d’Matbestëmmung an d’Ermächtegung vu Mataarbechter:innen setzt. Eis Iddi vum Actionnariat Salarié ass et, fir de Salariéeën Undeeler a Form vu Mataarbechteraktien auszestellen, déi se um Profit vun der Firma bedeelegen an hinne gewëss Matsproocherechter sécheren.
Eng Aarbechtsplaz bréngt net nëmmen der Firma Profitter an dem Employé ee Salaire, mee suergt och dofir, dass de Staat duerch Steierrecetten a Sozialofgabe funktionéiere kann. Op der enger Säit brauche Firmen, virun allem kleng a mëttel Betriber, Flexibilitéit. Mir sinn der Meenung, dass Firmen, déi fir stabil Aarbechtsplaze suergen, dofir belount solle ginn. De Patron soll dozou animéiert ginn, fir Mataarbechter:innen méiglechst laang am Betrib ze halen.
Dofir fuerdere mir Piraten:
Den Index ass eng wichteg Errongenschaft. Dofir sti mir Piraten zu Indexmechanismus a fuerderen, dass dësen och weiderhin ëmmer ausbezuelt gëtt wann en fälleg ass. Mee esou, wéi e momentan zu Lëtzebuerg besteet, huet en zur Konsequenz, Dass virun allem déi Leit mat engem héijen Akommes am meeschte bei enger Index-Erhéijung dozou gewannen.
Als Beispill: Eng Indextranche vun 2,5% bréngt enger Persoun mam Mindestloun ronn 75€, wärend dee mat engem Salaire vun 10.000€ am ganzen 250€ kritt, also méi wéi dräi Mol esou vill. Dat ass net gerecht. Et brauch ee keng honnerten Euro fir d’Präisdéierescht vun de Wueren am Wuerekuerf ze kompenséieren. Ab engem gewësse Montant ass d’Erhéijung vun der Paien net méi a Relatioun mat der Inflatioun.
Domadder géif d’Schéier tëschent Aarm a Räich manner staark ausernee goen, wéi et mam aktuelle System de Fall ass. Jidderee kritt säi Kafkraaftverloscht kompenséiert a mir entlaaschten d’Betriber.
Dofir stinn d’Piraten:
D’Pirate wëllen eng Fonction Publique déi gutt funktionéiert. Hei ass kloer d’Digitaliséierung, mee och eng gutt Work-Life Blance gefrot. D’Piraten fuerderen an deem Sënn, dass digital Léisungen déi mat de Leit um Terrain ausgeschafft ginn, fir esou sécher ze stellen, dass um Enn keng reng Prestige Projeten eraus kommen, déi de Beamt:inne méi Aarbecht maache wéi virdrun.
Och beim Staat muss Télétravail dann och erméiglecht ginn, do wou et méiglech ass. Dëst suergt fir méi Zäit fir d’Mataarbechter:innen, fir aner Saache wéi Hobbyen oder Kanner a suergt och fir déi néideg Attraktivitéit vun der Fonction Publique.
D’Piratepartei schwätzt sech dann dofir aus, dass och Employé(e)s d’Etat d’Recht hunn, fir sech bei bei internen Détachementer op eng Plaz ze mellen. Dës Méiglechkeet gëtt et haut fir Leit aus dem Privatsecteur an déi soll och fir Employé(e) d’Etat opgemaach ginn.
Dofir stinn d’Piraten:
[weider Detailer zu dem Thema ginn et e.a. am Dossier Sécherheet an Educatioun]
Vill Leit trauen sech net, fir an der Politik aktiv ze ginn, well se Angscht hunn, dass dëst negativ Konsequenzen op hirer Aarbechtsplaz kéint mat sech bréngen. An enger Demokratie muss jidderee sech trauen dierfen, fir aktiv d’Politik matzegestalten.
Dofir fuerderen d’Piraten, grad wéi bei de Personaldelegéierten, dass och Gemengepolitiker wärend hirem Mandat, wärend der Walcampagne, wou d’Leit Kandidat:in sinn a sechs Méint nom Auslafe vun hirem Mandat, virun enger Kënnegung geschützt ginn.
Lëtzebuerg ass mat 53% vun de Salarié(e)ën déi vun engem kollektiv Vertrag profitéiere wäit ewech vun deene vun der EU ugepeilten 80%. D’Piratepartei ass der Meenung, dass méi Aarbechter:innen:inne solle kënne vun de Virdeeler vun engem Kollektivvertrag profitéieren. Dofir wëlle mir eis asetzen, fir dass méi sektoriell Verträg ofgeschloss ginn.
D’Zil vun der Politik muss et sinn, de Leit esou séier wéi méiglech erëm op d’Been ze hëllefen. Dofir si mir Piraten der Meenung, dass all Formatioun déi vun engem vum Staat unerkannten Institut ugebuede gëtt, soll kënne vun enger Persoun op Aarbechtssich gemaach ginn. Dës Formatioune solle ganz vun der Adem bezuelt gi wann et sech ëm Ëmschoulunge fir System relevant Beruffer handelt.
D’Piratepartei setzt sech an fir ee gutt accessibele Medatiounsservice bei der Adem. Dozou gehéiert eng Ulafstell déi kloer um Site vun der Adem an an den Agencen affichéiert ass, a wou professionell Mediateure probéiere mat de Betraffene Léisungen ze fannen.
1a, rue de Luxembourg
L-8184 Kopstal (Koplescht)
[email protected]
Telefon: (+352) 20 33 37
22, rue de l’Eau
L-1449 Luxembourg
[email protected]
Telefon: (+352) 20 60 66