Drogepolitik
Enger opgekläerten a selbstbestëmmter Gesellschaft kann de verantwortungsbewossten Ëmgang mat süchteg-maachende Substanzen zougetraut ginn. Den Ënnerscheed tëscht erlaabten a verbuedenen Droge berout méi op Traditioun, wéi op medezineschen a wëssenschaftlechen Tatsaachen. Eng Kriminaliséierung op dëser Basis refuséiert d’Piratepartei dowéinst. D’Problematik vum Drogekonsum erschléisst sech aus dem Abus vu süchteg-maachende Substanzen – e Problem net vun der Justiz, ma vum Gesondheetssystem. Eng konsequent Opklärungs- a Suchtpräventiounsaarbecht ass de Grondstee vun enger moderner Drogepolitik.
Drogenofhängegkeet ass e medezinesche Problem
Drogenofhängeg dierfen net méi wéinst hirem Krankheetsbild kriminaliséiert ginn. Suchtverhalen ass eng Krankheet, déi behandelt muss ginn ouni, datt d’Affer aus Angscht viru Strofen op eng Behandlung verzichten. Dowéinst fuerdert d’Piratepartei, datt Persoune mat engem Suchtverhalen all medezinesch Méiglechkeet gebuede kréie fir aus eegenem Undriff d’Verhalen ofzestellen. Gläichzäiteg fuerdere mir psychologesch Berodunge wéi och sozial Aglidderungsmoossname fir Réckfäll ze vermeiden.
Legaliséierung vu Cannabis
D’Piratepartei fuerdert als Direktmoossnam e gedulte Besëtz vu Cannabis zum Eegekonsum fir Volljäreger, fir op mannst d’Kriminaliséierung vun de Cannabis-Konsumenten op en Enn ze bréngen an d’Behörden ze entlaaschten. Cannabinoidhalteg Medikamenter solle mat anere verkéiersfäege Medikamenter gläichgestallt ginn. Et läit dobäi am Ermoossensspillraum vum behandelnden Dokter, op dobäi den Echtstoff zum Asaz komme soll. D’Käschte fir d’medezinesch Behandlung si vun de Krankekeesen ze droen.