Staat & Institutiounen

Staat & Institutiounen

Lëtzebuerg huet d’Chance en modernen, demokrateschen an transparente Staat ze ginn. Dofir brauch et allerdéngs en Ëmdenken an déifgräifend Reforme vun den Institutiounen an och traditionell Strukturen aus dem leschte Joerhonnert musse kritesch ënnersicht ginn. Onst Ziel ass et en demokratesche Staat mat Institutiounen an Administratiounen, déi fir de Bierger schaffen, op d’Been ze stellen. Dëst bedeit nieft der demokratescher Matbestëmmung oder en transparente Fonctionnement vum Staat a sengen Administratiounen, besonnesch wat d’Budgetszesummesetzung an d’staatlech Ausgaben uginn. E moderne Staat ass een, wou jiddereen novollzéie kann, wéi d’Institutioune funktionéieren a wéi d’Staatsfinanzen agesat ginn.

 

 

Staatsrot reforméieren

Op d’laang Siicht fuerderen d’Piraten, datt déi verschidden Aufgabe vum Staatsrot op eenzel, an deene spezifesche Beräicher méi kompetent Organer verdeelt ginn. Kuerzfristeg wëlle mir, datt bei engem am Moment esou wichtegen Organ wéi dem Staatsrot all Neibesetzung vun engem Poste strikt no Kompetenz, a net no Parteizougehéieregkeet entscheet gëtt. D’Nominatioun op sou e Poste soll ausgeschriwwe ginn a vun enger neutraler Instanz bestëmmt ginn. Des Weidere muss de Sëtz vum Grand-Duc héritier am Staatsrot gestrach gi fir d’Gewaltentrennung an demokratesch Prinzipien ze respektéieren.

 

 

Accès zu modernen Administratiounen

Mir setzen eis fir méi agil, accessibel a modern Verwaltungen an déi sech am Déngscht vum Bierger verstinn. Virun allem wëlle mir mat engem eenheetleche Biergertelefon dem Symptom “et hieft keen den Telefon op” entgéintwierken. Donieft muss konsequent op d’Digitaliséierung vun alle Prozesser an den Administratioune gesat ginn, sou datt all wichteg Aktivitéite kënnen iwwer Internet ausgefouert, an esou den Zäit- a Geldverloscht vu Staat a Bierger limitéiert ka ginn.

 

 

Kloer Responsabilitéite fir Ministeren

Als Bierger ass et net ëmmer ersiichtlech wéi eng Ministere genau wéi eng Responsabilitéiten hunn. Déi nächst Regierung muss d’Kompetenze vun den eenzele Ministère vill besser no bausse kommunizéieren a kloer oplëschte wéi eng Ministere fir wéi eng Ressorten zoustänneg sinn.

 

 

Besser Kriseprozedure tëschent Staat a Verantwortlechen

Onst nationaalt Rettungswiese muss sech un EU-Direktiven halen, déi virschreiwen, datt als Standard no 10 Minutte soll éischt Hëllef op der Platz geleescht kënne ginn. Donieft soll gesetzlech festgehale ginn, datt an all Gemeng mindestens op enger ëffentlecher Plaz en Defibrillator verfügbar sinn. D’Kriseprozeduren tëscht Staat a Verantwortleche sur Place muss esou koordinéiert ginn, datt se internationale Standarde gerecht gëtt.

 

 

Maximal Äntwerzäit fir Administratiounen

Am Kader vun der Simplificatioun administrative soll all Demande déi säit méi wéi dräi Méint bei enger Verwaltung ouni Äntwert läit automatesch akzeptéiert ginn. Verlängerunge vun dëser Frist missten am spezielle begrënnt ginn.

 

 

Reform vun der Pressehëllef

D’Pirate setzen sech fir eng modern Pressehëllef an. Eng modern Pressehëllef consideréiert nieft der gedréckter Press och Informatiounsportaler am Internet an iwwer nei Technologien. Am Géigenzuch mussen déi subventionéiert Medien eng total Transparenz vun hire Finanzen hierstelle fir esou ënner anerem d’Gläichbehandlung vun alle Werber sécherzestellen. Donieft fuerdert d’Piratepartei d’Kreatioun vun enger onofhängeger Kommissioun fir d’Vergab vun der Pressehëllef, no transparente Kritären. Schlussendlech soll och Transparenz iwwert d’Eegentumsverhältnisser bei all Presseorgan geschaaft ginn.

 

 

Budget op Doppik ëmstellen

Et gëtt zwar oft vu Staatsscholde geschwat, gläichzäiteg ass awer net kloer wat de Staat genau u Verméige besetzt. Duerch d’Ëmstellung vum Budget op duebel Comptabilitéit (Doppik) inklusiv der Publikatioun vun engem Bilan um Enn vum Joer géif d’Verméigenssituatioun vum Staat méi transparent ginn. D’Pirate sinn der Meenung datt wat fir Entreprise verflichtend ass och beim Staat als Minimum un Transparenz gëlle muss.

 

 

Konsequenze bei Budgetsdefizit

De Staatsbudget muss méi streng kontrolléiert gi fir Abus’en ze vermeiden. Ziel muss et si bis 2020 en ausgeglachenen Haushalt virweisen ze kënnen, net nëmmen um Pabeier, mee an der Realitéit. Fir dëst Zil z’areeche wëlle mir eng automatesch Sanktioun ab 2020 an d’Gesetz schreiwen, no der d’Regierung automatesch fir dat Joer op 25% vun hirer Paien ze verzichte muss falls den Haushalt e Minus opweist. Wann d’Maastricht Kritäre gebrach gi klëmmt dëse Prozentsaz op 50%.

 

 

Keen sanktiounslos Ignoréiere vu Rapporte vun der Cour des Comptes

Negativ Rapporte vun der Cour des Comptes hunn keng bis wéineg reell Konsequenzen. D’Pirate fuerderen datt hei méi streng Sanktiounsméiglechkeete geschaaft gëtt fir Abusen a falsch Handhabung mat Steiergelder kënnen ze sanktionéieren.

 

 

Verfassungsreform mat de Bierger ausschaffen

D’Verfassungsreform, déi am Moment vun der Chamber ausgeschafft gëtt, muss fir de grousse Public opgemaach ginn. Nëmme wann d’Bierger an d’Biergerinnen d’Méiglechkeet hunn hir eegen Iddien an d’Reform mat anzebrénge ka séchergestallt ginn, datt d’Verfaassung dat aktuellt Gesellschaftsbild widderspigelt. Dëst Iwweraarschaffen vun der Verfassung soll iwwer e Biergerkommitee entstoen, an deem all Bierger ka Proposen areechen. Um Enn soll iwwer e Referendum iwwer d’Verfassungsreform decidéiert ginn.