Justiz

D’Vertrauen an de lëtzebuergesche Justizsystem huet och un der aktueller Staatskris gelidden. Dofir ass et wichteg net nëmmen d’Gesetzgebung esou ze presentéieren, datt se fir all Bierger novollzéibar ass, ma och den Zougang zur Justiz sécher ze stellen. Präventioun ass de wichtegste Punkt bei all Kriminalitéitsbekämpfung. Besonnesch bei Gewaltdoten a schwéierer Kriminalitéit muss hei d’Bevëlkerung aktiv informéiert gi fir fréi Zeeche vu Strofdoten ze erkennen. Kloer Reegelen, eng verstäerkte Präventiounsaarbecht an en haart Virgoe géint schwéier Kriminalitéit mussen d’Leitlinne vum lëtzebuergesche Justizsystem sinn.

 

Gënschtegen Zougang zur Justiz

D’Käschte vum Zougang zur Justiz dierfe keng Hürd si fir seng Rechter kënnen duerchzesetzen. D’Piratepartei fuerdert dofir déi finanziell Prozesshëllef un de reelle Käschten ze definéieren an net nëmmen um Akommes vum Demandeur.

 

 

Verfassungsgeriicht fir all Bierger zougänglech maachen

Di aktuell Staats- a Verfassungskris huet bewisen, datt et e Moyen brauch fir all Bierger Gesetzer a Veruerdnungen op hier Verfassungsgerechtegkeet iwwerpréiwen ze loossen. D’Pirate kucken op d’Geschicht vum Bundesverfassungsgeriicht zu Karlsruhe zréck a fuerderen, datt och dat lëtzebuergesch Verfassungsgeriicht vun all Bierger ka befaasst ginn.

 

 

Gesellschaftlech wäertvoll Strofen

Ons Gesetzgebung soll virun allem bei méi klengen Infraktiounen erméiglechen de Schued erëm gutt ze maachen ouni datt Prisongsstrofen néideg sinn. D’Piratepartei fuerdert datt am Gesetz explizit d’Méiglechkeet fir eng Aart vu “Community Service” agefouert gëtt. Sou gëtt et e kloer emrassene Kader fir kleng Strofe gesellschaftlech wäertvoll ze handhaben.

 

 

Vereinfachung vun der Gesetzgebung

D’Piratepartei fuerdert datt Gesetzer vun all Bierger verstane kënne ginn. Gesetzer mussen esou kloer wéi méiglech formuléiert ginn. Dëst ëmfaasst awer och e méi schnellen an einfachen Zougang zu de relevanten Informatiounen. Dofir fuerderen d’Piraten datt all d’Gesetzer ëmmer an enger konsolidéierter Versioun online publizéiert ginn. Och sollen et Themeniwwersiichte ginn a sou oft wéi méiglech musse Gesetzestexter zu engem Domaine an engem Code geuerdent ginn.

 

 

Staark géint Gewalt

Mir mussen als Gesellschaft Gewaltdoten am familiären Ëmfeld vill méi fréi identifizéieren. Heifir mussen Dokteren, am speziellen Kannerdokteren, besser ausgebilt ginn an déi néideg direkt Kanäl zur Berodungsstellen an der Justiz geschaaft ginn fir schnell op Indizien zur familiärer Gewalt reagéieren ze kënnen. Nëmmen duerch eng besser Kommunikatioun a Vernetzung vun allen Experten um Terrain kenne mir familiär Gewalt an de Grëff kréien.

 

 

Besser Präventioun bei Strofdoten

Eng besser Informatiounspolitik verstäerkt net nëmmen d’Präventioun vun Strofdoten, ma kann och bei der Opklärung hëllefen. Sou kënnen Affer selwer méi verlässlech Aussoe maachen an Zeie méi effektiv d’Strofverfolgung ënnerstëtze wann se virdrun iwwer d’Opklärungsmethoden a Policeaarbecht informéiert goufen. D’Piratepartei fuerdert dofir, datt nach méi Efforten an d’Informatioun vu Bierger duerch d’Police a Justiz ënnerholl ginn.

 

 

Kampf géint erzwonge Prostitutioun a Mënschenhandel

D’Piratepartei fuerdert kloer Reegelen wat d’Prostitutioun zu Lëtzebuerg ugeet. Nëmmen mat klore Reegelen kann haart géint Proxenitismus a Mënschenhandel gehandelt gin. Dofir mussen d’Sexworker aus der legaler Grozone erausgeholl ginn a legal Prostitutioun als Aarbecht unerkannt ginn. Dëst huet, zesummen mat klorer Reegelen ënner wéi enge Konditiounen Prostitutioun zu Lëtzebuerg legal praktizéiert dierf ginn zur Folleg, datt méi kloer géint illegal Prostitutioun a Mënschenhandel kann geschafft ginn. D’Prioritéit muss dorops leien d’Sexworker aus der Illegalitéit ewech ze halen an all Ënnerstëtzung fir reegelméisseg Gesondheetskontrollen ze erméiglechen. Op der aner Säit kann mat kloren Reegelen all Offer vun Prostitutioun méi streng kontrolléiert ginn an et kann haart géint all Form vun Mënschenhandel oder sexueller Exploitatioun virgoe ginn.

 

 

Reform vum Dierwiechterstatut

De Statut vun den Dierwiechter muss reforméiert ginn an op engem eenheetlechen Deontologie-Kodex baséieren.

 

 

Notairës-Präisser transparent gestalten

D’Präisser bei Notairë musse méi transparent gestallt gi fir de Clienten d’Méiglechkeet vum Vergläichen ze ginn an domadder de fräie Choix och no finanzielle Motiver ze erméiglechen.

 

 

Ofschafe vun der Affekoteflicht

All Bierger muss d’Méiglechkeet hunn sech an allen Instanze selwer viru Geriicht ze vertrieden a selwer Kloen ze féieren.

 

 

Strofvollzuch reforméieren

D’Pirate fuerderen, datt d’Méiglechkeet vun engem opgekläerten Averständnes vum Prisonéier zur medezinesch Therapie zu all Zäit garantéiert ass. D’Onofhängegkeet vun der medezinescher Virsuerg a Betreiung däerf den Interessie vun der Direktioun an dem Strofvollzuch nëmmen an aussergewéinlechen a besonnesch begrënnte Fäll ënnergeuerdent ginn. Am Sënn vun der Resozialiséierung an der Vermeidung vu Réckfäll muss den Sozialdéngscht (SCAS) personaltechnesch ausgebaut ginn a muss onofhängeg vum Strofvollzuchsbeoptraagte wierke kënnen. De Procureur dierf net méi fir de Strofvollzuch (exécution des peines) zoustänneg sinn. Mir fuerderen d’Kreatioun vun engem fir de Strofvollzuch zoustännege Riichter.