Drëtten Alter

 

Méi Altersheemer an Strukturen fir betreit Wunnen

Mir setzen eis dofir an dat jiddereen am Alter e passenden Ënnerdaach an déi néideg Betreiung kritt. Et däerf net sinn dat Mënschen am Alter net wessen wouhin. Dofir musse méi an besser Strukture fir al Léit gebaut ginn.

 

Steierklassen ofschafen

Mir setzen eis dofir an, fir d’Steierklasse komplett ofzeschafen an Familljen duerch Steierkreditter fir Kanner z’entlaaschten amplaz Witfraen a -männer respektiv gescheete Koppelen no 3 Joer duerch eng Zréckstufung ze bestrofen.

Net de Fakt bestuet ze si soll honoréiert ginn, mee de Fakt Kanner ze hunn ënnerstëtzt ginn. Des Weidere geet esou och d’Dir op fir Benevolat verstäerkt iwwert de Steiersystem ze honoréieren.

 

Neen zur Altersaarmut

D’Mindestrent un déi aktuell Wirtschaftssituatioun upassen an domat verhënneren dat Mënschen déi hiert Liewe laang zum Wuel vum Land bäigedroen hunn an d’Aarmut ofrëtschen an op der Strooss landen.